033 – Staatstrauer

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
033 - Staatstrauer
/

Lauschtert hei nach eng Kéier den offiziellen den Staatstrauer-Special.

Dat ganzt Land trauert. Den Premierminister trauert, d’Regierung an d’Regierungsparteien, d’Press an mir natirlech och. An eisem Trauerprogramm geheie mer ee Bléck an de gutt gefëllte CV vum Verstuerwenen, iwwerpréiwen op all d’Presseorganer brav mattraueren a lauschteren d’Lidder, déi dem Jean gewidmet goufen.

Och mir ёnnerstёtzen Monarchie, Politik a Press dobäi fir den Dout vun engem 98-jähregen Adlegen aus enger Multimilliardärsfamill zum emotionalsten Moment vum Joer ze maachen. Emmerhin geet et hei dorёms Reklamm fir eist Land ze maachen an d’Legitimatioun vun der Monarchie duerch eng filmräif Inszenéierung vun hierem Privatliewen z’erhalen.


98 Joer diskret Verméigensverwaltung:
Dëse Grand Duc wor definitiv ee Symbol fir d’Lëtzebuerg.