Ons Identitéit – Mir hu se fonnt

Iwwersiicht: Produktiounsinformatiounen; Beschreiwung; Biller aus dem Film; Team; Trailer; Script; Photos; Press



Produktiounsinformatiounen

Produktioun: Lëtzebuerg 2010
Längt: 50 min.
Sproochen: lëtzeguergesch, auslännesch.


Plakat Ons Identitéit

Ons Identitéit – Mir hu se fonnt

„Mir, d’Lëtzebuerger verléieren eis national Identitéit. Mir loossen eis ënnerbottere vun de Belsch, de Preisen an den Heckefransousen. D’Portugiisen huelen eis Aarbecht fort, d’Hollänner eise Fändel an d’Kosovo-Albaner eis Handyen! Esou kann dat net weidergoen. Dofir präsentéiere mir Iech elo dëse Film. Ee Film deen Iech weist, wat et heescht Lëtzebuerger ze sinn, e Film, deen Iech weist wourop der kënnt stolz sinn!“

De Film iwwer déi Lëtzebuerger, déi endlech mol konsequent handelen. Am Numm vum Grand-Duc, dem Béier an dem nationalen Wuelstand, deen et geint d’Auslänner ze verteidegen gëllt, versicht ee Grupp houfreg Lëtzebuerger d’Delokalisatioun vun hierem Nationalgedrecks réckgängeg ze maan, an dobäi endlech Lëtzebuerg de Lëtzebuerger zeréck ze ginn.

Dës Polit-Satir verstoppt hannert enger lëschteger Facade d’Fro ob et soueppes wei eng national Identitéit iwwerhaapt gëtt.


Biller aus dem Film


Team

SCHAUSPILLER*INNEN (opklappen)

Schauspiller*innen:
Fabrice Bernard Ed aus der Reklamm
Jos Zänner (BRP)
Katharina Bintz Muselina
Marc Gerard Lëtzebierger um Feld
Michelle Hollman Café-Gastiane
Anna Katina Noriichtespriecherin
Xenia Katina Noriichtespriecherin
Anne Klein Ausseministesch
Jean Krier Lëtzebierger um Feld
Luc Lamesch Wirtsen Emil
Konstantin Rommelfangen Misch aus der Reklamm
Finanzminister
Jacques Schiltz Inbrüüsch-Virsëtzenden
Café-Gast 1
Patriot
Lëtzebierger um Feld
Intellektuellen 1
Grand-Duc
Frederik Schlechter Transportminister
Lars Schmitz Café Gast 2
Intellektuellen 2
Wirtschaftsminister
Rick Schmitz Aktionär
Patriot
Lëtzebierger um Feld
Tom Schmitz Aktionär
Befreiungskämpfer
Yves Schmitz Aktionär
Patriot
Lëtzebierger um Feld
Gilles Seyler Aktionär

PRODUKTIOUNS-TEAM (opklappen)
Team
Text Jacques Schiltz
Lars Schmitz
Tom Schmitz
Kamera Naja…
Toun Katharina Bintz
Jacques Schiltz
Set Sarah Schlechter
Lars Schmitz
Luucht Marc Gerard
Lars Schmitz
Mask Muselina Xenia Katina
Sound Sacha Hack
Schnëtt Lars Schmitz
Gesank Jacques Schiltz
Luc Lamesch
Julie Kieffer
Nic Werdel
Musek Jacques Schiltz


Making-Of Photoen


Trailer


Script

Wirtsen Emil: Dir Lëtzebuerger ët geet lass,
Bauer 1: De Paak dee gëtt haut räusgeschmass,
Bauer 2: Ab haut regéiert Siegfrieds Rass, dir Lëtzebuerger – et geet lass!
All: Gitt zréck a Frankräich, Belgie, Preisen,
Mir wäerten Iech de Meeschter weisen
Loost eis no alle Säite brëllen
Mir kënne maache wat mir wëllenOns Identitéit - Mir hu se fonnt

Komplette Script hei eroflueden (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Première 13.11.2010

D’Première den 13. November 2010 am Ciné Sura wor ee groussen a patrioteschen Succès. All daper Matstreider*in kruut um Enn vun der Virstellung eng Fläsch Lëtzebéier ausgedeelt a fir de Kampf ëm ons Identitéit weider feieren ze kënnen ass dëse Film nach e puer weider Kéieren am Ciné Sura (also direkt un der preisecher Grenz) gelaf. Mir soen dem Ciné Sura Merci fir hier onageschränkten Ennerstëtzung.


Kritiken an der Press

– Am Duerf ginn d’Luuchten ausgemaach (Feierkrop, 10.12.2010)
– Ons Identitéit – Die Entstehungsgeschichte einer Internetsensation (Wort, 11.12.2010)
– Crise d’indentité (Le Quotidien, 29.12.2010)
– Am Stammtisch ein Löwe (Revue, Januer 2011 [1], [2], [3])
– Ons Identitéit: Filmpremière zu Iechternach (RTL, 08.11.2010)


Szeen aus dem Film: Patrioten rennen duerch d'Feld