D’Première vum neien R22-Film wor den 27. Dezember am Ciné Sura zu Iechternach.
Eng weider Virstellung fënnt den 30. Mäerz um 20:00 Auer am Ciné Scala zu Dikkrech statt.
Och hei ass d’Entrée gratis
Produktioun: Richtung22
Land: Lëtzebuerg 2017
Dauer: ca. 75 min
Sprooch: lëtzebuergesch
Alter: Ab 12
Youthless
Dei hätten dach besser gehat hir Meiler ze halen an nëmmen ze spueren fir hier Affekot*innen fir déi näechst Verhandlungen bezuelen ze kënnen, wäerten sech elo déi meescht denken. Hunn mir am Prinzip och geduecht, mee dunn war et een laange Summer an sou een Artikel an den New York Times ass awer eppes Schéines.
Dat ass bestëmmt nees sou lénksversifften Politikquatsch wou eist Land duerch den Dreck gezunn gëtt. Falsch! Dësen Film huet genee souvill mat Politik ze dinn wei d’ACEL. Dowéinst geet et och haaptsächlech ëm d’Schëdden. Kuerz gesot, et geet em déi ondankbar Jujend an hir „Kultur“, bëssen Romantik ass och nach dran. An dann trëllt och nach andauernd den Bëschof duerch d’Bild, keng Ahnung wéi dat geschitt ass.
Firwat soll ech dat kucken, ma een ass witzeg, ee mécht Spaass – et ass mol eppes aneres. An ganz éierlech wien op engem Internetsite den Text bis heihinner liest huet souwisou näischt besseres ze dinn.