Kultur an d’Verfassung

Kultur sollt als Staatszil an der Verfassung verankert ginn, d.h.:
– déi aktuell Sectioun 4 (“Des objectifs à valeur constitutionnelle”) vu Kapitel 2 sollt ëm ee weideren Artikel, respektiv ëm ee weideren Punkt vun Artikel 42 vergréissert ginn. Méiglech wier et, eng Formulatioun am Sënn vun “De Staat schützt a fördert d’Kultur” anzebauen.
– Donieft sollt och dat an der zweeter Sektioun vum Kapitel 2 bei der Erwänung vun der Meenungsfräiheet a Pressefräiheet am Artikel 23 d’Konschtfräiheet festgeschriwwen ginn.
– Een “Recht op Konscht a Kultur”, och als Recht u Kultur deelzehuelen, sollt zousätzlech am zweeten Kapitel vun der Verfassung eng Plaz fannen.Propose vu Richtung22
[Update 09.03.2022 – éischte Vote an der Chamber]

Section 4. – Des objectifs à valeur constitutionnelle

Art. 31quinquies. L’Etat garantit l’accès à la culture et le droit à l’épanouissement culturel.
L’Etat promeut la protection du patrimoine cultureText an der neier Verfassung


Presentatioun an der Chamber 09.07.2016

Richtung22 wor den 8. Juli 2016 an d’Chamber invitéiert an huet do den Virschlag presentéiert d’Recht op den Accès op Konscht, souwéi d’Fërderung an de Schutz vu Konscht a Kultur an der Verfassung ze verankeren.

Natierlech ass eise Virschlag zimlech problematesch, well et keng Diskussioun ëm de Kulturbegrëff zu Lëtzebuerg gëtt, an hei Konscht gären fir all Méigleches mëssbraucht gëtt (Nation Branding, Bettel-Show, Leedkultur…). Mä firwat net Saachen an d’Verfassung schreiwen, déi weisen, dat Lëtzebuerg och ganz anescht si kéint – an d’Regierung zu enger richteger Kulturpolitik verpflichten?


Kompletten Text vun der Interventioun
(an der Chamber gouf eng liicht gekierzten Versioun virgedroen)

“Mir hunn e Virschlag agereecht, fir d’Kultur als Staatszil an der Verfassung ze verankeren, well mir eis eng Verfassung wënschen, déi anescht ausgeriicht ass, wéi dat am Moment de Fall ass.

Mir gesinn awer elo de Problem, dass des Chamber an d’lëtzebuerger Politik generell eng immens vague Definitioun vu “Kultur” als Basis fir hier Aarbecht huelen an domat all konkret Verantwortung evitéieren.

Sou huet de Kulturstaatssekretär Guy Arendt d’Kultur mat de mëttlerweil legendäre Wierder beschriwwen: “Kultur ass alles”. Wa Kultur alles ass, wëlle mer dann elo alles an d’Verfassung schreiwen?
Gläichzäiteg gëtt schonn op anere Plazen an der Verfassung versicht, d’Kultur anzebauen an zwar als Hymne a Fändel, Sprooch a Grand-Duc, als eng Zort eenheetlech, reaktionär, national Leedkultur.
Drëttens liese mer am eenzege Wahlprogramm, an deem d’Fuerderung vu Kultur als Staatszil steet: “Kultur muss als zentraler Faktor für Imageentwicklung eines Landes angesehen werden. Eine zeitgemäße Kulturpolitik und ein vielfältiges Kulturangebot gelten als Standortfaktor für die Ansiedlung neuer Unternehmen, als Motor bei der Schaffung von Arbeitsplätzen und als Magnet für die Anziehung hochqualifizierter Arbeitskräfte sowie als Grundlage für die touristische Entwicklung Luxemburgs.” (Mir loossen iech roden, wéi eng Partei dat gesot huet…)
Véiertens gesi mer unhand vun de kulturpoliteschen Entscheedungen, wat Kultur an der Praxis zu Lëtzebuerg heescht:
– Et heescht Consomatioun amplaz Kreatioun. Eis grouss Haiser sollen de Kader bidden, fir dass mir bedeitend Produktiounen aus dem Ausland op Lëtzebuerg lackele kënnen, wat e parasitärt Verständnis vu Kulturpolitik ass.
– Et heescht, dat d’Kulturpolitik handlungsonfäeg ass well haut 86% vum Kulturbudget direkt u grouss Institutiounen ginn an Investitiounen just a Gebaier an Administratioune fléissen.
– Et heescht, dass kënschtleresch Innovatioun, d’Fërderung an domat och de Schutz vu Subkultur, Nischenkultur an alternative Konschtformen net zu den Aufgaben vun enger Kulturpolitik gehéieren.

Fënneftens gëtt dann och nach TNS-Ilres beoptragt, fir d’Leit mat e puer allgemenge Froen zur Kultur ze belästegen (D’Resultat setzt jo haut mat eis an der Chamber – Serge, wénk den Deputéierten emol) – an dat just, fir dass de Premier der Press soe kann “Mir hunn eng Kulturzeen”.

Wat heescht also Kultur fir iech? An wat géif dat fir d’Politik konkret bedeiten, d’Kultur zu Lëtzebuerg an d’Verfassung ze schreiwen? Geet et iech em Nation Branding, d’Politiker*inneprofiléierung oder Standuertpolitik? Oder wollt der einfach just hei iwwert dëst Thema schwätzen, fir ze weisen, wéi partizipativ d’Verfassungsreform ass?

Wann elo, trotz dësen Onkloerheeten ronderëm de Kulturbegreff an dem Fehlen vun enger richteger Kulturpolitik zu Lëtzebuerg, an d’Verfassung geschriwwe gëtt, dass de Staat Kultur schützt a fërdert, dann ass dat also net d’Unerkennung an d’Festegung vun eppes, wat do ass. Et wier awer de Startpunkt fir eng grouss gesellschaftlech, politesch a souguer juristesch Diskussioun.

Et kéint dann nämlech op ee mol vill méi bedeiten, an zwar:
– Dass mer iwwerzeegt sinn, dass, wéi et an der UN Mënscherechtskonventioun steet, de Mënsch net just ee soziaalt, mee och ee kulturellt Wiesen ass.
– dass mer eis um Artikel 167 vum Vertrag iwwer d’Aarbechtsweis vun der EU orientéieren an deem déi grouss Bedeitung vu Kultur fir Europa festgeschriwwe gouf.
– Dass kulturell Ugeleeënheeten a politesch a juristesch Decisiounsprozesser gestäerkt ginn.
– Dass an der Verfassung net just déi natierlech, mä och déi geeschteg Liewensgrondlagen geschützt ginn.
– D’Kulturpolitik een zentrale Stellewäert kritt. De Staat Konschtförderung, d’Erhale vu Kulturgidder an den Ofbau vun allen Hürden, déi d’Leit um fräien Zougank zu Konscht hënneren, als Flicht ugesäit.
– Dass d’Konschtfräiheet geschützt an d’Kreatioun vu kommerzielle Verflichtungen befreit gëtt.
– Wéinst der grousser kultureller Diversitéit zu Lëtzebuerg, schlussendlech dës Diversitéit geschützt gëtt a mir zu hirer Fërderung verflicht ginn.

Dës Diskussioun ka Lëtzebuerg just hëllefen. Wann d’Kultur an der Verfassung verankert gëtt, gëtt domat e grafft Zil gesat, dat et de Leit erméiglecht, un een anert an neit Lëtzebuerg ze gleewen a fir dëst anert Lëtzebuerg ze kämpfen. E Lëtzebuerg, wat sech fundamental vum Lëtzebuerg vun haut an dem Steierparadäis ënnerscheet.”


Pressecommuniqué 24.04.2015

“Kultur als Staatsziel” in die Verfassung

Das Künstler*innenkollektiv Richtung22 reichte gestern einen konkreten Vorschlag zur Änderung der Verfassung über die Plattform “referendum.lu” ein.

Die Teilhabe an Kultur, die Kunstfreiheit und die Pflicht des Staates Kultur zu fördern fehlen bisher und sollen anlässlich der Verfassungsreform im Kapitel der Grundrechte, bzw. im Kapitel “Des objectifs à valeur constitutionnelle” verankert werden. Der Vorschlag wurde heute morgen freigeschaltet.

“Die Forderung zur Aufwertung des politischen Stellenwerts von Kultur ist vergleichsweise simpel” erklärt Lucie Wahl. “Allerdings kann dieser Vorschlag von keiner Partei aus politischen Gründen abgelehnt werden. So schafft es diese Initiative vielleicht, trotz Bodrys Ankündigen kontroverse Themen auszulassen und trotz dem Versuch, Partizipation durch ein unübersichtliches Guestbook zu erschweren, in die nächste Runde. Und dann haben wir einen Fuß in der Tür.”

Zu den anstehenden Referenden bezieht die Gruppe klar Position. “Wir stehen auf der Seite der Regierung, d.h. wir stimmen für die Monarchie, gegen weitere Menschenrechte, für die Kirche und gegen die Reform des Staatsrats” so Tessie Jakobs.


Pressespiggel

“La culture dans la Constitution?” (L’essentiel, 01.05.2015)
“Ëffentlech Auditioun um Freideg an der Chamber” (RTL, 08.07.2016)