Kandidat 61

Iwwersiicht: De Kandidat; Affichen; Klibberen; Press


Ganz wichteg! Mäi Wahlkampfspot kucken. Fir meng Kampagne z’ënnerstëtzen hu sech verschidden prominent a seriéis wierkend Politiker zesummefonnt fir déifgräifend iwwer Politik ze philosophéieren. Grouss Staatsmänner fir eng riesegrouss Koalitioun. Deelen, deelen, deelen, wéi ee sou schéi seet.


Wien ass de Kandidat 61?

Den Kandidat 61 kandidéiert fir d’Muecht zu Lëtzebuerg ze erhalen an ze beschützen. Hien ass fir all Zort vun Koalitioun ze hunn, déi sech fir ee schéint Lëtzebuerg asetzt an géif sech selwer als Mann vum verantwortungsvolle Neiufank bezeechnen.

Méi Informatiounen op sengem Blog an op sengem Facebook-Site.



Affichen


Mir klibberen fir d’CSV

Um Wahlsonnden 2013 (20. Oktober) koum et zu enger spontaner Demonstratioun ënner dem Motto “Mir klibbere fir d’CSV – Mir demonstréieren fir eise Premier”

Den Opruff: “Léif Lëtzebuerger,
An deene leschten Deeg goufe mir vum Premier gewarnt: Et géint des Kéier knapp ginn. Här Juncker, mir hunn de Message verstan an si prett fir ze kämpfen.

Ech, Kandidat61, ruffen dozou op, mat mir ze demonstréieren, ze klibberen an ze bieden fir dat eise Premier och an Zukunft no eis kucke kann. 18 Joer Juncker sinn net genuch an dëst Ländchen ass ze schéin, fir et dem Chaos z’iwwerloossen. Mir fuerderen de Statut vum liewenslängleche Premier fir eise JC Juncker.

Wat mer zesummen man:
– Route: Um Lampertsbierg (um Busparking virum LTC) gi mer géint 5 Auer moies lass, hei gëllt eis Stammcliente ze mobiliséieren. Dann gi mer um Centre Pescatore laanscht fir och déi lescht Reserven an de Wahlbüro ze kréien, iwwer d’Plëss bei d’Kathedral, vir ze bieden, dat eis eise Premier erhalen bleift, riwwer bei d’Chamber, an bei de Staatsministère: d’Instanzen vun der Muecht, déi et géint verantwortungslos Querulanten ze verdeedegen gëllt.
– Matbréngen: Natierlech ass tenue correcte (oder CSV-Orange) gefrot, fir d’Vertrauen vun eise Wieler ze halen. De Konterfei vun eisem Premier sollt omnipräsent sinn, sou wei seng Haapt-Wahlslogans: “Zesummen no mir kucken” – “CSV – eng stabil Affär” an “Mir mam Premier – Gott mit uns”.
Klibberen och matbréngen, Lëtzebuerger Fändel sinn och wëllkomm.

Ween net op de Lampertsbierg komme kann, sollt a lokale Gruppen duerch d’Dierfer zeien.
Är Präsenz ass gefrot, et ass wichteg.
Fir d’Vollek, fir eist Land an fir eise Premier.”


Pressespiggel

“Ech panachéire beim Kandidéieren” (Dat Wesentlecht, 13.10.2013)


CSV Reklamm um Wahlsonnden