Waarm Loft – schlechte Klima

“Der Lёtzebuerger Politik fir d’Rettung vum Klima. Merci.”

D’Denkmol fir déi grouss Efforten a visionär Impulser vun der Lëtzebuerger Politik a Saache Klimaschutz gouf haut Nuecht zu Waasserbëlleg ageweit. D’Enn vum Tanktourismus gouf vum Claude Turmes duerch d’Erhéijung vun den Akzisen ageleet (“1 Cent”), d’Martine Hansen huet fir méi kleng Autoe plädéiert (“SUVchen”), den Etienne Schneider sicht nom Planéit B fir do Ressourcen ofzebauen (“Wat géif d’Carole soen”), d’Pirate schreiwen op hier Plastiksplakater dass se géint Plastik sinn an de Xavier Bettel huet zwar näischt gemaach, gesäit op der Photo awer sou aus wéi wann en déi Jonk wierklech eescht huele géif.

Deene Jonken, déi fir d’Reduktioun vum CO2-Ausstouss op d’Strooss gaange sinn, bléift guer näischt anescht iwwereg wéi dankbar ze sinn.