—> Vote ab 19.12. 05h00
Et ass ee Präis mat engem méi laanger Traditioun wéi den FIFA-Friddenspräis. Scho fir d’zweet Joer hannerteneen stëmmen d’Hannerland-Liesender of: wee kritt dat Gëllent Kallef vum Joer 2025, den eenzeg demokratesch legitiméierte Präis am Land?
Dir, eis geschate Lieserinnen a Lieser, dediéiert mat Ärem Vote dëse prestigiéise Präis. Dem Kallef 2025 schenke mir no senger Kréinung e Joer laang eng eege Kolumn am Hannerland. Wien huet et verdéngt?
D’Shortlist 2025

Lydie POLFER
Grand-Duchesse vun de (kalen) Häerzer
Zitat: „Et wäert direkt duerno alles genau transparent matgedeelt ginn.“
Si ass scho sou laang präsent, dass si net just zwee mol als Politikerin bei enger Kréinung hei am Land dobäi wor, mee, no 1982, lo scho fir d’zweet als Stater Buergermeeschtesch de Parking um Rousegäertchen ageweit huet. Wéi keng zweet hei am Land weess d’Lydie Polfer, dass d’Geheimnis vum Muecht-Erhalt doranner läit, méiglechst mann Informatiounen no baussen ze ginn. Wat d’HUT der Press seet, soll dowéinst mat hir ofgeschwat ginn. Donnéeën iwwer de Leerstand verweigert si souguer hirem Parteikolleeg Claude Meisch. D’Käschte vum Trounwiessel ginn net am Virfeld verroden. Souguer bei Daten iwwer Zebrasträife kämpft d’Lydie bis an déi lescht Instanz géint d’Recht op Informatioun. Och am Hibléck op déi ominéis “Lag am Garer Quartier” sti Statistiken enger gudder Politik just am Wee. Wann et drëms geet de Premier anzeberuffen an d’Leit mat Police Locale, Securityfirmen, oder enger Biergermiliz ze terroriséieren, ass déi eenzeg relevant Policestatistik dem Lydie säi Sécherheetsgefill.
Den Éierepräiss vun der japanescher Ambassade soll dowéinst net deen eenzege Präis 2025 fir d’Madamm Polfer bleiwen.

Carlo THELEN
Lobbyist fir Rulings, Rüstung a Russesch Suen
Zitat: „Wann d’Leit zu Lëtzebuerg méi Suen hunn, fléissen déi an d’Ausland.“
De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Handelskummer an aktiivsten Spriecher op RTL nach virum Fränz Aulner, weess, wat déi Lëtzebuerger Wirtschaft brauch: de Wirtschaftswuesstem. A wat Wuesstem ugeet ass de Carlo méi aggressiv wéi eng Kriibsmetastas. Mindestloun? Schlecht. Sonndes fräi? Schlecht. Méi Fraen a Féierungspositiounen? “Wa keng Fraen do sinn, da sinn ebe keng do. Da kann een se net erbäizauberen.”Staat a Bürokratie? Kann duerch KI ersat ginn. A Mënscherechter? Och schlecht. Do hu Länner, wou bei der Sklaverei net sou genee hi gekuckt gëtt, e kompetitive Virdeel.
D’Zukunft gesäit hien awer net just schwaarz. De Sekretär vum Militärindustrie-Interessensverband LuxDefense hofft op d’Rüstungsindustrie. An doduerch, dass déi Belsch-Lëtzebuergesch Wirtschaftskummer a Russland Seminarer zum Ëmgoen vun europäeschen Sanktiounen ubitt, kënne mer och hei vun all Säit profitéieren. Falls de Carlo Thelen gewënnt, kënne mir garantéiren: säi Gëllent Kallef huet aus Käschteneffizienzgrënn definitiv nach nie eng Wiss gesinn.

WILLY V. vu Lëtzebuerg
Papp vum jéngsten Ierf-Grand-Duc vun eiser Geschicht
Zitat: „Ech soen Iech villmols Merci fir déi flott Cadeauen, déi ech haut vun iech kruut.“
.Mat der Wiel vum “Kallef vum Joer 2025” kéint eisen neie Grand Duc demokratesch legitiméiert ginn. Hien ass ee staarke Leader an däischteren Zäiten, an dat ganz ouni Charisma – dat huet de Willy V. vun Nassau de Gäscht um Gala-Dinner ze verstoe ginn. Säi Virbild wier nämlech d’Grand-Duchesse Charlotte. Déi hat jo an de 40er Joren heiansdo tëscht Tea an Dinner zu London e puer Wierder an de BBC-Mikro getuddelt, fir no Krichs-Enn hier Lännereien net ze verléieren.
Den Dag nom offiziellen Trounwiessel™, deen eis vum Cactus, der CFL an der Raiffeisekeess präsentéiert gouf, huet de Willy V. versicht sech a säi Vollek mat der gréisster Party vum Joer vu sengem tragesche Schicksal ofzelenken. D’Flak-Scheinwerfer op der Rouder Bréck, d’Kampf-Dronen um Glacis an déi martialesch Inzenéierung vun engem gëeent marschéierende Vollek hannert hirem verschoterte Führer, deen si vum moderne Lëtzebuerg (Kierchbierg) an dat alt zeréckféiert, bleiwe fir 2025 an de Käpp. Zumindest vun deenen Tourist*innen, déi sech dee Moment an der Stad verlaf haten.

Georges MISCHO
Regierungsstoussnéckel
Zitat: „Ich mache nicht immer alles richtig.“
Nominéiert gouf de Minister vir Sonndesaarbecht vun de Gewerkschaften, déi an engem Schreiwen am Hierscht dem Georges Mischo seng Kompetenzen (“keng”) ervirgehuewen hunn. D’Nominatioun gouf schlussendlech souguer vum Finanzminister ënnerstëtzt, a wéi dee Georges Mischo dann um Buedem louch ass d’Press dra gegrätscht. De Match wor gelaf an e Gedenksteen wäert iergendwann am Sportsmusée u säi Glanzjoer erënneren.
Als ADEM-Chef huet hie selwer mat ugepak an dat him (ganz) nostoend Anne Heintz och nach an de Coque-Verwaltungsrot placéiert. Sanktioune fir Geflüchter? Jo! D’Berechne vum Mindestloun unhand vun enger EU Direktive? Hien hat et net sou mat den Zuelen! Mee sengem Fangerspëtzegefill verdankt d’Land déi gréisst Gewerkschaftsmanif zanter Joerzéngten. De Georges Mischo wor éierlech, flappseg an huet als Minister d’Sue verdeelt, wéi wann hien de Buergermeeschter vun Esch wier. E perfekte Sënnebock. Mee och d’Kallef vum Joer?

Stacey FEINBERG
Dankbarkeet-appreciéierend US-Royalistin
Zitat: „I see parallels between the Prime Minister and our President, wonderful parallels.“
Knapps ass d’Stacey Feinberg nei US-Ambassadrice, schonns läit hier Lëtzebuerg zu de Féiss. D’Politik dréckt sech d’Klensch an d’Hand, den Tom Leick spärt säin Theater op an d’Caroline Mart bitt sech als Pressespriecherin un. Op RTL sot d’Stacey dem “Hellegen” a “Märtyrer” Charlie Kirk posthum Merci fir den neie Job. De Kirk wor rezent op der “Marketplace of Ideas” faillite gaangen, obwuel d’Stacey senger Fascho-Organistatioun sou vill Suen an d’Strass gestach hat, dass déi dem Kirk zum Schluss wuertwiertlech zum Hals raushoungen.
D’Milliounen-Ierwin an Trump-Mäzenin kënnt op Lëtzebuerg fir eis z’edukéieren, sot si am Juni wärend hirem Hearing am US-Senat. Mir géifen nämlech dem Satan, also China, zevill vun deenen Daten ginn, déi besser bei Google, Meta oder Palantir opgehuewe wieren. A wien Angscht virum neien US-Sécherheetspabeier hätt, an deem d’EU zerluecht an déi Rietsextrem gestäerkt gi sollen, sollt einfach an dem Trump seng “wonnerschéi blo Aen” kucken.

Xavier BETTEL
Honds-Influencer
Zitat: „Et ass eng cocasse Situatioun déi mir hunn.“
Hien war méi op Dëppefester wéi am Ausland, inzenéiert sech an der Don’t-call-it-Tripartite als Mediateur an drätscht elo e Mupp, benannt no der Theatergewerkschaft, fir de Süssi-Effekt an all Kamera. D’Beléiftheetsskala bestätegt: De Xavier ka Premier.
Mee kann hien Ausseminister? An 90 komplett improviséierte Minutten an der Chamber liwwert hien trotzdeem brillant Analysen (“An der Ukrain ass leider d’Situatioun nach ëmmer net gutt”). Mat senger gejéimerter Stëmmlag kann hie souwuel d’Waffeproduktioun zu Lëtzebuerg am Numm vum Fridde fuerdere wéi seng Passivitéit bei israeelesche Bonds, de Sanktiounen an der Palästina-Unerkennung verdeedegen. Hien blufft mat enger Plainte géint een Insta-Post a wann hien (oder seng Mamm) et wëll, blockéiert hien och mol e ganzen EU-Ministerrot bei de Ruanda-Sanktiounen.
Hien ass also sou därmoosse qualifizéiert, dass de Luc Frieden déi wichteg Auslandsmissiounen 2025 iwwerholl huet.

Jean-Claude HOLLERICH
Verfassungswiechter
Zitat: „Ma wou si mer dann?“
Et sollt net duergoe fir de lokale Representant vun der pädokrimineller Vereenegung “Vatikan”, fir sech Iohannes Claudius I nennen ze däerfen. Nom Doud vu sengem Mentor Franziskus waren d’Hoffnunge grouss, mee et sollt net sinn. Huet hien de Papa Fränz well ze vill idoliséiert? Dat gëtt a sengem Veräin jo net gär gesinn. Mee vläicht geet et jo duer fir dass de Kardinol Hollerich eng vill méi wichteg Éier kritt: Scho fir d’zweet ass de Mann fir d’Gëllent Kallef nominéiert, dës Kéier fir seng brillant Aussoen iwwer d’Pläng, d’Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung ze schreiwen. Dës Decisioun géing d’Leit dozou dreiwen, rietsextrem Parteien ze wielen. Huet hien well op der falscher Sprooch iwwerluecht? “Rechte stärken” ass just op däitsch zweedeiteg.
Dobäi geet et jo ëm d’Verfassung vu Lëtzebuerg, an net déi vu sengem Männerveräin. Wat an där awer dra steet ass, wat säin Här vu bestuete Frae verlaangt, déi hirem Mann ontrei waren: Ofdreiwung (Num. 5:11-31). Ob d’Fräiwëllegkeet de wierkleche Problem fir de Jean-Claude ass?

Fernand KARTHEISER
Polygamen Diplomat
Zitat: „It brings me immense joy to see the United States led by a President who prioritizes wisely“
Wat hunn de SREL, de KGB an d’CIA gemeinsam? Richteg, de Fernand Kartheiser. Den iwwerzeegte Mann wollt och 2025 d’Groussmächt eegenhändeg befriddegen. Den Donald Trump krut ee Liibesbréif (deen, sou wäit gewosst ass, onbeäntwert blouf) a beim Vladimir Putin huet de Fern probéiert, mat enger Reih Russland-Visiten an Interviewen mat russesche Staatsmedien unzebändelen. Wéinst dëser zweeter Affär ass de Fern am EU-Parlament aus der rietsextremer EKR-Famill verstouss ginn.
Seng Déierendoktesch huet him zwar verséchert, dass seng national Partei weider ganz no hannert him steet, mee den ADR-Éierepresident Robert Mehlen hat es genuch. Dat dierft den Fern wéineg stéieren, hien ass méi un deene Jonken interesséiert: de Michel Lemaire huet hie perséinlech mat engem Date am Hotel Royale an d’Partei gelackelt. Dofir, dass hien zanter Joerzéngten de rietse Bord zu Lëtzebuerg nach méi wäit no riets verféiert huet, hätt de Fernand definitiv dat trojanescht… pardon, dat gëllent Kallef verdingt.