Luxembourg’s Private Space Explorevolutionary Superfancy Asteroid Tailoring

Iwwersiicht: Opféierungen; Beschreiwung; Team; Script; Photoen; Press



Opféierungen

En Informatiounsspektakel iwwert den Space Mining.
20., 21., 23., an 24. September 2016 am Théâtre du Centaure


Space Mining

Dem Etienne säi Weltraum

Lëtzebuerg 2016. Dat ganzt Land ass houfreg a kuckt gespaant an d’Stären. Eise Wirtschaftsminister Etienne Schneider mécht eis zur Space-Mining-Natioun. Och wa mir net selwer wäerten duerch d’Galaxien düsen, wäerten et awer eis Stempele sinn, déi op Exploitatiouns-Rechter vu sympathesche Konzerner wéi “Deep Space Industries” an “Planetary Resources” matfléien. Mir sinn et, déi dofir suergen, dass de begrenzte Raum deen déi frai Maartwirtschaft op der Äerd huet endlech ob den onbegrenzten Weltraum ausgeweit ka ginn. Mat der Erlaabnis vu Lëtzebuerg däerf lo alles, wat ursprénglech der UN no “der ganzer Mënschheet” zegutt komme sollt vu Google-, Amazon- a Virgin-Leit ofgebaut a matgeholl ginn.

An sengem drëtte Theaterstéck an der Serie “Onkritiséiert Knaschtereien aus Lëtzebuerg mat globalem Impakt” (No engem Stéck iwwert de Freeport an den Nationbranding) hëlt Richtung22 lo den “Space-Mining” op d’Bühn am Théâtre du Centaure. Am Stéck mam Titel “Luxembourg’s Private Space Explorevolutionary Superfancy Asteroid Tailoring” kommen souwuel eis Politiker*innen aus der Chamber, déi Vereenten Natiounen, déi national an international Press, déi innovativ Weltraumfirmen, eisen interplanetareschen Wirtschaftsminister a seng Beroder zu Wuert.


Team

Gruppephoto Space Mining Richtung22

Schauspiller*innen: Text
Natascha Ewert
Anne Gillen
Lisa Folschette
Fabrice Hermann
Raphael Lemaire
Yannick Maurice
Philippe Meyrer
Roxanne Peguet
Lars Schmitz
Maurice Sinner
Tessie Jakobs, Lars Schmitz, Maurice Sinner
Design
Anne Gillen
Luucht- an Tounregie
Lucie Wahl
Luucht
Antoine Colla

Script

Schneider:Wonnerbar, der kritt all ee MoU vu mir. Voila, hei een MoU un Deep space Industries, hei een fir Planetary Resources. Ween hätt nach gär ee Public-Private-Partnership, ee PPP? Oder soll ech d’Uni ustellen nach iergendeppes fir iech ze man?
DSI: Etienne, eis gouf eppes versprach…
Schneider: Suen, braucht dir Suen, ma da sot dat dach direkt. Do ass bestemmt een Trick mat der ESA méiglech. Mir zweigen d’Letzebuerger Kontributioun un d’ESA einfach of, an investéieren déi öffentlech Gelder an är Projeten. Wéi kléngt dat? […] PR: Sue sinn just Symbolik, Etienne, mir komme wéinst eppes aneschtem. […] Et geet em de Geschäftsmodell vu Letzebuerg, de Grond firwat all Firma u Letzebuerg interesséiert ass.
Schneider: Ech komme grad net drop.
DSI: E Gesetz, Etienne, ee Gesetz.[…]Luxembourg's Private Space Explorevolutionary Superfancy Asteroid Tailoring

Komplette Script mat Quellen hei eroflueden (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Photoen


Pressespiggel

“Richtung22 pas convaincu” (Quotidien, 12.09.2016)
“Tricksereien made in Luxembourg” (Wort, 21.09.2016)
“Onkritiséiert Knaschtereien aus Lëtzebuerg” (RTL, 29.09.2016)
“How a tax haven is leading the race to privatise space” (The Guardian, 15.09.2017)


Affiche Nation Branding Luxembourg