Lëtzebuerg kritt e Maskottchen

Um “Creathon” soutzen kreativ Käpp zesumme fir eisem Land eng nei visuell Identitéit ze verschafen. Den Nation Branding ass eng vun de Prioritéiten vun eiser Regierung (mat entspriechender finanzieller Ennerstëtzung, wat een glécklecherweis virun allem um Buffet vum Creathon mierkt).

Richtung22, e jonke Kollektiv vun PR-Beroder*innen, ass natierlech mat op der Plaz fir dem Land dësen Déngscht z’erweisen.

“D’Zil vun dësem Creathon ass et, Lëtzebuerg méi sympathesch ze maachen, eben ouni eppes ze änneren” sou de Propagandaspezialist Maurice vun R22. “Amplaz also mat lächerlechen Oflenkungsmanöver d’Identitéit vum Land als sécheren Hafen fir Supperräicher a Konzerner ze verstoppen hu mer eis iwwerluecht, dat ee roueg op dëse Bad-Boy-Image setzen an houfreg drop si kann. Et ginn ëmmerhin net sou vill Länner, déi z.B. IKEA beim Spuere vun 1 Milliard Steiere gehollef hunn”.

Lëtzebuerg kritt dowéinst lo ee Maskottchen, de Këschti, déi frëndlech Bréifkëscht. De Këschti a säi Frënd de Ruly, de sympatheschen Tax-Ruling, hëllefen wou se nëmme kënnen.

Hei fannt Dir den offizielle Präsentatiounsvideo:


De Creathon

Le Comité Nation Branding invite à porter un regard multidisciplinaire sur l’identité du Luxembourg et souhaite rassembler des profils très différents pour innover sur la question lors d’un weekend créatif.

Ouverture, dynamisme, fiabilité. Ces trois valeurs de référence du Luxembourg sont le résultat d’un processus participatif auquel a contribué l’ensemble des acteurs de la société luxembourgeoise. Comment traduire en symboles l’identité du Luxembourg? Le pays a-t-il besoin d’exprimer ses valeurs à travers un nouveau logo? Ou plutôt d’un slogan pour exprimer en mots sa personnalité?[…] Ministère de l'Économie

Oppen an partizipativ – sou kenne mer eis Regierung jo. Richtung22 huet et sech beim Opruff vum Economies-Ministère fir matzehëllefen dem Land eng (nei?) Identitéit ze verschafen natirlech net fléiwe gelooss. Mir hunn eis ugemellt an duerfte matmaachen.

R22-Bewerbungsmail fir de Creathon
Léift Nation Branding / Creathon Team,

Heimat melle mir eis (+/- 4 Persounen vun eis, selbstverständlech “a titre personell”, sou wéi déi aner Organisatiounen et och maachen, wann se hier Leit getarnt dohinner schécken wëllen) fir de “Creathon” de 4.-5. Mäerz un. Mir wëllen onbedéngt mathëllefen Lëtzebuerg dat visuellt Konzept ze ginn, dat dëst Ländchen a seng Bankeplaz verdéngen.
Mir bidden Iech geballt Kompetenz, an zwar aus alle Beräicher, déi der an ärer immens diverser Lëscht hutt – ausser “chef d’entreprises” an “citoyens intéressés”. Dir kënnt eis also en detailéierte Profil-Wonsch eraschécken.
– Artisten: Hu mer dobäi, kann een net wierklech gebrauchen, mä dat mécht sech ëmmer gutt, a verharmlost den eigentlechen But hannert der Saach.
– Graphisten: Hu mer och, mir hu souguer Leit am Grupp, dei InDesign KAF hunn)
– Designeren: Dat sinn déi, déi Kënschtler*inne gi wollten an awer eppes verdénge wollten, gell? Ass dat net eng Iwwerkategorie vu “Graphiker”?
– Cinéasten: Mir lueden gären a vill Filmer rof, natierlech nëmme legal!
– Historiker: Mir hunn der vun däer Zort, déi tatsächlech och der Meenung sinn, dass et lëtzebuerger Kollaborateure goufen – well Der däer, oder sidd der aus PR-Grënn éischter un engem à la Barthel interesséiert?
– Soziologen: Hu mer der direkt e puer, mee woufir braucht er déi? Stellt Iech fir déi kommen a stellen alles a Fro.
– Informatiker: Hu mer der zwee, mee déi nerven mega, schwätzen net vill an ernähre sech schlecht. Wëllt Der sou Leit wierklech do hunn?
– Chefs d’entreprise: FAIL —> Mä sou eng Bréifboîte ass séier opgemaach, hei am Land gëtt et sécher vill Hëllef, wa mer sou eng Entreprise grënne wéilten.
– Journalisten: Dir wëllt d’Press abannen, fir datt se involvéiert ass an herno net kritesch driwwer beriicht? Clever, mir hunn däer bëlleg Freelance-Journalist*inne fir iech!
– Communicateuren: Dat si mer op alle Fall, kuckt, wéi professionell mer hei mat Iech kommunizéieren a wéi mer Är Äntwert herno un d’Press weiderkommunizéiere wäerten.
– Consultants: Dat ass déi eigentlech Zilgrupp, gell? Brénge mer mat, ass jo een zimlech dehnbare Begrëff.
– Jonk Talenter: Hu mer net, mä mer probéieren der bis dohin ze fannen, noutfalls melle mer eis beim Luc Spada.
– Citoyens intéressés: FAIL —> Mä: mir ëmfroen eis. Géifen alternativ och “Wutbürger*innen” duergoen?
Mir sinn deemno perfekt geeegnet fir alles, wat dir wëlles hutt. Hei dann nach eise kuerze Paragraph fir eis Motivatioun ze beschreiwen.
1) Mir kennen eis WIERKLECH mat deem Thema aus, hunn ALL dem Simon Anholt seng Riede gekuckt, wëssen ween den Wally Ollins ass, wëssen souguer, dass et beim Nation Branding guer net drëm geet ee “Visuell” ze schafen a fannen et dofir em sou méi interessant, dass Dir dat lo probéiert.
2) Mir si grouss Fans vu Propaganda! A mir sinn Fans dovun, d’Leit mat schéine Biller an onwichtegen Niewenhandlungen ofzelenken. Eisen absoluten Liibling ass do de Xavier Bettel, a mir hätte suguer besser Medieberoder zur Säit wéi hien, fir de Leit ze weisen, dass mir an hirem Interêt handelen.
3) Mir hu scho kreativ Proposen gemaach an aktiv um Image vum Land geschafft. Mir inspiréieren eis generell un der PR-Campagne “LuxLeaks” a mengen, dass do nach vill ze maachen ass. Eis Virschléi hunn et e.a. an d’New York Times gepackt an do wor d’Photo vun eisem Member méi grouss dran wéi déi vum Regierungsmember.
4) Mir hu Lëtzebuerg wierklech gär! Also net sou wéi een Persounen gär huet, oder wéi een zum Beispill Saachen gär huet, déi wichteg sin. Mä ebe genee sou wéi Leit, déi soe se hätten “e Land gär”, aus dem Grond, well et “net een anert Land” ass. Voilà.
Mir hoffen, dass dëst Iech iwwerzeege konnt, stinn vir all weider Fro zur Verfügung a freeën eis op eng offiziell Invitatioun.
Richtung22
P.S.: Mir géife WIERKLECH kommen.
P:P:S.: Mir wonneren eis éischter, dass Dir nach net vum selwen drop komm sidd eis z’invitéieren.

Um Creathon vum lëtzebuerger Nation Branding gouf laang diskutéiert, Zil wor et “sympathesch ginn, ouni eppes ze änneren”. Dëst Resultat mécht all Mënsch glécklech. Lëtzebuerg kritt e Maskottchen.



Pressespiggel

“Ee Maskottche fir Lëtzebuerg” (100komma7, 06.03.2016)
“Nation Branding Lëtzebuerg: Créathon” (RTL, 05.03.2016)
“The Creathon has delivered the first leads to express the differentiating characteristics of the country” – Presentatioun vum Këscht ab Minutt 13:00 (Public.lu, 02.10.2016)