Protestpiquet géint d’Erëffnung vum neie Prisong zu Suessem!

Demonstratioun virum Suessemer Prison

(LU) Haut gouf zu Suessem ee neien Prison mat 400 Plazen opgemaach. Brauche mer deen? Nee. Mee wann e scho mol do ass, kann een deen och voll maachen. Dëst ass en pragmateschen Usaz vun eiser Regierung fir zumindest een Deel vun de soziale Problemer am Land hannert Beton ze verstoppen. Mir woren, zesummen mam Grand Duc, och do fir ze feieren! Firwat de Justizsystem reforméieren, wann een d’Leit wéinst Mini-Delikter och einfach fortsperre kann? An dat souguer präventiv. Lëtzebuerg ass Europameeschter doran Leit op onbestëmmt Zäit ouni Urdeel festzehalen. Dat muss dach gefeiert ginn!
(FR) Une nouvelle prison de 400 places a été solennellement inaugurée aujourd’hui à Sanem. En a-t-on besoin ? Non. Mais puisqu’elle est là, on n’a qu’à la remplir. C’est l’approche pragmatique de notre gouvernement pour enfermer au moins une partie des problèmes sociaux du pays derrière du béton. Nous aussi, nous étions présents, ainsi que le Grand-Duc, lors des festivités. Pourquoi réformer un système judiciaire quand on peut tout simplement enfermer les gens pour des délits mineurs ? Et ce, même à titre préventif. Le Luxembourg est le champion d’Europe de la détention indéfinie sans jugement. Cela mérite d’être célébré !


Opruff zur Demonstratioun virum Suessemer Prison

Communiqué

Haut fënnt d’Erëffnung vum neie Prisong zu Suessem, mat Plaz fir 400 nei Gefaangener, statt. Dat ass keng grouss Errongenschaft, an och kee Grond ze feieren: am Géigendeel, et weist, dass Lëtzebuerg nach ëmmer de Reflex huet, seng Problemer aus dem Bléckfeld ze schafen amplaz sech mat hinnen grondsätzlech ze beschäftegen.

“85% vun de Leit, déi an de Prisong gestach ginn, gehéieren net dohinner”, sou de Präsident vun der ASBL ‘Eran, Eraus… an Elo?’, deen sech op international unerkannt Studien bezitt. Hien konkretiséiert: “Zu Lëtzebuerg ass de Groussdeel vun de Leit am Prisong wéinst Klengkriminalitéit, “vol simple” an Drogendelikter. Dozou kënnt eng riseg Unzuel vu Leit an Untersuchungshaft – déi agespaart, mee awer net verurteelt sinn.”

Als Bündnis vu verschiddenen Organisatiounen ruffen mir dowéinst zu engem Protestpiquet op der Ouverture op. Mir invitéieren d’Press, dofir den 30. November 2022 um 14:00 Auer virun de Prisong zu Suessem ze kommen.

Eng zousätzlech Kapazitéit vu 400 Plazen ass eng Erhéijung vun iwwer 50% – an déi 400 Plazen am neie Prisong sinn integral fir Untersuchungshaft virgesinn. De Staat huet also vir, an Zukunft nach méi Leit ouni Condamnatioun anzespären – sou vill Leit, dass eleng dofir e ganz neie Prisong fir iwwer 200 Milliounen gebaut gouf. Dobäi huet Lëtzebuerg schonn den héchsten Taux vun Untersuchungshäftlingen a ganz Europa. Problematesch am Vergläich zu anere Länner ass och, dass et gesetzlech keng zäitlech Begrenzung vun der U-Haft gëtt an eise Justizsystem immens lues ass. 

Mir kënnen net méi zouloossen, dass näischt géint Prekaritéit an Wunnengskris gemaach gëtt, mee op 10 Hektar honnerte Milliounen an eng Repressiounfantasie gestach ginn. D’Spriecher*in vun der a.s.b.l. Richtung22: “Le taux d’incarcération n’est pas en relation avec le taux de criminalité, il s’agit ici d’une volonté politique. La coalition actuelle crée en tout 492 places dans des lieux privatifs de liberté, et il n’y a aucune opposition audible?”

D’Konsequenzen vu Gefaangenschaft si gravéierend an et ass wëssenschaftlech bewisen, dass Isolatioun a Bestrofung keng rehabilitéierend Wierkung hunn. Am Géigendeel, d’Leit ginn desozialiséiert, verléieren Aarbecht, Wunnraum, Sexualitéit, Dignitéit, an d’Gefill, eng Plaz an en Notzen an der Gesellschaft ze hunn. Ausserdeem gëtt hinnen hier Autonomie an hier Entscheedungskraaft ewechgeholl, an nach dozou bal all Zukunftsperspektiv – et gëtt keen einfache Wee aus dem Prisongszyklus eraus, an och dat ass keen Zoufall.

Och fir d’Famillen an d’Ëmfeld ass den Zyklus vun der Gefaangenschaft en Däiwelskrees; en zerstéiert Kandheeten a Relatiounen a léisst Fraen oft eleng mat Aufgaben fir eng ganz Famill. Finanziell ginn d’Leit nach méi an d’Prekaritéit an an d’Isolatioun gedréckt.
Aus dëser Spiral kommen déi mannsten Leit vum selwen eraus; a wann se dofir keng Ënnerstëtzung kréien, dann kann de Prisongssystem säin eegent Zil – Verbriechen ze stoppen – net erreechen.

D’Spriecher*in vu Richtung22 erkläert: “De System vun der Incarceratioun ass e Relikt aus enger Zäit, wou mir nach gegleeft hunn, dass eng Isolatioun vun der Gesellschaft zu reliéiser Erliichtung a Reformatioun vum Charakter féiert. Elo hu mir eng aner Vue op d’Welt – firwat hu mir dann keng aner Mëttelen, Mënschen gesellschaftlech ze rehabilitéieren?”

Mir ruffen zesummen dozou op, dëst Thema ëffentlech opzebreeden an net weiderhin hanner Gitter leien ze loossen. D’Inauguratioun vum neie Prisong dierf net ouni Resistenz iwwert d’Bün goen.

Bündnis:
Eran, Eraus… an Elo? a.s.b.l.; Richtung22 a.s.b.l.; RISE a.s.b.l.; Second Chance a.s.b.l.


Pressespiggel

“Une prison qui se veut à visage humain à Sanem” (Wort, 01.12.2022)
“[Vidéos] Des associations vent debout contre la nouvelle prison” (Quotidien, 01.12.2022)
“Sanem / „Weniger Häftlinge statt mehr Zellen“: Starke Kritik am Luxemburger Stravollzug” (Tageblatt, 01.12.2022)
“Manifestation pour l’inauguration de la prison de Sanem” (Wort, 30.11.2022)
“Weniger Häftlinge statt mehr Zellen” (Tageblatt, 01.12.2022)
“De Prisong Uerschterhaff ass e Mëttwoch opgaangen” (RTL.lu, 30.11.2022)
“Sanem : «L’inauguration de la nouvelle prison ne doit pas se passer sans résistance»” (Quotidien, 30.11.2022)
“Local Non-Profits Announce Protest Against Opening of Sanem Prison” (Cronicle, 24.11.2022)