Den Tour laanscht de Rousegäertchen

Ausschnëtt aus der Radiossendung “Vive! Vive! Vive!”. De spannende leschte Kilometer vum Tour laanscht de Rousegäertchen inklusiv Kommentaren hei nach eng Kéier am Replay. Eis Athlet*innen hunn et der Welt mol nees sou richteg gewisen.



Einfach schued dass dëse Sport hei am Land net nach méi ënnerstetzt kritt an dat, obwuel och haut
sech nees eng sëllech Spectateuren afonnt hunn, fir hier Equipp z’ënnerstëtzen. Extrem schued och fir den Gerard Lopez, deen mer hei op der Éierentribün gesinn, deen nach extra kuerz virum Enn vu sengem Mandat richteg vill Suen a seng Equippe an virun allem an d’Equippement gestach huet.

Bleift ze betounen, dass haut nees immens vill Espoiren mat um Start woren an villäicht kann haut jo een vun deenen jonken Talenter sech behaapten, no der Grondausbildung sollten sie dei neideg Fitness hunn fir een Zeechen ze setzen. Hinnen feelt awer natirlech dei Erfahrung, vun hiren eeleren Konkurrenten, dei sech schon duerch Asaetz op ganz schweieren Terrain zu Afganistan beweisen mussten. D’Belouhnung fir dei 30 Beschtplatzeierten no dem Tour direkt a Litauen reesen ze dierfen, waert hinnen awer dei neideg Motivatioun ginn. Sou ee Camp ass dann awer Wierklech Flott, do kënnen se mat hiren Internationalen Kollegen op heichsten Niveau traineieren, waat och neideg ass, well de Russ huet och net nëmmen Alkohol an hierem Vodka.


Pressespiggel

“Großherzog Henri macht kurz vor dem Ziel schlapp” (L’essentiel, 25.06.2018)