Youthless




D’Première vum neien R22-Film ass den

27.Dezember um 15:00, 17:00, 19:00 an um 21:00 am Ciné Sura zu Iechternach.

Entrée ass fräi, wéinst der enormer Demande awer w.e.g Ticketen um ticket-r22@hotmail.com reservéieren! Gehet hin in Frieden


Produktioun: Richtung22
Land: Lëtzebuerg 2017
Dauer: ca. 75 min
Sprooch: lëtzebuergesch
Alter: Ab 12


Plakat Onbemannt Missioun

Youthless

No engem Joer ouni Film ass et nees souwäit! Den neien Richtung22 Film ass prëtt.

Dei hätten dach besser gehat hir Meiler ze halen an nëmmen ze spueren fir hier Affekot*innen fir déi näechst Verhandlungen bezuelen ze kënnen, wäerten sech elo déi meescht denken. Hunn mir am Prinzip och geduecht, mee dunn war et een laange Summer an sou een Artikel an den New York Times ass awer eppes Schéines.

Dat ass bestëmmt nees sou lénksversifften Politikquatsch wou eist Land duerch den Dreck gezunn gëtt. Falsch! Dësen Film huet genee souvill mat Politik ze dinn wei d’ACEL. Dowéinst geet et och haaptsächlech ëm d’Schëdden. Kuerz gesot, et geet em déi ondankbar Jujend an hir „Kultur“, bëssen Romantik ass och nach dran. An dann trëllt och nach andauernd den Bëschof duerch d’Bild, keng Ahnung wéi dat geschitt ass.

Firwat soll ech dat kucken, ma een ass witzeg, ee mécht Spaass – et ass mol eppes aneres. An ganz éierlech wien op engem Internetsite den Text bis heihinner liest huet souwisou näischt besseres ze dinn.