Kompetenz am Kulturministère?

Nagel_Arendt_01Pressecommuniqué 16.12.2015

Et ass keng Noutléisung, déi d’Regierung lo fir d’Besetzung vum Posten vum Kulturminister präsentéiert – mä et ass eng konsequent Décisioun fir déi, ënnert dem Maggy Nagel, ugefaange Strategie vum Embau a vum “Notzbarmaache” vun der Kultur hei am Land an déi nächst Phase ze bréngen.

Dass de Staatsminister lo och Kulturminister ass, soll symbolesch virtäuschen, dass dëst Land Kultur seriö hëllt – ee klassesche PR-Trick. Wat der Regierung d’Kultur wierklech bedeit, gesi mer am Staatsbudget, dee grad an der Chamber debattéiert gëtt. Reng praktesch gesinn verléiert d’Kultur de Ministerposten a fällt op de Level vum Staatssekretär zeréck.

Wéi eng Kulturpolitik ass z’erwaarden?

Dës Regierung gesäit Kulturpolitik engersäits als Mëttel fir den Image vum Land ze verbesseren an anerersäits als Moyen, fir der neier Clientèle, den High-Net-Worth-Individuals, hei zu Lëtzebuerg déi neideg Héichkultur als Divertissement ze bidden.
Kulturpolitik ass, fir dës Regierung an hier Koleeg*innen aus de Berodungsfirmen, Standuertpolitik an een Instrument fir de Nationbranding. Mam Guy “Panama” Arendt kënnt lo ee Mann an de Ministère, dee genee weess, wat mat Hëllef vu Kultur an Zukunft verstoppt gi soll: de parasitären Businessmodell vun dësem Land.

“Kompetenz” gëtt also grouss geschriwwen an ass natirlech och méi wichteg wéi d’Quot, fir déi dës Regierung eigentlech och kämpfe wollt. (Usech gouf et hei am Land zimmlech vill kompetent Fraen fir de Posten vun der Kulturministesch. Tragescherweis wollt d’Regierung hei awer léiwer iwwer d’Kompetenz an der Steiervermeidung schwätzen – déi ass historesch gesinn zimmlech männerdominéiert).

Kultur als Oflenkung – dat funktionéiert am Beschten wann et blénkt, glitzert, prestigiéis an international ass. Net ouni Grond ënnerstinn d’Medien an de Filmfong scho vun Ufank un dem Staatsministère. Zu Cannes, bei den Oscaren a mat all deene neien Institutioune (Filmakademie, Filmpräiss, Filmfestival) gëtt net un engem neie Standbeen fir d’Economie gebastelt, mä et handelt sech em eng “kreativ, kënschtleresch wäertvoll” Tarnung fir weiderzemaachen wéi virdrun.

Wee sech lo Kultur fir d’Leit wënscht, eng Konschtszene net als PR-Konzept a Konschtwierker net als Spekulatiounsobjet gesäit, dee muss also waarden bis déi Gréng oder d’LSAP an der Regierung sinn. Villäicht ass dee Moment jo och souguer d’Fraequote bei der Besetzung vu Ministerien wichteg.