site_geint-sexismus_01

(LU) Diskriminatioun siichtbar maachen.

Op dëser Säit ginn Erfahrunge mat Sexismus gesammelt. Dat kënnen z.B. Saache sinn, déi sou alldeeglech sinn, dass se engem scho bal net méi opfalen, et kënnen awer och Erfahrunge mat sexueller Belästegung oder Gewalt sinn. Beschreiwt dës Erfahrunge sou laang oder kuerz wéi der wëllt – gäeren och anonym.

Deng matgedeelten Erliefnisser maachen op Problemer opmierksam a weisen anere Leit, dat si net alleng betraff sinn.

*Triggerwarnung*: Am Folgenden ginn et Beschreiwunge vu sexualiséierter Gewalt, déi net jeweils als solch gekennzeechent sinn.

(DE) Diskriminierung sichtbar machen.

(DE) Diskriminierung sichtbar machen.

Auf dieser Seite werden Erfahrungen mit Sexismus gesammelt. Das können z.B. Dinge sein, die so alltäglich sind, dass sie einem schon fast nicht mehr auffallen, es können aber auch Erfahrungen mit sexueller Belästigung oder Gewalt sein. Beschreibt diese Erfahrungen so lang oder kurz wie ihr mögt – gerne auch anonym.

Deine mitgeteilten Erlebnisse helfen auf ein Problem aufmerksam zu machen und zeigen anderen Menschen, dass sie nicht alleine betroffen sind.

*Triggerwarnung*: Im Folgenden finden sich Beschreibungen sexualisierter Gewalt, die nicht eigens gekennzeichnet sind.

(FR) Dénoncer la discrimination

(FR) Dénoncer la discrimination

Ce site a pour but de rassembler et de présenter des expériences relatives au sexisme au quotidien.
Il peut s’agir d’événements tellement courants qu’on ne les perçoit même plus comme phallocrates. Mais des exemples de harcèlement ou de violence sexuels peuvent tout aussi bien y figurer. Nous vous invitons à décrire ce vécu de façon aussi succincte ou détaillée que vous le souhaitez – et, si vous le préférez, de façon anonyme.

En partageant ce que vous avez vécu vous contribuez à attirer l’attention sur ces problèmes et vous montrez que d’autres personnes aussi sont concernées.

(EN) Uncover sexism. Make it visible.

(EN) Uncover sexism. Make it visible.

This site collects reports about sexism. Those experiences could, for instance, be minor daily happenings – so common and normalised that they nearly don’t even stick out anymore. They could also be reports about sexual harassment and violence. Describe your experience as long or short as you feel like – anonymously if you wish to.

Your experiences help raising awareness and show others that they’re not alone.

*Trigger* warning: The following content could include non-indicated descriptions of sexual violence.

36 thoughts on “Sech wiere géint Sexismus

  1. Anonymous

    Ee Typ huet einfach naischt ze din fir mech matzen am Daag Biatch ze nennen, well ech alt geschmink a mat rout lëppestëft eraus gaang war. Hien fënnt daat nach witzeg, well hien mengt et géint keen him seng Sprooch verstoen. Déi moment wollt ech des Roudgesicht einfach iwwerrennen, well schwätzen nëtzt bei esou Leit wirklech guer naischt.

  2. Anonym

    – Ech sinn éichter eng nervös Persoun, baissen gären u mengen Neel. Ginn oft dowéinst domm ugeschwat vun onbekannten Männer, sief et am Bus oder bei der Bar. Dat wier net elegant fir eng Fra. Fraen missten op hier Hänn opassen.
    – Fussballsmatcher sinn vill méi witzeg wann Fraen um Terrain sinn. Du mess eng onpräzis Passe an eng partie Männer aus dem Publikum laacht dech aus. Och wanns de besse méi agressive spills schéngt dat anormal witzeg ze sinn.

  3. Anonym

    Deslescht an engem Geschäft héieren:
    Fra: “Na die haben gesagt der Winter sei jetzt vorbei”
    Mann: “Hat das ein Mann oder eine Frau gesagt?”
    Fra: “Weiß ich gar nicht mehr so genau…”
    Mann: “Ja also weil wenn es ‘ne Frau gewesen wäre würde ich es sowieso nicht glauben. Die erzählen immer nur dummes Zeug.”
    Ech si komplett perplex wéi paralyséiert well ech mer vun dem Här, deen u sech bis dohi ganz fein war, dat guer net erwaart hätt. Ech ginn heem a reege mech fir mech selwer driwwer op dass ech net gekontert hunn oder him gesot huet wéi blöd seng Remarque gewiecht wär.
    Doheem: Ech erziele mengem Matbewunner, en héich gebildete Kenschtler, a reege mech iwwer Sexismus am Allgemengen op. Hee kuckt mech liicht genervt un a seet:
    “Ach nun hab dich doch nicht so. Nur weil manche Frauen sagen Männer seien alle Arschlöcher fang ich auch nicht an zu weinen.” Ech hu mech nach méi opgereegt an him dorops hin eng Flut vun Texter a Videoe gescheckt, déi däitlech maachen dass d’Diskriminatioun vun de Fraen fir vill Fraen ganz schlemm Ausprägungen hunn an dass et bei klenge Remarque ufängt a bei Vergewltegung oder suguer Doud ennt.

  4. Anonym

    Ennerwee fir an de Badminton, ee Jong zum aaneren:
    “Wenn du dich nicht so sehr anstrengen willst, dann such dir ein Mädel gegen das du spielst, die sind ja eh nicht so gut”
    wéi ech mech dun iwwert dee Kommentar opgereegt hun, sin ech gefroot gin ob ech dann besser spille kéint, vu dat ech grad reicht mat deem sport ugefaangen hun, war meng äntwert Nee, mat deem Kommentar dass een dat jo awer trotzdem net kéint verallgemengeren, wourop béid Persounen awer net agaange sin an just geäntwert hun: “Na also, Mädels sind halt schlechter”.

  5. Anonym, 35 Joer

    Ech ginn gäer an d Sauna fir ze entspaanen an well et mengem Réckwéi hëlleft, mä ech muss all Kéier een Dag Congé huelen fir kennen an d Dammensauna ze goen (déi sinn ëmmer an der Woch well Fraen jo schliesslech net schaffen). An der gemëschter Sauna gëtt een als Fra esou oft deplacéiert ugeschwat, ugebaggert, ungepaackt an belästegt, dass et onméiglech ass sech wuel zefillen.

  6. M

    Ech ‘traue’ mech mat 26 Joer net, menge Trikoten (hunn der 5) vu mengem Liblingsfussballveräin fir an de Fitness unzedoen, well ech ‘fäerten’, ech misst mer domm Kommentarer vu Männer unhéieren…ass mer schonn ze oft geschitt, well Fraen dach net op Fussball stinn oder wëll ech den Typpe gefalen? Kloer…wéinst Typpe kafen ech mer Trikoten am Wäert vu 85 (mol 5) €… brauch ech net och nach do…mee ass schued

  7. Anonymous

    An der Spillschoul hat mein Bluff am léifsten séng Lieblingsbox un: eng rosa Leggings mat Teletubbies. Eng Joffer huet mech drop opmierksam gemeet, dass dat kéng Jongebox ass a wéi ech awer guer net asiichteg war an him d’Box net wollt verbidden sot se: Da gëtt hen eben e puer mol ausgelaacht – dann deet hen se vum selwen net méi un. En ass iwwregens net ausgelacht gin: an der Spillschoul hun d’Kanner net esou vill Viirurdeeler.

  8. R.

    – mat 12, 13 Joer als “H*uer” bezeechent gin
    – “Wanns de dech sou undees, brauchs de dech net ze wonneren wanns de vergewaltegt gess.”
    – Am Gespreich mat enger Frendin: “Dain Ruf ass dat wichtegst an du muss en propper halen.”
    – “Jolie paire de seins” (an der Mettespaus virun der Schoul)
    – Privat Fotoen geklaut kritt, vun (männlechen) Klassenkameroden iwerall verbreed gin, am Gespreich mat der (weiblecher) Prof (fier Hellef) folgend Reaktioun: “Selwer Schold.” an “T sin jo nemmen kleng Jongen, t ass nemmen en Witz.”
    – Vun friemen Männer op der Stross ugeschwat gin, kloer an daitlech NEE soen, weider belästegt gin, sou lang, bis een seet: “Ech hun en Frend.”

  9. Anonymous

    E Lyceesdirekter huet mer oofgeroden Geschicht oder Archeologie ze studéieren. Dat wier näischt fir Meedercher, do géif ech mech just lächerlech maachen.

  10. Anonymous

    Ech hat bei engem Concours e Meter Béier gewonnen a gouf vom Verkeefer ausgelaacht, well Fraen esou eppes jo net drénken. (Dee meeschten Béier war iwwregens gudd)

  11. Anonym

    Menger Mamm hieren Ex-Frënd
    – war richteg iwwerrascht dass ech als Meedchen Bands lauschteren déi him och gefalen a net nëmme Pop
    – huet mech andauernd komesch ugekuckt wann ech z.B. moies am Nuetshiem ronderem gelaaf sinn
    – huet mech ëmmer nees mat menger Mamm an aanere Frae verglach an ëmmer nees ugedeit dass en och näischt dergéint hätt mat mer zesummen ze sinn
    – huet menger Mamm virgeschriwwen wat se iesse soll fir dass se net deck gett (obwuel zu dem Zäitpunkt richteg dënn war)

  12. R.

    Wannste wells an een Club goen an Männer 10+ Euro bezuelen mussen, an Fraen gratis erankommen – awer nemmen mam “richtegen” dresscode (aka. heig Schung, eppes enkes an/oder kuerzes).

  13. J

    Ech soutz am bus, haat en rack un well echbowes op en gebuertsdag gangen sin. E puer setzer mei hannen am bus(ech soutz am 4er Setz mam reck an Fahrtrichtung) soutz en Mann deen vum alter hier mein papp hätt kennen sin, also em 30 joer mei aal wei ech war, heen huet dei ganz busfahrt (30 min) mir kommentarer gemach wei “wells du mer net mol een blosen”, “hues du dech fier mech sou geil ugedoen”, “d’ Meedecher hautzudachs sin jo schon mat 12 Houeren”, “du wells dach bestemmt engkeier gudd duerch geholl gin” , dobai huet heen sech selwer andauerend an de Schrett gefasst an iwwer d’Lepsen geleckt an mech keng sekonn aus den Aen gelooss.
    Deemols war ech reicht 16 an wousst net wat ech mache sollt also hun ech just drop gewart sou seier wei meiglech aus dem bus ze kommen, ech haat zwar keng Angscht, mais ech war esou ugeekelt dass ech just nach fort wollt.

  14. Anonymous

    Am Skatepark zu 99,9% vun der Zait dei eenzeg Fra sinn. Mat kreien wei an verschidden FB Gruppen, Leit Behaaptungen opstellen, dass den Skatepark deen eenzegen Reckzuchsort fir Männer wär deen nach geif bleiwen, an daat misst och sou bleiwen. Fraen geifen ëmmer mei probeieren den Männer och deen Raum fort ze huelen.
    Diskussiounen iwert den Sënn vun “Girls Night” oder “Girls Only Night” am Skatepark, dei vun weiblechen Skater ugestouss ginn, well sie selwer keen Bedürfniss dofir haaten/hunn. Dei Leit wou am haartsten matdiskutéieren an daat Konzept “lächerlech” fannen an “sexistesch” an “sënnlos” sin zum groußen Deel Männer.

  15. Anonymous

    Main Exfrend, deen no senger 13e gemengt huet: “den eenzegen Grond, firwaat ech op d’Uni gin, ass well ech net well, datts de méi Geld verdéngs wéi ech.

  16. Anonym

    – En Typ, deen ëmmer erëm probéiert huet mech ze kussen, obwuel ech em onmëssverständlech ze verstoe ginn hat, dass ech dat net wéilt.
    – “Frae kënne vu Natur aus besser mat Kanner emgoen wéi Männer”
    – Dass op eise Familiefester keen eenzege Mann hëlleft den Dësch ze decken oder ofzeraumen, a falls dach, di aner Männer de Geck mat em maachen.
    – Wéi ech enger Frëndin erzielt hunn, wéi probleematesch ech den „Fra huet just sou gemaach, wéi wa se vergewaltegt gi wier“- Plot a Filmer fannen, an hier Reaktioun dorop war: Jo, mee vill Fraen ginn dat wierklech nëmmen erfannen. Wéi kann ee da Männer schützen, dass se net zu onrecht verklot ginn?
    – Dass bequeem, weid Kleedung fir Fraen als „Gammellook“ bezeechent gëtt.
    – Dass virausgesat gëtt, dass beim Danzen ëmmer de Mann féiert.
    – Dass op der Ladie’s Night am Utopolis nëmme Rom Com’en a Melodrame gewise ginn.

  17. ANONYM

    -Vum Trainer gefroot gin op mir all eis Regel hätten oder wat lass wier.
    -Beim Rausgoen vum Frend vun enger Frendin virun him gesoot kréien: Du hues sou schéi deck Lepsen, e gudde Bloosmond..
    -Vum Fahrerlehrer gesot kritt, du kinns mol eng Jupe undoen, hues e gudde Body. Um Recksetz e Stapel Playboy Exemplarer leien. (extremst versonsechernd matt knapp 18 Joer)
    -Du bass eng Fra, geff Léierin, e gudden Job fir Fraen….
    -(oft héieren)selwer Schold déi Fraen wann se vergewaltegt gin, well se hallef plakeg duerch d´Géigend laafen.
    dat si just e puer vu ville Situatiounen..
    an awer och Saachen héieren wéi..
    -wiesou mechst Du dat? -dat kennen Männer fir Dech erledegen/schleefen.
    -oder seff e Mann, rapp Dech
    etc ( dat ass genausou onfair an verletztend, wéi Sexismus géint Fraen)

  18. Anonymous

    – Am Cader vun enger FB- Diskussioun kruut ech vun enger Fra gesoot, ech keint nët beim Thema Familijenpolitik matschwätzen, well ech selwer keng Kanner hun.
    – Eng gläichaltreg Frendin, zu deem Zäitpunkt just Mamm gin, soot mer dann och: “krei mol en Kand, dann weesde waat Suergen sin”.
    – op der Strooss: “Salope”, “Je vais te baiser”, “Waat hues du en gäilen Bloosmond”, x-mol “ugeblockt”, “ugepaack” an carrément suivéiert gin.
    – privat: “du bas mer ze déck, mee bon, ech sin flexibel”.

  19. Selma

    Ob engem Floumaart, nodeems ech en sesselartegen Stull kaaft haat – war mat engem Kolleeg do:

    Verkeefer: “Wie trägst du den Stuhl nach Hause?”
    Ech: “Ich trage ihn.”
    Verkeefer: “Der ist doch schwer. Wenn dein Freund ein wenig Anstand hat, dann trägt er den für dich.”
    Ech: “…?! Ich kann meinen Stuhl auch selber tragen?!”
    Verkeefer laacht

  20. Anonyma

    Alles bezun ob d’Ausgesin:

    – “Geff der dach mol méih, wanns de sou ronderemleefs brauchs de dech net ze wonneren dass de keen oofkriss.” (Joggingsbox, Brell, ongeschminkt, ob enger Plaatz wou all Mensch sou ronderemleeft)

    – “Du bass ze déck, nierft dir kritt een einfach keen héich.”

    – “An schlabberegen Kleeder ronderemlaafen ass eppes vir Männer.”

  21. Anonym

    Ech hunn e stage gemaach am soziale beräich an hunn émmer missen engem eelere kiné zur säit stoen, och wann ech léiwer enger vun de kinéfraen gehollef hätt. Hien huet mech systematesch bei sech geruff an anstatt sech op seng arbecht ze konzentréieren, huet e mir sexuell witzer gezielt, mir säi privatliewen duergeluecht, e wollt mech invitéieren bei en heem, huet mer gesot ech hätt déi schéinsten aan déi e je gesinn hätt… Ech war 20, hien déck an di 50… Ech hu mäi stage dunn ofgebrach, hu gesot ech hätt keng zäit am moment, obwuel d’arbecht mer spaass gemaach huet… Ech hätt misse soen datt ech mech belästegt fillen, ma ech hu geduecht ech wier zevill sensibel oder ech hätt em ursaach ginn sou mat mer ze schwätzen…

  22. Anonym

    Ech stung virun der Gare op de Bus ze waarden, wéi echo p eemol „beep, beep, beep“ héiren. Ech kucken an di Richtung, aus däer dat Geräich komm ass a gesinn, dass e Mann domat probéiert huet meng Opmierksamkeet ze kréien. Ech dréie mech nees fort an ignoréieren en. Beemol héieren ech „Laach dach emol“, mee ech ignoréieren e wieder, gesinn awer aus dem Awénkel, dass den Typ mi no kënnt an denke schon „wann e net ophält, bläeren ech en un“. Wéi e viru mer ukomm ass, probéiert e mech um Bauch unzepaken an mécht dobäi nees dat „beep“-Geräich. Ech ginn e Schrëtt no hanne, fir ze verhënneren, dass e widdert mech kënnt. E geet fort a laacht.

  23. Anonymous

    Een Studienkolleg an ech, hun eng Präsentatioun ze maachen. Wei heen an den Kuer kennt, huet heen dei komplett PP emgeännert dei ech virbereed haat, anstatt just seng Deeler ze ergänzen, wei ausgemaach. Heen huet Elementer vun der gemeinsamer Arbescht erausgeholl, dei mir wichteg waren. Ech schwätzen heen dorop un, an mer huelen nees verschidden Saachen an d PP eran dei heen eraus geholl haat. Mir maachen eis aus, ween zu weiengem Deel wärt schwätzen. Ech sollt den Ufank maachen, heen den Schluss, fir den Recht maachen mer eis aus, falls een*t vun eis eppes vergësst, dann ergänzt deen*daat Aaneren*t.
    Mir fänken un mat der Präsentatioun, ech loosen heen d’Introductioun maan, mee anstatt mech weider schwätzen ze loosen, mecht heen einfach weider. Ech muss heen am Saatz ënnerbriechen fir dass ech och kann zwee Sätz dozou soen, dann iwerhëllt heen erëm. Ech stinn donierft an kann baal net gleewen waat grad passeiert. Ech ënnerbriechen heen nach eng Keier an kann nees just een Satz vun mer ginn, iert heen rëm weider schwätzt. Ech gin ëmmer mei rosen, mee waat fir mech d’Faas zum iwerlaafen bruecht huet war den Moment wou heen färdeg war an mech ukuckt an freet op ech net och nach eppes dozou ze soen hätt. Ech soen “Nee”, mee am fong mengen ech: “Nee, well du hues jo schon alles gesoot, Aschlach”. Mir kreien “eis” Kritik vum Proff, ech kann guer nemei nolauschteren well ech sou rosen sinn, iwert heen dass en mer keng Platz geloos huet, iwert mech well ech mech net mei duerchgesaat hunn.
    Dono schwätzen ech heen dorop un, dass heen mir keng Platz geloos huet, dass heen onennerbrach geschwaat huet, dass heen daat mat engem männlechen Studienkolleg net gemaach hätt.
    Heen verteidegt sech domat, dass een männlechen Studienkolleg mei vum selwen geschwaat hätt an souwisou, ech sollt net emmer d’ganz Menschheet opgedeelt an Fraen an Männer gesinn, heen geif keen Gender gesinn, fir heen wär keen Ënnerscheed tescht enger Fra an engem Mann an souwisou, heen hätt och eng Schwester an dei wär d’selwegt erzunn ginn wei hien.

  24. Anonymous

    Mir gouf mehrfach op der Basis vun mengem Geschlecht an menger Hautfaarw gesot, ech hätt näischt zum deen Ament beschwatenen Thema bäizedroen.

  25. Anonymous

    Ech setzen am Tram an den Mann(ongefeier 20 Joer mei aal wei ech) nierft mer hellt sech extrem vill Platz, ech probeieren net mech kleng ze maachen wei ech et normalerweis geif maan fir him Platz ze loosen, mee setzen mech och ganz normal dohin, sou dass main Been widdert sain Been kennt. Opeenmol kuckt en mech un an schwätzt mat mer, ech stoppen meng Musek an froen waat en soot. En seet ech hätt schein Aan. Ech kucken en un an verdreinen d’Aan, heen widderhellt et nach eng Keier. Ech soen him heen sollt ophaalen. Heen seet erem: Mee wanns de awer schein Aan hues? Ech soen him daat wär keen Grond fir mir daat ze soen. Heen as extrem no bei mir an mecht wei wann en net geif verstoen waat ech mengen (Villaicht versteet en et och net). Dann soot ech him nach eng Keier, dass heen mech net kennt, heen net einfach iergendwelchen Fraen am Tram sou Saachen keint soen. Ech schwätzen extra mega haart fir dass dei Leit rondrem sollen matkreien waat leeft. Keen kritt et mat oder wëll et matkreien. Main Arret ass do, ech klammen schnell eraus an vergewësseren mech dass heen net mat eraus geklommen ass.

  26. Anonymous

    En ehemolegen Matheproff soot et keint net sin dass all di bäscht an der mathe an onser klass lauter meedecher wieren.

    Beim museksexamen (an deem ech dei bäschten note krut) krut ech gesot, ech hätt eh lauter sympathiepunkten kritt well ech daat eenzegt meedchen war.

    Ech krut op der strooss vun engem eeleren mann ee kussmond gemaach.
    Een aaneren eelere mann huet an der reih bei der keess meng heften ugepaak.

  27. I

    Sin owes heemgetreppelt, an der Hollerecher Strooss gouf ech vun hannen vun engem Mann ugegraff, en huet mech festgehalen, ech konnt mech net wieren – war komplett vun Angscht erstarrt. No enger gefillten Eiwegkeet krut ech meng Reflexer zreck an hun him sou haart ech konnt an d’Gesicht gejaut. En huet mech lassgeloos, sin wi verreckt heemgesprint. Mamm soot ech sollt eng Plainte bei der Police maan mee ech konnt en net beschreiwen, Panik hat all meng Senner erstarrt.

  28. I

    Am Lycée Michel Rodange vun 2 eeler männlech Proffen:
    – op 6e (ech war 14) an der Bio iwwert meng Laun: “Hues du deng Regel? Well wann net well ech mer guer net virstellen wiste drop bass wannste se hues.”
    – währendeems ech meng Mathespruefung geschriwen hun huet den Proff sech vun hannen quasi iwwert mech gebeit, vir ze ‘kucken’ op ech eenz geif gin.

  29. Michelle

    E puer vu villen Erliefnesser:
    Am Bus sinn ech vun engem Friemen gefrot ginn op ech nach Jongfra sinn.
    Vun engem Penner deem ech amplaz Suen meng Kichelcher ugebueden hunn, gouf ech (am Wanter) als Merci gefrot wéini ech dann eng Mini Jupe undoen géif.
    Mat 14 am Schwammclub vun engem 70-jähregen héieren wéi sexy ech sinn, sou dat ech mech onwuel gespuert hunn e Bikini unzedoen.
    Mat 16 Joer op engem Bal huet en Friemen mat deem ech kuerz gedanzt hunn mäin Gesiicht zou sech gedréint a probéiert mech ze këssen.
    Vun engem eeleren Mann um Bus Arrêt eppes gefrot ginn, wat ech net verstanen hunn an dat dommt Gefill gefrot ginn ze sinn ob een Prostituéiert ass.
    Ëmmer rëm déi Verkeefer Masch dat Bezueltent ëmmer rëm fort ze zéien fir dat een duerno gräift.
    An duerno ëmmer dat Gefill dat een sech falsch verhalen huet, an dach net ze wëssen wéi een sech verhalen sollt.

  30. Anonymous

    “Du kucks gaeren Actionfilmer? Mee du bass jo och keng richteg Fra”
    “Du kanns dach net mat enger Box erausgoen, du muss dach weisen waats de hues!”
    “Wanns de dech schminken géifs, dann wiers de richteg chaud”
    “Du wells Lagerfeier maan? Iwerloos leiwer den Männer daat!”
    “Du studeiers Politik? Do waerts de ett als Fra awer schweier kreien!”

  31. Anonym

    Wéi ech engkéier op der Gare op main Bus geward hunn, hunn ech een aalen, net extrem gepflegten Mann ugekuckt. Hien huet mai Bleck gesinn, an huet dat iejendwéi als Opfuerderung verstaan, an de selweschte Bus wéi ech ze klammen an sech probéiren nierwent mech ze setzen. Hien huet extrem no Alkohol a Schwees gestonk an huet sech einfach hannert mech gesat, wei ech meng Posch net fir hien gereckelt hat. Am Laaf vun der Fahrt huet en beemol seng Hänn u mengem Setz geriwwen an liicht gestöhnt. Iejendwann ass en einfach opgestaan an wollt sech rem nierwt mecht setzen. Dunn huet den Buschauffeur en rausgeheit.

  32. Anonym

    Mir ass eng Kéier en Typ nogelaaf deen ech zoufälleg am Zuch ugelaacht hunn. Während der ganzer Fahrt huet en intensiv probéiert meng Opmierksam ze kréien (intensivt ublocken, Féiß untippen,…) a wéi ech rausgeklomme sinn, ass hien mir einfach nogaangen, obwuel ech zimlech séier probéiert hun ennert de Leit ze verschwannen. En ass mir baal bis firun d Hausdier nogelaaf a wollt onbedengt meng Nummer, obwuel ech em puer mol scho Nee gesot hat. En ass eréischt verschwonnen bis en se hat (an natierlech hat en direkt kontrolléiert op se richteg wor).

  33. Anonymous

    Bemiërkungen, di ech als iwwer 1,80 m grouss Fra scho gemëet kruut a Saachen di ech wëll oft um Internet geliës hunn:
    – “Jo du diërfs dach nët méi grouss oder mi aal wi däin (an dësem Fall potenzielle) Frënd sinn! Dat gesäit dach soss komësch aus!”
    – Boys prefer smaller girls because they are cuter!
    – Vum Buschaffeur massiv ugeflirt an ausgefroot iwwert perséinlech Saachen. (Nee dat ass leider kee Witz…)
    – Vu wëllfriëme Männer a Jongen ugepaff ginn

  34. Anonym

    Dat hei sinn alles Sätz, déi schon zu mir gesot goufen, verschiddener vu frieme Leit, verschiddener ëmmer an ëmmer erëm:
    – Hues du ofgeholl?
    – Du kucks ëmmer sou eescht. Laach dach mol.
    – Du ëss wéi e Mann.
    – Du drénks wéi e Mann.
    – Sou wéis du dech soss ëmmer ugedoen huet, wosst een heinsdo net, obs de e Mann bass oder eng Fra.
    – Wat waren dat nach schéin Zäiten, wéi Fraen de Männer gefollegt hunn.

  35. anonym

    ech war leschte summer an enger disco an do huet en typ mech ugemaach, deen ech just vu gesinn kannt hunn an huet mech dono forceiert fir em en ‘hand job’ ze maan. dono wollt en nach weider goen, mee ech hu mech gewiert.

  36. Anonym

    Wéi ech virun e puer Joer am Melu war, hunn ech do mat engem Typ gedanzt, deen ech net kannt hunn a mat deem ech och deen Owend selwer kee Wuert geschwat hunn. Op eemol fiert e mer ouni Virwarnung mat der Hand an de Schrëtt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *