Setz däi Liewen op d’Spill! Foire de l’étudiant.e 2023

Roulettedesch mat Studiegänk als FelderRien ne va plus?
Geschwënn ass et eriwwer mat der Schoul an dann ass de Moment komm fir alles op eng Kaart ze setzen. De Choix fir d‘Liewen! Deng Beschäftegung bis bei d‘Pensioun? Falsch. Och wann et dir am Moment esou virkënnt, de Choix fir (oder géint) ee Studium ass keng endgülteg Entscheedung. Et ass einfach den Ufank vun der nächster vun immens villen Etappen déi dech héchstwarscheinlech anzwousch anescht hiféieren, wéi s du et grad mengs (oder fäerts).

Eppes schéngt awer kloer ze sinn: du wëlls eppes Kreatives maachen, eppes Kënschtleresches? Vläicht ass deng Famill an/oder däin Ëmfeld schonn um panikéieren. Warscheinlech hues du dir schonn dausende mol ulauschtere missen, dass du däi Liewen an d‘Poubelle geheie géifs, dass du ni eng Aarbecht fanne géifs, näischt verdénge wäers, dass du Konscht och nach niewebäi maache kéints, dass et jo souwisou éischter een Hobby wier?
Scheld Verspill dai Liewen
Also dach léiwer eng sécher Plaz op enger Bank oder beim Staat? Op kee Fall! Du muss et op d‘mannst probéieren!
An dësem Magazine schreiwen 20 Persounen, déi sech um Enn vun hirer Schoulzäit (oder och éischt méi spéit) entscheet hunn eppes mat Konscht, Musek, Schauspill, Design… ze maache wéi et hinne mat dësem Choix ergaangen ass. Op der Foire de l‘étudiant.e an och an de Schoule ware mir meeschtens schlecht beroden an hätten eis gewënscht een aneren Abléck ze kréien. Dowéinst lo dëse Versuch ze beschreiwen, wat vläicht op dech duerkënnt. Et ass eis net drëms gaangen déi Infoen opzelëschten, déi‘s du och op Websäite fënns, mee dir virun allem: Courage ze maachen! Looss dech vu kengem vun denge Wënsch forthuelen, wann s du däi Liewe lo dengen Talenter, dengen Interessien an denger Konscht widme wëlls. Et ass däi Liewen.


Eisen “Zine” (Kuerzform vu Magazine) fir d’Foire kanns du dir hei rofgelueden oder an eisem Atelier am Bâtiment4 zu Esch ofgehollen.