De Quoteminister

Monument virum KulturministèreDe Programm vun der neier Regierung ass ënnerschriwwen a gëtt nees geheim gehalen. An well d’Inhalter esou wichteg sinn, ginn elo fir d’éischt d’Käpp präsentéiert.

Vun 15 Ministeschposte ginn der grad mol 5 u Fraen. Dorop ugeschwat huet de Xavier Bettel op der Pressekonferenz gëschter houfreg verkënnegt, dass d’DP ebe keng Quote-Partei wier! Seng Equipe huet begeeschtert applaudéiert. Dann huet hien erkläert, dass den Eric Thill wéinst der Nord-Quot iergendeen Ministerposte kréie misst. Falsch, stopp, also net wéinst der Quote, well d’DP ass jo géint Quoten. Mee voilà, de Fernand Etgen huet dem Eric Thill seng Bomi kannt, oder sou.

A dowéinst kréie mir lo e Kulturminister, deen net bei de Verhandlunge ronderëm de Kulturprogramm dobäi wor. Deen d’Koalitiounsofkommes nach net mol gesinn huet. Deen sech offensichtlech a sengem Liewen nach keng zwou Sekonne mat Kulturpolitik ausernaner gesat huet.

Esou eng grausam Fraequot hätt d’DP wuel gezwongen eng vun deenen zwou Kulturpolitikerinnen, d’Nancy Braun oder d’Sylvia Camarda an d’Regierung ze loossen. Béid hu kandidéiert, béid kennen de Kultursecteur gutt a béid hunn de Kulturprogramm vun der nächster Regierung mat ausgehandelt – also d’Aarbecht gemaach. Mat hinne wiere mir wuel och net averstane gewiescht. Mee op mannst hätte mer eis mat Leit gestridden, deenen d’Thema och wierklech um Häerze läit.
Den Eric Thill gouf eegenen Aussoen no komplett iwwerrascht. Dem Paperjam, also der Kulturpress, konnt hien awer direkt scho verroden, dass “Experienz wichteg wier”, dass hien “e gudde Choix wier” an dass hien “nei Iddien hätt”. Schued. Déi nei Iddien hunn et jo dann offensichtlech net méi an d’Koalitiounsofkommes gepackt.

Eng Kulturpolitik vum Stëllstand ass allerdéngs just een Detail vun deem Desaster, dat elo usteet. D’Welt dreift duerch dramatesch a fuerchtbare Krisen a mir kréien eng Regierung vu maximalprivilegéierten, reaktionären Opportunist*innen. Dat passt. Et geet “eis” (also der Majoritéit vun deenen, déi d’Wahlrecht hunn) jo awer nach gutt. Also gëllt et sech elo mam Wuelstand ze verbarrikadéieren. An vläicht nach deen een oder anere Profit erauszeschloen.

Dowéinst wëlle mir eis hei kuerz un all déijéineg riichten, déi amgaange sinn d’Hoffnung an d’Perspektiv ze verléieren. Déijéineg, déi verständlecherweis grad ophalen un eng aner Welt an och een anert Lëtzebuerg ze gleewen. Dir sidd net eleng a mir wäerten eis zesumme wieren. Den Dag vun engem sozialen, oppenen, gerechten a queerfeministeschen Lëtzebuerg ass nach net do – an offensichtlech och nach net den Dag fir eng emanzipatoresch Kulturpolitik. Mee deen Dag wäert kommen.


Pressespiggel

“Das ist respektloser Umgang mit der Kultur” (Wort, 21.11.2023)
“Kultursektor hofft auf Unterstützung bei Professionalisierung” (Tageblatt, 09.12.2023)