Petitioun: E kloert Zeechen géint Sexismus

Petitioun: E kloert Zeechen géint Sexismus – RTL Pin-up-Rubrik elo desaktivéieren!

Medien hunn en Afloss op Wäerter a Normen an eiser Gesellschaft. Sexistesch Inhalter droen dowéinst weesentlech zur Erhalung a Stäerkung vum ongläiche Status tescht de Geschlechter bäi. Och op rtl.lu ginn diskriminéirend Stereotypen reproduzéiert.

D’RTL Pin-Up Rubrik weist Fotoen vu Modelen, Alter, Moossen a Bildbeschreiwungen wéi z.B.: “Dem Oriana seng Kaddoen huet nach keen ausgepak!”. Dës Rubrik ass sexistesch, degradéiert di fotograféiert Persounen zu Sex-Objeten a reproduzéiert en eesäitegt Bild vu Schéinheet, Weiblechkeet a Sexualitéit. Dat ass net akzeptabel.

RTL sollt seng Positioun als meescht frequentéierten Medienoptrëtt zu Lëtzebuerg notzen, fir zu engem positive Klima vu géigesäitegem Respekt an der Gesellschaft bäizedroen. De Pressekodex, an deem all Diskiminatioun opgrond vum Geschlecht veruerdeelt gëtt, muss eescht geholl ginn.

Dowéinst fuerdere mir vun RTL, d’Pin-Up – Rubrik op hierem Site ze desaktivéieren. Schluss mat sexisteschen Duerstellungen!

Petitionstext DE
Medien haben ein Einfluss auf Werte und Normen in unserer Gesellschaft. Sexistische Inhalte tragen demnach wesentlich zu Erhaltung und Festigung des ungleichen Status zwischen den Geschlechtern bei. Auch auf rtl.lu werden diskriminierende Stereotypen reproduziert.

Die RTL Pin-Up Rubrik zeigt Fotos von Models, ihr Alter, Maße und Bildbeschreibungen wie zB. “Orianas Geschenke hat noch keiner ausgepackt!”. Diese Rubrik ist sexistisch, degradiert die fotografierten Personen zu Sex-Objekten und reproduziert ein einseitigen Bild von Schönheit, Weiblichkeit und Sexualität. Dies ist nicht tragbar!

RTL soll seine Position als meist besuchte Medienpräsenz in Luxemburg nutzen um zu einem positiven Klima des gegenseitigen Respekts in der Gesellschaft beizutragen. Der Pressekodex, welcher jede Diskrimination aufgrund des Geschlechts verutreilt, muss ernst genommen werden.

Deswegen fordern wir von RTL die Pin-up – Rubrik auf ihrer Seite zu desaktivieren. Schluss mit sexistischen Darstellungen!

Texte de la pétition FRA
Les médias ont une influence certaine sur les valeurs et les normes dans la société. En conséquence, des contenus sexistes contribuent fortement au maintien et au renforcement du statut inégal entre les sexes. RTL.lu aussi reproduit des stéréotypes discriminatoires.

En effet, la rubrique pin-up montre des photos de mannquins, indique leur âge, leurs mensurations et ajoute des textes descriptifs comme: “Les cadeaux d’Oriana n’ont pas encore été déballés!”. Cette rubrique est sexiste et elle dégrade les personnes photographiées en faisant d’elles de simples objets sexuels. Ainsi, elle reproduit une image simpliste de la beauté, de la féminité et de la sexualité. Ceci est inacceptable.

Chez RTL, ne devrait-on pas se servir de la position dominante dans les médias luxembourgeois pour contribuer au développement d’un climat positif de respect mutuel dans la société? Il faut prendre au sérieux le code de presse qui condamne toute discrimination en raison du sexe.
Voilà pourquoi nous exigeons que RTL enlève la rubrique Pin-up de son site. Il faut mettre fin aux stéréotypes sexistes.



Rufft och dir RTL.lu dozou op, een Zeechen géint Sexismus ze setzen an d’Pin-Up-Rubrik ze desaktivéieren.
Ënnerschreiwt d’Petitioun op change.org

Statements

nur-gesichter2-web

Sous prétexte que le « sex sells » et pour obtenir plus de « clics », d’audience et de lectorat, beaucoup de médias sont prêts à renforcer une image porno-chic de la femme en la mettant en scène tel un être passif, lascif et « au service de ». Je suis convaincue que si la société est désireuse d’atteindre une vraie égalité hommes/femmes dans tous les domaines (ce que les médias et la politique ne cessent de souligner), il est nécessaire que l’image qui est donnée des femmes change radicalement et devienne enfin réaliste, pluraliste et positive à l’image de la société. Une rubrique « pin-up » n’a pas sa place sur le site d’information le plus visité du pays, site proposant par ailleurs des rubriques d’actualité et d’analyse de société, de politique ou de culture.
Il est temps que tous les médias (non seulement rtl.lu) prennent leur part de responsabilité et soutiennent les associations œuvrant sur le terrain dans notre combat pour l’épanouissement physique, psychologique et sexuel des jeunes. Et ceci commence par la propagation d’une image non-réductrice de la femme et de la jeune fille.Ainhoa Achutegui (Presidentin vum Planning Familial)
Fraebiller, wéi déi an der Pin-up Rubrik vun RTL, si Fantasmen vu Männer a vermëttelen e Bild vun der Fra, dat naischt mat der Wirklechkeet ze din huet. Bedauerlech ass virun allem, dass vill jonk Leit sech vun esou Biller beaflosse loossen, well si jo omnipräsent sin a net a Fro gestalt gin. Dat féiert derzou, dass déi jonk Männer Meedercher a Fraen als mannerwäerteg ugesin a si net respektéieren. Fir d’Meedercher kann dat fatal Auswirkungen op hirt Selbstbewosstsinn hun. Mir brauchen dofir Fraebiller, déi der Wirklechkeet entspriechen an d’Fraen respektéieren.Colette Kutten (Member vum Cid Femmes a vum CNFL)
Frae si keng Objeten, Fotoe vu Fraen déi den ëmmer selwechte Geschlechterrollen a Schéinheetsidealer entspriechen: passiv, objektivizéierend, fräi zur männlecher Consommatioun, verstäerken de sexisteschen Normalzoustand. Ech géif mer wënschen aner Aspekter vun (jonken) Fraen* op enger “Noriichten” Säit am Joer 2016 ze gesinn, ech well an de Medie staark Fraen* gesinn déi aktiv sinn an sech drun bedeelegen eis Gesellschaft ee Steckche besser ze maachen, dofir ënnerstëtzen ech dës Campagne. Dass d’Pin-Up Rubrik eiser Gesellschaft nëmmen en Spigel entgéint hält ass kloer, d’Lutte géint Sexismus hält net bei RTL op mee geet Doheem, op der Aarbechtsplaz an op der Strooss virun.Milena Steinmetzer (Jonk Lénk)
Mir sollen jonken Fraen postiv weiblech Modeller weisen, an net Fraen, die als Sex-Objet degradéert ginn! Wie wär et domatter, wann RTL stark Fraen an enger Rubrik giff présentéren.Joëlle Letsch (Cheffe d’entreprise an Delegéiert vum CNFL)
Sexismus ass wéi ee gëllene Käfeg. Betount gëtt dat et just ëm Wäertschätzung vun der Schéinheet oder der Männlechkeet geet. Och wann dëse Käfeg gëllen ass, bleift säin eenzegen Zweck d’Aspären. Engersäits gëtt een_t a Stereotypen eragezwongen déi ganz einfach net ze erfëlle sinn oder souguer menschenveruechtend sinn an anersäits entsteet eng absolut Oflehnung vun der eigentlech phänomenaler Villsäitegkeet vum Mënsch.Gina Árvai (déi jonk gréng)
Als meescht konsultéiert Noriichten- an Ënnerhalungsmedium dréit RTL och eng Responsabilitéit fir d’allgemeng Wäertvirstellung an eiser Gesellschaft. Déi feelend Diversitéit an der Pin-up Rubrik, gekoppelt mat den degradéierenden Spréch, verstäerkt dat eesäitegt Schéinheetsideal an erschwéiert de joerzéngtelaange Kampf géint Sexismus a sexuell Objektivéierung.Carole Thoma (Spriecherin vun déi Lénk)
Ech muss zougin, dass ech zimlech geschockt war, wou ech déi “Pin-Up” Rubrik um RTL.lu entdeckt hun. RTL huet amfong eng ganz gudd Reputatioun an bidd ganz interessant and diversifiéiert Programmer un fir e waiten Publik; ech verstin wierklech net wat sou diskriminéiernd an sexistësch Inhalter do ze sichen hun. ech konnt ausserdem déi “männlech” Pin-Up Rubrik um Site net fannen… ;-)Eugénie Anselin (Actrice)
Ech hunn dës Petitioun ënnerschriwwen, obwuel ech u sech net fir d’Entferne vun de Pin-ups sinn. Well ech net mengen, dass de Problem verschwënnt, just well d’Biller verschwannen. Grad dann net. Mee ech fannen un dëser Aktioun awer interessant, dass se d’Diskussioun ustéisst: U wie riichten sech déi Biller? Wat sollen se aussoen? Ass et fir d’RTL-User eigentlech wichteg, dass si kënne plakeg Frae kucken, während si hir Norichte vum Dag liesen? A wa jo, firwat ass dat esou? Oder fält dat eis guer net méi op, well mer esou un déi Zort vun Duerstellung gewinnt sinn, dass mer se schonn net méi als sexistesch empfannen?Claudine Muno (Musikerin)
Zusammen mit vielen bewegten Frauen habe ich als Studentin in den 1970er Jahren oft und gerne das Lied “Frauen gemeinsam sind stark” gesungen. Die erste Strophe lautet: “ In der Werbung Puppen, Arbeit in Leichtlohngruppen, wir sind stets nur Objekt. Schlank sei die Hüfte, gross dafür die Brüste, auch wenn die Psyche verreckt….” (Text : Frauenzentrum Frankfurt/Main; Musik: Lotta Continua). Wenn Medienverantwortliche bis auf den heutigen Tag Frauen als Pin-Up Girls darstellen, dann bedeuten solche Bilder immer noch die Verobjektivierung von Frauen und stehen somit m.E. im Gegensatz zur Entwicklung gleichberechtigter Geschlechterverhältnisse in demokratischen Gesellschaften. Aus Respekt gegenüber Frauen, Männern, trans- und intergeschlechtlichen Menschen sollte der Verzicht auf Pin-Up-Darstellungen eigentlich zur Selbstverständlichkeit werden.Christel Baltes-Löhr (ass Genderbeoptragt vun der uni.lu)
Wei sollen mir endlech wirklech Gleichberechtigung errëchen an verhënneren dass Fraen Affer vun sexueller Gewalt gin wann an de Medien an an der Publiziteit d’Fraen net respektvoll an op Aanheicht mat de Männer duergestallt gin.Nora Koenig (Actrice)
Mier ënnerstëtzen d’Ofschafung vun der RTL-Pin-up-Rubrik, well et eben net nëmmen dorëms geet, dass Fraen wéi Objeten duergestallt ginn. Et geet drëm dat jonken Meedercher – Schüler*innen, Student*innen – bäibruecht gëtt dass si sech mussen duerch hiert Ausgesinn valoriséieren; an dass daat hiert primär Valeur ass. Et geet em sexuell Gewalt – wëll Objeten hunn keng Gefiller, keen Verstand, keen Liewen, dat zerstéiert kann ginn. Et geet drëm, dass all Fra* ënner Drock steet engem ganz bestëmmten, vun “baußen”, sprech der Gesellschaft an den Medien, diktéiertem Ideal ze entspriechen. An dass dëst Diktat all Beräich vun hirem Liewe beaflosst – hier Aarbechtsverhältnisser, hiert Iessverhaalen, hier Bezéiungen, hiert Selbstbild. An et geet drëm dat RTL dat alles ënnerstëtzt.GenderAG (UNEL)
D’Medie spillen e wichtege Rôle am Kampf géint Genderstereotypen. Et ass dofir traureg, dat d’Bild vun der Fra an de lëtzebuerger Medien nach all ze oft op sexistesche Clichéen opgebaut ass. D’Pin-up Galerien op der RTL-Websäit sinn ee Beispill heifir. De Genderrot vun déi gréng setzt sech säit jeehier dofir an, dat d’Medien e reellt Frae-Bild diffuséieren, e Bild, dat net op sexistesche Stereotypen opgebaut ass. Dofir ënnerstëtze mir selbstverständlech dës Initiativ vu Richtung22.Françoise Folmer (Presidentin vun déi gréng a Member vum Genderrot)

Weider Erstunterzeichner*innen sinn:
Conseil National des Femmes du Luxembourg
Danielle Igniti (Direktesch vum Kulturzenter OpDerSchmelz)
Claire Thill (Actrice)
Julie Kieffer (Actrice)
Anik Raskin (CNFL)


Ënnerschreiwt d’Petitioun op change.org