Zine06: Rop op d’Bühn (2025)


Eist sechst “Zine” (Kuerzform vu Magazine) fir den 8. Mäerz kann hei rofgeluede ginn oder an eisem Atelier am Bâtiment4 zu Esch ofgeholl ginn.



Zousätzlech Dokumenter

Diversitäts- und Bedarfsfragebogen für Theaterprojekte
Accessibility Reader für Theater- und Performancestätten


Intro

Déi lëtzebuergesch Theaterszeen ass vu wäisse, kapitalistesch patriarchale Muechtstrukturen geprägt an huet sech an de läschte Joer nach net genuch verännert.

D’Schauspillerin Céline Camara rifft an eisem Interview d’Theaterwelt dozou op, endlech iwwer Rassismus ze schwätzen, Responsabilitéit géigeniwwer Diskriminéierunge vu People of Colour ze iwwerhuelen a Strukturen opzebauen, déi opkläre kënnen. Si huet eis gezielt, wéi een léiere kann, am richtege Moment nee ze soen, seng Grenzen ze spieren, a wéi mir eis eegen Theaterpraxis a White Fragility kritesch hannerfroe kënnen. Mat der Schauspillerin an ASPRO-Vizepräsidentin Nora Koenig hu mir iwwer Aarbechtsprékaritéit geschwat an iwwer intern Muechtabusen. Wéi kënne mer finanziell iwwerliewen, ouni e Burnout ze kréien? Wéi gëtt diskutéiert a wat gëtt konkret ëmgesat?

D’Jennifer Lopes Santos vum Papaya Seeds Collective deelt hir Erfarungen als Schwaarz Fra a Kënschtlerin zu Lëtzebuerg, wéi si vu lëtzebuergeschen Institutiounen als Token benotzt gouf an dat refuséiert huet. Zum Elitarismus an Klassismus äußert sech och nach Gabriel.le Taillefert, Performancekënschtler*in, Schauspiller*in a Richtung22-Member. Wéi ginn zu Lëtzebuerg Minoritéiten representéiert, wéi eng Sprooch gëtt am Theater benotzt a fir ween sinn d’Stécker geduecht?
D’Sara Goerres, Regieassistentin a Regisseurin, huet mat eis iwwer Hierarchien geschwat, rifft zu méi Solidaritéit op a bléckt an eng Zukunft vum Theater, an der méi Plaz fir all Mënsch ass.

Mam Clio Van Aerde, Szenografin, Performancekënschtlerin an ASPRO Member, hu mer iwwer Nohaltegkeet geschwat an d’Professionaliséierung vun de lëtzebuergeschen Theater. Si huet eis och en Iwwerbléck iwwer d’Aktivitéiten vun der ASPRO ginn. A fir mat all dëse Formen vun Ennerdréckung an onflexibele Mënschen un der Spëtzt net de courage ze verléieren, hu mer Ulafstelle gesammelt, wou een*t sech organiséiere kann an Hëllef kritt.

Mir wëllen a mussen aus desen ënnerdreckende Muechtstrukturen ausbriechen, fir nei Utopien auszeliewen. Déi lëtzebuergesch Theaterwelt muss net sou bleiwen, wéi se ass! Mat kollektive solidareschen Aktiounen kënne mer vill erreechen. Wéi kann et sinn, dass bekannte problematesch Leit weider an der Theaterwelt bleiwen, an dass sou vill Mënschen Angscht hunn, iwwer Iwwergrëffer ëffentlech ze schwätzen? Wéi kënne mer konkret géint Muechtmëssbrauch a sexuell Iwwergrëffer virgoen? D’Nora Koenig deelt hir Konsens-Strategie mat eis a rifft seng Koleeg*innen zur Selbstreflektioun op.

An enger kapitalistescher neo-liberaler Gesellschaft verléiere vill Mënschen hire Bezuch zum eegene Kierper an Narrativ. Theater a Performance kënnen eis erlaaben, een aneren Zougank dozou ze fannen. D’Jennifer Lopes Santos hannerfreet Pseudo-Dekolonialismus a kapitalistesch Strukturen, a wéi een als Schwaarz, queer, aktivistesch Persoun zu Lëtzebuerg iwwerhaapt schaffen a Konscht maache kann. Gabriel.le Taillefert gräift ob Strategien vun der Theater- a Konschttherapie zeréck, fir en transparent a séchert Emfeld ze schafen, an deem mental Krankheete gesinn a respektéiert ginn. D’Clio Van Aerde erzielt vun engem engleschen Theater zu Ipswich, deen utopesch Praxen austest. Wéi kaan een Daten zu Diskriminéierung sammelen? Wéi kann een als Institutioun op ënnerschidlech Bedürfnisser oppassen a sécher Räim fir jidereen*t schaafen?

Oft bleiwe Froen vu Care un deenen hänken, déi manner priviligéiert sinn. Extern Initiativen wéi Intimacy Coordination kënnen d’Vulnerabilitéit vum Kierper respektéieren a ginn der Verhandlung vu Konsens no. Mat Konzepter wéi “Access Riders”, “Relaxed Theater” an “Aesthetics of Access” kënnen nei Forme vun Theater ëmgesat ginn, déi méi fräi a manner limitéiert a kapitalistesch sinn. Heizou hunn zwou Expertinnen aus England an Däitschland, d’Georgie Taylor an d’Irina Loosli, fir eis Texter geschriwwen.

An eise Fuerderungen formuléiere mir kloer Usäz fir strukturell Verwandlungen. Mir hu laang genuch ënnert dem aktuellen System gelidden. Et gëtt Zäit, d’Bün ze stiermen an de Rideau fir eng nei Utopie opzemaachen!