
/
RSS Feed
Den 02.07. huet d’Barbara Place de la Résistance zu Esch besat. Vun 14 Auer un gouf eng 22-Stonnen Ried gehalen déi live op Radio Art Zone iwwerdroen gouf.
An der virleschter Stonn vun der 22-Stonnen-Ried molt d’Barbara eis e Bild vun der Zukunft vun Esch. Hat liest eis Texter vum Site quartieralzette.lu vir, an deene beschriwwe gëtt, wat op der Friche Esch-Scheffleng fir e Quartier entstoe soll. Dobai analyséiert hat, wat hannert den eidele Wierder vum corporate Flavortext stëcht. Ausserdeem gëtt hat eis Hannergrond-Infoen dozou, wiem deen Terrain gehéiert, gehéiere wäert a gehéiere soll.