025 – [Special]: Vive! Vive! Vive!

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
025 - [Special]: Vive! Vive! Vive!
/

Un der Heemechtsfront gëtt nees gekierztRadiosendung #025 – Juni 2018
Och mir soen dräi mol Vive a fannen, dass et an Zäiten vun opkommendem Nationalismus a sech schléissenden Grenzen näischt Besseres ze dinn gëtt, wéi den Fändel ze schwenken an d’Nationalhymne ze brëllen.

Am Numm vun der Bankomatokratie an eisem léiwe Grand-Duc riicht sech de Verwaltungsrot vu Lëtzebuerg eis iwwert de Wee vun dësem Radiossender mat enger Spezialemmissioun direkt un iech, d’Vollek vu Lëtzebuerg. Den 23. Juni feiere mir dëst Land a seng Natioun. Et ass de Gebuertsdag vun eisem Beherrscher Grand-Duc Henri an domat och Är patriotesch Flicht der Heemescht dësen Dag ze widmen.

Der Nationaler Iddi zu Éieren huet Äre Verwaltungsrot Iech dës Emmissioun zesummegestalt fir Iech an Ärem lëtzebuergeschen Äiffer z’ënnerstëtzen. Als éischte kënnt d’Virsetzend vum Verwaltungsrot mat ee puer nodenkleche Wierder iwwert de Sënn an Zweck vun eiser Natioun zu Wuert. Duerno soll ee Bléck op d’Geschicht eis d’Häerzen fir dës daper Natioun opmaachen. Dann schwätzen mat den Organisateuren vu PWC iwwer d’Festivitéiten a begi mir eis mat 3 Experten an enger Fra op d’Militärparad ier mer fir den traditionellen Te Deum an d’Kathedral schalten wou d’Déckkäpp fir en Nationalfeierdags-Special zesummekomm sinn.