Sitcom – De Film

Iwwersiicht: Produktiounsinformatiounen; Beschreiwung; Biller aus dem Film; Team; Trailer; Script; Photos; Press



Produktiounsinformatiounen

Produktioun: Richtung22 – DeMonni Productions
Land: Lëtzebuerg 2013
Dauer: ca. 70 min
Sprooch: lëtzebuergesch
Alter: ab 12


Plakat Sitcom de Film

Sitcom – De Film

Endlech hunn et e puer Jonker gepackt, dem brutalen Aarbechtsmarché bei der LIXO S.A. an de Spuerprogrammer vum Troika-President z’entkommen. Gedriwwe vum Wonsch hier Aarbechtskraaft just fir ee sënnvollt Zil hierzegin, landen si virun der Dier vum DeMonni, deem bekanntesten an aflossräichste Filmproduzent vum Filmland.

Dëse Film erméiglecht een exklusive Bléck hannert d’Kulisse vun der legendärer DeMonni-Productions, vun der mer schonn sou Meeschterwierker wéi “Den Dag un deem meng Elteren ze spéit heem komm sinn” an déi jonk an erfrëschend Sitcom “Eng mat der Pan” kennen. Tragescherweis waren d’Spuermesurë scho virun deene Jonken hei…

“Sitcom – de Film” ass de 4te Film vum Kollektiv Richtung22. No Äusenaanersetzunge mat Theme wéi der Schoulreform am Film “Ons Educatioun – De sëchere Wee” (2011) oder der Entwécklungshëllef am Film “Onst Gewëssen – Wat der net packt geet an Afrika” (2013), geet de Studéirendegrupp elo endlech mol virun der eegener Dier kieren a wendt sech an hirem rezenteste Projet dem Filmbusiness zou. Dat wéi gewinnt matt enger gudder Portioun Humor, satiresche Pointen an deem eenzegartege charmanten Dilettantismus, mat deem sech Richtung22 a vergaangene Joeren een Numm gemaach huet.

De Film kéint méi aktuell net sinn: eng Regierung, déi op Spuermesuren setzt an Kierzungen am Kultur-état duerchbrengt, Jugendaarbechtslosegkeet an prekär Aarbechtskonditiounen fir Jonker an eng lokal Filmindustrie, déi op mafiöse Strukture baséiert an sech selwer gären nach mat vill Schampes féiert. Kuerz virum Ufank vum „discovery-Zone“ Festival an dem „Lëtzebuerger Filmpräiss“ ass dëst d’Underground-Géigesteck zur neier Glamour-Szeen vu Lëtzebuerg.


Biller aus dem Film


Team

SCHAUSPILLER*INNEN (opklappen)

Schauspiller*innen:
Fabrice Bernard Marc
Diego Borracci Assistent
Jérôme Burelbach Reinhold
Frédérique Colling Kulturministesch
Mirka Costanzi Lucia Spadi
Natascha Ewert Sitcom-Groupie
Lea Fauth RR Gitarristin
Mate Horvath Sitcom-Groupie
Tessie Jakobs Catherine
Julie Kieffer Sophie
Anne Klein Andy
Luc Lamesch Buffi
Lara Mack Hannah
Yannick Maurice Granzi
Karin Moelee Melusina
Jasmine Mohtashami Carole
Anna Murazanova RR Gitarristin
May Parnian Rachel
Gabriel Pinto Monteiro RR Background-Gei
Konstantin Rommelfangen Moderator
Christoph Novak Mataarbechter 3
Manon Roukoz Lena
Jacques Schiltz DeMonni
Frederik Schlechter LIXO-Agent Nr.1
Tommy Schlesser Jerry
Lars Schmitz RR-Keyboard
Rick Schmitz Joé
Tom Schmitz Wirtsen Emil
Ben Schreiner Assistent
Christian Schummer Assistent
Maurice Sinner Kevin
Dem Maurice seng Elteren Dem Kevin seng Elteren
Gilles Seyler Joseph
Chiara Sunnen Sitcom-Groupie
Selma Weber Lixo-Chefin
Statist*innen
Beim Public Viewing dobäi Géraldine Bosa, Lisa Bosa, Anne Gillen, Christian Gillen, Anne-Marie Goedert, Catherine Hoffmann, Monique Hoffmann, André Kemmer, Liliane Kleyr, Michelle Kleyr, Céline Kolb, Kelly Kosel, Nadine Kremer, Jessica Lagoda, Sven Lagoda, Nicola Magrini, Solange Majerus, Mira Pinto, Frank Schneider, Ruth Siebenaller, Melina Sinner, Naema Sinner, Jenny Spielmann, Nathalie Sunnen, Julie Thommes, Daniel Waxweiler
PRODUKTIOUNS-TEAM (opklappen)
Team
Kamera Tessy Troes
2t Kamera an Technikteam Gabriel Pinto Monteiro, Maurice Sinner, Michelle Kleyr, Paul Becht
Luucht Brauch kee Mënsch
Toun Samuel Hourcade
Toun 2 Michelle Kleyr, Lucie Wahl
Boom-Operator Hä?
Script Natascha Ewert
Resp. Statist*innen Selma Weber
Catering Ann Steffgen
Underwater Unit
Kamera Michelle Kleyr
Diver Lars Schmitz, Rick Schmitz
Security Frederik Schlechter
Setbeauty
Kostüm/Deco Natascha Ewert, Tessie Jakobs, Michelle Kleyr, Kelly Kosel, Lara Mack, Lucie Wahl
Make-Up Michelle Kleyr, Kelly Kosel, Lara Mack, Lucie Wahl
Set- a Poppebau Christian Sinner
Locationscouting Michelle Kleyr, Lara Mack, Maurice Sinner
Make-Up a Styling Kelly Kosel, Lara Mack
Locationscouting Lara Mack, Konstantin Rommelfangen, Selma Weber
Produktioun
Sounddesign Sacha Hack
Soundkoordinatioun Maurice Sinner
Schnett Tessie Jakobs, Lara Mack, Lars Schmitz, Maurice Sinner
Bildbeaarbechtung, Faarw Lars Schmitz
Text Tessie Jakobs, Lara Mack, Gabriel Pinto Monteiro, Maurice Sinner, Jacques Schiltz, Lars Schmitz, Tessy Troes
Animatioun Mich Klares
Animatioun 2 Michelle Kleyr, Lara Mack, Lars Schmitz
Plakat Michelle Kleyr
Musek Jacques Schiltz, Tessy Troes, Daniel Mack, Tolek Konior, Milian Steffen, Georges Urwald, Gabriel Pinto Monteiro


Teaser


Script

K-M: Här DeMonni, de Kultursekteur soll eng Aarbechtswelt ginn, wéi all aner och.
DeMonni: Mee dir kënnt eise Budget net sou drastesch kierzen. Mir sinn hei net beim Gesondheetswiesen…
K-M: De Präsident fënnt, datt d’Kultur kompetitiv gi muss. Äer Projet’en viséiren ee winzege Publique, eng “Elite”, vun däer d’Hallschent schon ausgestuerwe ass an déi aner Hallschent schafft souwisou scho fir Iech. D’Regierung spillt also mam Gedanken, Kultur offiziel als Produit ze définéiren, an dee Secteur ze privatiséiren.
DeMonni: Da wiers du eng aarbechtslos Kulturministesch. Haha!
K-M: …Ënnert anerem. Mee ech hätt jo nach ëmmer de Ministère fir Wäibäu. Dir awer, an Är Kollege, wäerten net laang um Marché iwwerliewen.[…]Sitcom - De Film

Komplette Script hei eroflueden (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Kritiken an der Press

“Jonk, dynamesch, kritesch” (Journal, 06.02.2014)
“Richtung22: Sitcom – De Film” (Eldo, 04.02.2014)
“Sitcom – De Film, e Studenteprojet” (RTL Radio, 12.02.2014)


D'Sitcom