Laang souz d’Hannerland-Redaktioun beieneen fir aus enger laanger Lëscht déi 8 Finalisten erauszesichen, déi am Joer 2024 d’Land geprägt hunn a symbolesch fir déi Zäit an dat Land stinn, an deem mir liewen. Et sinn, dat läit
wuel an eiser Zäit an un eisem Land, schlussendlech just al wäiss Männer vun deene mir behaapte
kennen, dass se dëst Joer an der Course ëm d’gëllent Kallef vum Joer ganz vir mat derbäi sinn. Aus alle Beräicher, déi dat ëffentlecht Liewen prägen, hu mir e Vertrieder erausgesicht: Sport (Luc Holtz), Relioun (Jean-Claude Hollerich), Konscht (Pim Knaff), Sécherheet (Leon Gloden), Politik (Christophe Hansen), Wëssenschaft (Xavier Bettel), Orange Week (Claude Meisch) a Krichswirtschaft (Steve Thull).
Direkt ofstëmmen a sech éischt spéider informéieren? Scrollt rof bis zum Enn vun der Säit
Xavier BETTEL
Ex-Buergermeeschter, Ex-Premier, Ex-Droitsdiploméiert an elo Chefdiplomat fir den Ex-Térieur.
Zitat: „Ich bin jetzt kein Diplomat“
Mat engem Wuert: Selbstlosegkeet. Wéi keen aneren affert sech de Xavier Bettel fir een Job, deen him null Spaass mécht a vun deem hien null Ahnung huet. Geplot vun enger chronescher Allergie op Komplexitéit, beméiht sech de Lëtzebuerger Chefdiplomat trotzdem fir dem Land mat sengen nuancéierten Analysen d’Welt z’erklären: „den Hamas an den Hisbollah sinn Drecksäck“, „den Iran ass sou komesch“, „A Palästina leeft och net alles super“ oder och „den Här Assad war kee Gudden.“
Wat vu baussen wéi Improvisatioun wierkt ass eng Bereetschaft sech ganz an den Déngscht vu Lëtzebuerg ze stellen. D’Caritas gëtt fale gelooss an d’Schéier bei den Cooperatiouns-ONGen ugesat – sou gëtt manner Geld verschwend. De Xavier Bettel lehnt den NATO-Bäitrett vun der Ukraine of, während de Luc Frieden dofir ass – domat ginn fir d’Enn vum Krich all d’Optiounen opgehalen. De Xavier Bettel verzicht souguer grousshäerzeg op en héije Posten an der EU. D’Natioun sollt dankbar sinn.
Christophe HANSEN
Beschützer vu Bësch, Déierewuel an Demokratie.
Zitat: „Es ist bedauerlich, dass Leute, die sich pro-europäisch nennen, nicht für diese Kommission gestimmt haben.“
Nodeems eise Luc weder eng Fra, nach de Spëtzekandidat vun de Sozialisten wollt als EU-Kommissär nominéieren, blouf just nach ee Choix – dem Martine Hansen säi Koseng. De Christophe Hansen seet, wat d’Leit wëllen héieren. Also de Géigendeel vun deem, wat hien dono mécht. Sou sot hien, e géing sech beim Vote fir déi nei Kommissioun enthalen an huet dunn awer fir sech selwer gestëmmt. A fir säin neie Chef, den Italieener Raffaele Fitto. Datt dësen ee Postfaschist ass, stéiert den Här Hansen wéineg. Dat seet hien am selwechten Interview, an deem hien Extremisten d’Schold un der aktueller Instabilitéit an der EU gëtt.
Apropos Extremismus, mam Mercosur-Deal ënnerstëtzt den neien Landwirtschaftskommissär d’Visioun vum Sozialdarwinist Javier Milei. An dat opwuel de Christophe Hansen dach sot, hien wéilt de Baueren d’Liewen erliichteren. Domat ass hien e perfekte Kandidat fir dat gëllent Kallef vum Joer – aus Käfeghaltung.
Léon GLODEN
Konschtkritiker a Landesmeeschter am no ënnen trëpplen
Zitat: „Mir mussen alleguer zesumme kucken, weider géint d’Aarmutsbekämpfung vir ze goen.“
De Léon Gloden, Minister fir dem Lydie Polfer seng privat Sécherheet, weess, dass ee muss mat Gefill regéieren. Virun allem mat Bauchgefill.
Sou weess hien intuitiv, dass Bande professionell Heescherten uechter d’Stad placéiren, just fir him op de Geescht ze goen. An dass doduerch en Heescheverbuet néideg ass. An dass dat, anescht wéi vun Expert*innen behaapt, net
géint eis Verfassung a Mënscherechter verstéisst. A säi Bauch seet him och, dass dëst Gesetz esou efficace ass wéi d’Police Locale. Dem Gloden säi Bauch ass allerdéngs esou mat Denke beschäftegt, dass e Problemer huet, Kritik ze verdauen. Sou huet hie prompt dem ganze Konschtsecteur d’Schold dru ginn, dass ee seng Mauer verschéinert a getest gouf, ob sengem Fils säin Auto nach genuch Loft an de Pneuen huet.
Do huet et him dann och kee Bauchwéi bereet, en iranesche Kënschtler auszeweisen. Oder war dat einfach just Kalhäerzegkeet? Op alle Fall hoffe mer, dass him dat gëllent Kallef gutt bekënnt.
Pim KNAFF
Beléiften Bon-Vivant a francophilen Steieroptiméierer
Zitat: „Ech sti fir dee Feeler riicht a bezuelen dofir.“
D’Partydéier vum Joer ass ouni Zweifel den Escher Kulturschäffen a frEsch-Präsident Pim Knaff. Eng méi breet national Bekanntheet krut de Pim Knaff dëst Joer duerch säi Konschtstéck, trotz enger Veruerdeelung wéinst schwéierer Steierhannerzéiung, déi hie virun der Ëffentlechkeet verstoppe wollt, op sengem Stull pechen ze bleiwen. Beandrockend och um Meta-Level: Zur Zäit vun de Faite souz de Pim Knaff als Deputéierten an der Commission de la Justice an der Chamber.
Trotz enger exzellenter eelefter Plaz op der DP Süd-Lëscht bei de Walen huet den „Pim Tonic“ et net méi an d’Parlament gepackt an huet sou dëst Joer méi Zäit fir dat festiivt Verbrennen vu Suen an der Gemeng Esch z’organiséieren.
Wärend dem leschten Iwwerrescht vun Esch2022, der héichdekoréierter Elektron-Directrice, d’Moyene gestrach goufen, gëtt de Francofolies-Budget fir 2025 duerchgeboxt. Déi ganz Gemeng mécht d’Aen zou, fir dass den 2-Niewenjobs-Direkter Loïc Clairet e gudde Batz vun deene Suen u seng Kolleegen zu Lille ofzweige kann. Wat mécht een net alles fir d’Konscht!
Steve THULL
Old-School Offiziéier a Krichsvirbereeder
Zitat: „Domadder kënnt der kee Land anhuelen.“
Et wor schonn nees e gëllent Joer fir den héichsten Zaldot am Land. D’Arméi gouf weider mat Millioune Steiergelder bombardéiert an de Generol Steve Thull weess elo guer net richteg, wouhin domadder. Daper verdeedegt hien de Kaf vu Panzere an erkläert um Radio, dass ee „fir um Terrain z’avancéieren“ numol Gefierer an Zaldoten aplaz „Cyber“ brauch. De Reklammsslogan um Site vun der Arméi, „s’enrichir au-delà des frontières“, kritt domat eng nei Bedeitung.
Fir déi néideg Zaldote fir kommend Invasiounen zesummen ze kréien, gëtt ewell an all Bushaische rekrutéiert. Leider ka sou just einfacht Kanounefudder mat fragiller Maskulinitéit fir „däin Asaz“ ugelackelt ginn. Gebraucht gëtt awer och Personal, dat bis dräi ziele kann, fir d’Dronen iwwer d’Kontinenter ze schécken. Fir dee Plus u groer Mass an d’Uniform ze kréien, huet dat potentiellt Kallef vum Joer en Operatiounsplang.
Ganz ouni sech an d’Politik anzemëschen, lancéiert de Generol d’Debatt ronderëm d’Wehrflicht. Et ass d’Diskussioun
vum Joer.
Claude MEISCH
Portfoliomanager a Kaffistasenzerbriecher
Zitat: „Hefteg an deels och emotional“
No de Walen wollt de Claude Meisch eigentlech alleguerten d’Ministèrë gläichzäiteg iwwerhuelen. Dann huet hien sech awer op d’Dossieren Bildung, Jugend, Wunnengsbau an Landesplanung beschränkt an dat offensichtlech mat Erfolleg: kritesch Stëmmen, wéi déi vum Generaldirekter vun der Caritas, héiert een elo manner.
D’Wunnengskrise ass eriwwer (zumindest fir d’Promoteuren), d’Kanneraarmut verschwonnen (zumindest vun der Lëscht mat de Prioritéiten) an och wann den nationalen Bildungsrapport vun 2024 deen nämmlecht desastréise Bilan zitt, wéi dee vun 2015, kann een de Minister just luewen. Ëmmerhinn huet hien, deen 2017 d’iPad-Klassen agefouert huet, de Schwäi-
Kanner endlech den Handy ewechgeholl. 2024 hu mir de Superminister awer och vu senger mënschlescher Säit kennegeléiert. Eng him ënnerdoen Beamtin gouf vum Claude Meisch an engem Café aggresséiert. Kee Grond doraus eng grouss Saach ze maachen, Press a Politik verzeien gären a séier.
Jean-Claude HOLLERICH
Kardinol an häerzensgudde Feminist
Zitat: „Hätte ich das Geld, würde ich es der Caritas geben“
2024 war e Joer, an deem sech déi kathoulesch Kierch vun hirer beschter Säit gewisen huet. Si huet gewisen, wéi wichteg si d’Konzept vun der Nächsteléift nach hëllt. Dofir huet de Kardinol och alles dru gesat, fir d’Caritas aus dem Ruin ze retten. Si huet gewisen, wéi wichteg d’Gläichstellung vu Frae bannent der Kierch ass. Dofir huet de Kardinol sech och fir Fraen als Paschtouesch agesat. Si huet gewisen, wat eise Kardinol vu Minoritéiten hält. Sou ass hie géint Bestietnis vu gläichgeschlechtleche Koppelen – mat der Begrënnung, dass dat afrikanesch Bëscheef kéint irritéieren.
Si huet gewisen, wat si vun Affer vu Vergewaltegung an Inzest hält. Well souguer fir si ass e Schwangerschaftsofbroch genee sou e Verbriechen, wéi e Flüchtling am Mëttelmier erdrénken ze loossen.
Dat gëllent Kallef kéint de Kardinol nach aus der Bibel kennen. Ob en déi well gelies huet? Vun Ofdreiwung ass an deem Schmöker op alle Fall keng Rieds.
Luc HOLTZ
Nationaltrainer mat Häerz, Erfolleg a Führerschäin.
Zitat: „Hei ass eng Linn iwwerschratt ginn“
D’Lëtzebuerger Sportswelt stoung 2024, trotz sensationelle Sensatiounen bei der Olympiade zu Paräis, nees ganz am Zeeche vum Futtball. Hei ass d’Welt nach an der Rei an déi sportlech Erfolleger si méi wichteg wéi Gehälter (zu Hesper) oder d’Bürokratie (zum Beispill de Vote fir d’WM a Saudi Arabien).
Ufanks vum Joer huet eist Land et bal an e Spill gepackt, vun deem aus mir et dann an d’Europameeschterschaft hätte packe kënnen. Zum Enn vun der Saison gouf et souguer nach e méi groussen Erfolleg: Mat engen 2:2 géint Nordirland gouf déi leschte Plaz am Grupp 3 geséchert an heldenhaft den Ofstig an déi lescht Liga vun der Nations League erausgezögert.
Symbol vun deem Erfolleg ass den FLF-Trainer Luc Holtz, e Mann mat klorem moralesche Kompass – dowéinst hätt hien e Präis verdéngt. Mat senger Kritik um Trainer huet de Maxime Chanot „eng Linn iwwerschratt.“ D’Veruertdeelung vum Gerson Rodrigues wéinst dräi Gewaltdelikter ass awer kee Grond sech Froen ze stellen.