08.03.2022 Feminismus oder d’Welt geet ënner!

Feminismus 2022Eisen Zine fir den 8. Mäerz 2022 ass hei ze fannen.


Mir ruffen all Mënsch – a besonnesch Kënschtlerinnen a Kreativer aus dem Konscht- a Kultursecteur – op, sech mat eis der feministescher Demonstratioun fir den 8. März an der Stad unzeschléissen.

Mir bilde fir dës Occasioun ee Kënschtlerinnen-Block ënnert dem Motto “Feminismus oder d’Welt geet ënner”.

Mat Waffegewalt säi Wëllen duerchsetzen (Krich), systematesch Vernoléissegung vu Careaarbecht (Ëmgank mat der Pandemie) an d’Ausbeutung vum Planéit fir de Profit (Klimakatastroph) sinn “man-made”; männergemaach. D’Patriarchat ass un der Wuerzel vun all deenen ënnerschiddleche Krisen, déi eis heemsichen.

Mir ginn dësen 8. Mäerz 2022 net trotz der aktueller Situatioun, mee wéinst der aktueller Situatioun op d’Strooss. Mir fuerderen, dass de Konschtsecteur sech positionéiert an sech aktiv abréngt. Konscht ass net do, fir ofzelenken – mee fir opmierksam ze maachen a Grondsätzleches unzeschwätzen.


Konsequenzen fir de Konschtsecteur

Mir wëllen eis vereenegen a fir Ännerungen am Konscht- Kultur- a Filmsecteur op d’Strooss goen – an eis mat den Ziler vun de globale feministesche Beweegunge solidariséieren.

Eis Fuerderungen:

Fir ee Konschtsecteur, deen Positioun bezitt

Eist Zil ass d’Emanzipatioun an d’Befreiung vun alle Mënschen. Fir dëst Zil ze erreeche muss d’Patriarchat, also d’Bevirdeelegung, d’Muecht an d’Dominanz vum männleche Geschlecht falen.

D’Konscht ass een emanzipatorescht Instrument an huet hei eng Roll an der Gesellschaft ze spillen, de Konschtsecteur muss dowéinst aus der Selbstbeschäftegung eraus an sech aktiv am Kampf fir eng besser Gesellschaft abréngen. #MeToo war ee klenge Schrëtt am Kampf géint d’Patriarchat, mee ee grousse Schrëtt fir d’Opmierksamkeet op Sexismus am Konschtsecteur ze lenken a Konsequenzen ze fuerderen. Et geet lo drëms endlech Fakten ze schafen.

Déi Leit, déi an eiser Gesellschaft am meeschte marginaliséiert gi sollten am Zentrum vun den Iwwerleeunge stoen. Et geet drëms een intersektionellt Verständnis vun Diskriminatioun zur Basis vum feministesche Kampf ze maachen.

Mir sollten eis beim Formuléiere vu Fuerderungen net mam absolutte Minimum zefridde ginn. Et ass berechtegt, alternativ Realitéiten net just ze dreemen, mee se mat Hëllef vu Konscht gräifbar a virstellbar ze maachen a se direkt ze fuerderen.

Gerecht Bezuelung an Aarbechtsopdeelung

– Beruffsbiller: Fraen a Persoune mat marginaliséierte Geschlechtsidentitéite ginn ze dacks aus deene kreativen Deeler vun der Konschtproduktioun rausgedréckt an op Posten an der Verwaltung oder der Produktioun gesat, an deenen se schlussendlech och just Careaarbecht maachen an d’kreativ Aarbecht vun aneren ënnerstëtzen. Eng Quot fir ee gerechte Geschlechterundeel bei gréissere Kulturproduktioune sollt ee Fërderungskritär vun ëffentlecher Subventionéierung ginn.

– Careaarbecht op der Aarbechtsplaz: Fraen a Persoune mat marginaliséierte Geschlechtsidentitéiten iwwerhuelen a Konschtproduktioune lauter zousätzlech onbezuelt Aufgaben: vu Konfliktléisung, moraleschen an emotionale Support bis hin zur Erhalung vum soziale Lien tëschent verschidde Beruffsbranchen a vun der Harmonie op der Aarbechtsplaz. Well dat am Zesummenhang mat enger net-männlecher Sozialiséierung steet, gëtt dës Aarbecht weder valoriséiert nach bezuelt an oft net emol wouer geholl.

– Hausaarbecht: D’Aarbecht am Stot, a Bezéiungen a fir d’Famill muss gerecht verdeelt ginn. Schluss mat de Privileegie fir Kënschtler, déi hire Beruffswonsch ausliewe wärend d’Kënschtler*innen d’Wäsch maachen an d’Kanner grouss zéien.

– Kollektivverträg: Salaire a Vertragskonditioune ginn am Kultursecteur ze dacks individuell ausgehandelt. Och wa leider keng Date fir Lëtzebuerg virleien ass mat Hibléck op aner Länner z’erwaarden, dass Fraen a Persoune mat marginaliséierte Geschlechtsidentitéite systematesch manner bezuelt ginn. Mir fuerderen d’Opdeckung vun allen Salairen am Kultursecteur, mir fuerderen déi verflichtend Uwendung vun transparente Gehaltstabellen a plädéieren dofir déi vun der ASPRO ausgeschaffte Virschléi als Basis fir d’Bezuelung am Kultursecteur ze huelen.

– Menstruatiounscongé: Et notzt näischt ze waarde bis aner Secteure matzéien: Am Konschtsecteur sollt de Menstruatiounscongé agefouert ginn a bis zur landeswäiter Unerkennung op d’Käschte vun der jeeweileger Produktioun finanzéiert ginn. An de Garderobë mee och an den Toiletten op déi de Public Accès huet vun allen Konschtinstitutioune sollen “Period Boxes” installéiert ginn, d.h. gratis Verdeelung vu Binden, Tampons, Menstruatiounstaassen, etc..

– Aarbechtsëmfeld a Konditiounen: D’Konditiounen op den Aarbechtsplazen an d’Ëmfeld am Konschtsecteur mussen zesumme mat Betraffenen iwwerschafft ginn. Besonnescht Fraen a Leit mat marginaliséierte Geschlechtsidentitéiten déi ee performative Beruff hunn, d.h. op der Bühn stinn, sinn exposéiert a brauche Sécherheeten an eventuell besonnesche Schutz. Eng Awareness-Persoun mécht an all Konschtinstitutioun Sënn, Dispositioune vum Gebai (Gänk, Accès zu de Logen, Beliichtung ausserhalb vum Gebai, Parking, Heemweeër etc.) soll iwwerpréift ginn. Schoulungen sollen d’Produktiouns- an Administratiounsteams op spezifesch Situatioune virbereeden, fir dass et direkt op der Aarbechtsplaz vu Kënschtler*innen ee gutt Support-Netz gëtt. All Mënsch muss sech och op der Bühn wuelfillen kënnen, besonnesch fir intim Momenter. Workshops iwwer Konsens a virun allem Virgespréicher iwwer perséinlech Grenzen an een genaut Plangen vun entspriechenden Zeene musse Standard ginn.

Konscht an Opklärungsaarbecht

– Historesche Sexismus opschaffen: Schluss mat Geschlechterstereotyppen, fraen- a queerfeindlech Wierker. Sexismus huet kee Verfallsdatum, ee Konschtwierk ass net doduerch manner sexistesch, well et ee gewësst Alter iwwerschratt huet – dofir muss opgehale ginn, dës Kënschtler a Wierker ze schützen. Et gëllt och weiderhin déi Verbriechen opzeschaffen déi vis-a-vis vu Fraen a Persoune mat marginaliséierte Geschlechtsidentitéiten am Film- a Kultursecteur geschitt sinn an ënner där hire Konsequenzen sech de Secteur entwéckelt huet. Fir d’Aarbecht vum Opschaffe musse Plaze geschaf ginn a Budget bereet gestallt ginn. Et muss een Ëmdenke fir den Ëmgank mat problematesche Wierker stattfannen an et musse Konsequenzen och bei der Fërderung an der Kuratioun vun Ausstellunge ginn.

– Opklärungsaarbecht duerch Konschtprojeten. Fir d’Diskriminatioun opgrond vum Geschlecht ze beende fuerdere mir grouss ugeluechte Sensibiliséierungs- an Opklärungsaarbecht. Des däerf sech net just op Schoule konzentréieren, mee muss all gesellschaftlech Gruppen erreechen. De Konschtsecteur huet an der Opklärungsaarbecht eng wichteg Roll ze spillen an entspriechend Projete solle gefërdert ginn. D’Fërderung fir Konschtprojete vun anere Ministèren, d.h. mat substanzielle Boursse vum Gläichstellungsministère, awer och vum Aarbechts- a vum Educatiounsministère.

Gezilte Fërderung

– Jonk Kënschtlerinnen: Frae maachen ee Groussdeel vun deenen aus, déi an de Schoulen op de Konschtsectiounen an an den Theatergruppe sinn an och vun deenen, déi sech fir ee Studium am Konschtsecteur aschreiwen. Allerdéngs verréngert sech dëse Prozentsaz wesentlech am weidere Verlaf vun de Karriären.
D’Fërderunge vu jonke Konschtschafenden am Allgemengen ass deemno och eng Initiative fir d’Paritéit am Konschtsecteur z’erreechen. Zu dëser Fërderung gehéiert och den Opbau vun enger Studieberodung, Stipendien wärend dem Studium an ee Bourssen-System fir déi éischt Schrëtt nom Studium oder no der Ausbildung.

– Ännerungen an der Subventiounspolitik: Déi ëffentlech Finanzéierung vum Konschtsecteur konzentréiert sech op d’Subventionéierung vu grousse Kulturinstitutiounen. Déi ëffentlech Hand muss hei Krittären aféiere fir d’Institutiounen dozou ze verflichten aktiv fir d’Gläichstellung vun alle Geschlechter bäizedroen. Doriwwer eraus muss awer och een Ëmdenken an der Subventiounspolitik stattfannen – besonnesch fir Jonker ze fërderen. Et muss méi heefeg d’Konschtproduktioun amplaz d’Konschtdistributioun subventionéiert ginn. Amplaz d’Konscht- a Kulturhaiser ze finanzéieren, déi sech dann iwwerleeën ob si eng Produktioun ënnerstëtze mussen d’Suen direkt a lokal Produktioune fléissen. Sou ka vun ënnen erop een neie Konschtsecteur opgebaut ginn.

– Quoten a Fërderung: Et ass um Kulturministère, der FOCUNA, der Oeuvre, de Gemengen a weideren Institutiounen eng Quote beim Vergi vu Fërderungen z’applizéieren. Fir gréisser Produktioune sollt eng Mindestquot fir d’Membere vun den Ensembelen an de Produktiounsteams festgesat ginn. Mat spezifesche Boursse solle Projete vu Fraen a Persoune mat marginaliséierten Geschlechtsidentitéiten ënnerstëtzt ginn. Een Departement am Kulturministère a bei Kultur:LX soll sech spezifesch ëm d’Fërderung vun Fraen a Persoune mat marginaliséierte Geschlechtsidentitéite këmmeren, d’Promotioun an d’Vernetzung am Ausland ënnerstëtzen an op spezifesch Besoinen Äntwerten fannen.

Visibilitéit

– Et gëllt Visibilitéit a Virbiller ze schafen! A Muséeë gëtt méi oft de plakege Kierper vu Fraen opgehaange wéi hier Konscht. Persoune mat anere Geschlechtsidentitéite si praktesch onsiichtbar. Mir wëllen e kriteschen Ëmgank mat misogynner Konschtgeschicht. Mir fuerderen mindestens 60% Fraen a Persoune mat marginaliséierten Geschlechtsidentitéiten um Konschtgeschichtsprogramm vun de Lycéeën. Mir fuerdere Quote fir Ausstellungen a Muséeën a fir d’Programmatioun vun de groussen Konscht- a Kulturhaiser (Groussen Theater, Philharmonie, Mudam, Escher Theater etc.).

– Normen ofschafen. Mir wëllen, dass Fraen a Persoune mat marginaliséierte Geschlechtsidentitéiten an der Ëffentlechkeet existéiere kënne mat Kierperen déi net de Normen entsprieche fir dass mir endlech realistesch Virstellunge vun eis selwer hunn an eis erëmerkenne kënnen. D’Duerstellung vun der Diversitéit vun eise Kierperere wäert Diskriminatiounen enthüllen a bekämpfen.

– Daten: Mir fuerderen dat systematescht Erhiewe vu genderspezifeschen Daten bei der Kulturstatistik.