Juchu, den Etienne privatiséiert de Weltraum.

Pressecommuniqué

Op een Neits konnt sech de Wirtschaftsminister Etienne Schneider (DP) dëse Weekend als visionären Eruewerer vum Universum weisen. Lëtzebuerg kritt lo eng Weltraum-Agence fir de Space-Mining ze verwalten an eist Weltraumgesetz ass endlech fäerdeg. Richtung22 ka genee wéi de Recht vum Ländchen d’Gléck kaum faassen. Och mir si beandrockt vun de Superlativer, vun der falscher Metapher mat de Fësch fir de Gesetzestext z’erklären a vun den 2-3 Sci-Fi Referenzen. Natierlech wëlle mir op kee Fall zu deenen fortschrëttsfeindlechen Provënz-Heinie gehéieren, déi dës visionär Pläng lo kritiséiere géifen. Mir loossen eis léiwer brav zesumme mat der Press an der Ëffentlechkeet ronderëm dem Etienne Schneider säin intergalaktesche Fanger wéckelen.

Hei hu mer dowéinst e puer Themen a Froen gesammelt, ronderëm déi mir als groussaarteg Weltraumnatioun an Zukunft e grousse Bou schloen sollten:
– Déi Vereenten Natiounen: De Weltraum a seng Ressourcë solle laut dem “Outer Space Act” der ganzer Mënschheet zegutt kommen (dat ass naiv a Kommunismus).
– Déi ëffentlech a wëssenschaftlech Weltraumfahrt. Mir ënnerstëtzen léiwer Milliardären bei hire visionären Ziler, sech selwer zu Billionären ze maachen.
– Wat Lëtzebuerg eigentlech dovunner huet. Majo dat déi ganz Mënschheet eis dofir bewonnere wäert, dat mir de Weltraum verkaf hunn. An 2-3 Aarbechtsplazen. An ebe Scholden, well mer fir déi Schied opkomme mussen, déi déi Firmen uriichten.
– Wuesstemskritik. D’Welt huet net genuch Ressourcen, mir brauche vill méi. Ween dat kritiséiert ass entweder Sozialist*in, oder bei deene Gréngen – an sou Leit hunn an der Regierung näischt verluer.

Richtung22 wäert sech jiddwerfalls fir eng Plaz an der neier Weltraum-Agence mellen. Als Qualifikatioun ass do blannt a gewësselost Ofstempele vu Gesetzestexter gefrot a mir siche jo souwiesou grad sécher Aarbechtsplaze fir Kënschtler*innen. An der neier Agence wäerte mir de Konzerner a gudder lëtzebuerger “Steierbüro 6”-Manéier all Wonsch vun de Lëpsen ofliesen. Dat soll lo awer net heeschen, dat et deene Konzerner just ëm d’Fräifaartsschäiner (“Gesetzer”) geet, déi sinn sech hei selwer schreiwe kënnen. De Space-Mining ass vill méi. Lëtzebuerg ass jo och vill méi wéi eng Finanzplaz.

Fir ze weisen, dat mir et mat eisem Luef Eescht mengen, hu mer souguer een Theaterstéck gemaach.
space-mining-fail_01
Bild vun mëssgléckte Start vun enger Space X “Falcon 9” Trägerrakéit Ufank September 2016. Den lëtzebuerger Militärsatellit “Gov Sat” sollt Mëtt 2017 mat enger nämlechter Rakéit an den Orbit beschoss ginn.