“Kolonialpionéier” Cito hanner Gitter bréngen!

Verhülltent Cito-Monument zu KäerjengDe sougenannten “Kolonialpionéier” Nicolas Cito, deen zu Käerjeng mat engem Monument geéiert gëtt, ass lo hanner Gitter.

Ausgeléist duerch déi rezent Black Lives Matter Protester an den USA ginn iwwerall an Europa Kolonial-Monumenter hannerfrot. Den europäesche Kolonialismus ass mat déi bedeitendst Wuerzel vu Rassismus.

Lëtzebuerg däerf sech net senger Verantwortung entzéien. Net just de belsche Kinnek Leopold II, mee och eng Rei Lëtzebuerger waren op Schlësselpositioune fir Onrecht, Ausbeutung a Verbriechen am sougenannten “belsche Kongo” responsabel.
Den Nicolas Cito, Chef-Ingenieur vum Bau vun enger Zuchstreck (1889 – 1892), dréit d’Verantwortung fir den Dout vun dausende kolonial Zwangsaarbechter. De Nicolas Grang, no deem eng Strooss zu Bëschrued benannt ass, huet als Offizéier bei der sougenannten “Erschléissung” vum Kongo eng Rei Massaker un der lokaler Bevëlkerung begaangen. De François Wenner huet als Gouverneur kongolesesch Kulturgidder an Europa transferéiere gelooss. De Gérard Cravatte war aktiv bedeelegt, fir déi éischte gewielte Regierung ënnert dem Patrice Lumumba no der Onofhängegkeet an arméiert Konflikter ze zéien a scheiteren ze loossen…

Mat der Ëmgestaltung vum Monument fir den Nicolas Cito wëlle mir dozou bäidroen endlech eng europäesch Erënnerungskultur z’etabléieren, an där Schwaarz Liewen zielen.



Hannergrënn

Den Nicolas Cito, 1866 zu Käerjeng gebuer, ass 1892 als Ingenieur am Kongo ukomm. De Kongo gouf dee Moment an Europa als Privatkolonie vum belsche Kinnek Leopold II ugesinn an gouf haaptsächlech iwwert Konzerner kontrolléiert an ausgebeut. D’Joeren tëscht 1888 an 1908 gëllen als Epoch vu kompletter Ënnerwerfung an Deziméierung vun der kongolescher Bevëlkerung, déi haaptsächlech zum Ofbau vum gefroten Kautschuk gezwonge gouf – 10 Mio. Mënschen sinn ëmkomm. Fir de Kautschuk fir den Export bis un d’Mier ze bréngen goufen Eisebunnslinne gebraucht. Dëst wor dem Nicolas Cito säi Metier, deen 1898 mat der Leedung vum Bau vun der Linn Matadi – Léopoldville (haut Kinshasa) ufänkt an duerno an diversen Direktersposten d’Responsabilitéit fir Eisebunnsgesellschaften am Kongo iwwerhëllt. D’Eisebunnslinnen ginn zum Symbol vun der Organisatioun vun der Infrastruktur vum Kongo no reng wirtschaftlechen Interessen.

Éischt Lokomotive déi zu Leopoldville 1898 ukomm ass

Den Historiker Régis Moes geet am Detail op den Personnage Nicolas Cito an: “Cito qui devait devenir par après le plus influent personnage du monde colonial luxembourgeois, aimait décrire le chantier du chemin de fer comme « une longue et continuelle lutte ». […] Ce nombre de 145 Européens tués est bien entendu dérisoire face au tribut humain payé par les ouvriers chinois et africains, recrutés non pas au Congo mais sur toutes les côtes du continent: même si les historiens discutent les chiffres, on peut estimer que sur les 7000 travailleurs, uniquement 1500 survécurent. Il y eut donc un ouvrier tué pour 50 m de rail. Dans ses récits sur les travaux de la voie de chemin de fer, Cito n’évoque jamais cette hécatombe, même s’il lui arrive d’évoquer les difficultés d’approvisionnement en nourriture et les difficultés de loger tout le personnel africain.” (MOES, Régis 2012: “Cette colonie qui nous appartient un peu”)


Pressespiggel

“Aktion gegen Denkmal in Niederkerschen” (Wort, 15.06.2020)
“«Kolonialpionier» wird in Käerjeng eingesperrt” (L’essentiel, 15.06.2020)
“Artists demand Luxembourg reckons with past” (LuxTimes, 15.06.2020)
“Mémoire : Boulonnons nouveau” (WOXX, 18.06.2020)


Käerjeng Cito Monument by night