Sécherheetsofstand zu de Grondrechter

Monument virum KulturministèreHaut, den 11. Abrëll, sinn et genee zwee Joer hier, dass d’Police zu Bouneweg bei enger Verfolgungsjuegd ee Mënsch erschoss huet. D’Police huet deemools widderspréchlech Erklärungen präsentéiert, déi vun der Politik a breeden Deeler vun der Press iwwerholl goufen. Deen nach ëmmer net opgekläerte Fall vermëttelt den Androck dass d’Police Immunitéit genéisst.

Elo si mer am “état d’urgence”. D’Police huet doduerch méi Muecht wéi jee virdrunner. Si beschäftegt d’Douane, souwéi d’Police judicière a souguer Fierschter*innen als Hëllef-Sheriffs. Fir d’Iwwerwaachung kommen Helikopter an Dronen zum Asaz. Hiweiser aus der Bevëlkerung ginn opgeholl an d’Leit och bei sech doheem kontrolléiert. Mee wien kontrolléiert d’Police?

D’Realitéit ass am Gaang zu enger Capitani-Folge ze ginn: Grondrechter sinn vergiess an d’Police huet aus Prinzip ëmmer Recht. RTL huet dës Woch Polizist*inne bei engem Kontrollgank begleed an Jonker virun der Kamera bloussgestallt. Déi „Verdächteg“ missten sech dofir rechtfäerdegen zu zweet op enger Parkbänk ze sëtzen an hire Bezéiungsstatus beschreiwen. D’Police inzenéiert sech als Kämpfer fir d’Allgemengwuel, hält sech selwer awer u keng vun de Sécherheets-Mesuren. Zulescht koum et zu enger ganzer Serie Verfolgungsjuegte mat Accidenter. Uganks dëser Woch stéisst d’Police mam Auto ee jonke Vëlosfuerer un deen “flüchten” wollt. Dass d’Police aus Roserei, dass ‘een duerch d’Bascht geet’, d’Liewe vu Mënschen op d’Spill setzt, erënnert staark un de Fall vu Bouneweg un dee mir haut erënnere wëllen.

Dëst ass ee kritesche Moment fir eis Gesellschaft an eise fragille Rechtsstaat. Amplaz d’Leit eescht ze huelen an se z’informéieren, gëtt déi gesamt Bevëlkerung ënner Generalverdacht gestallt an d’Police huet fräi Hand. Dat däerf net sou weidergoen. Grad och well d’Deputéierter sech selwer Congé gönnen an Deeler vun der Press sech just nach als Sproochrouer vun der Regierung gesinn ass et wichteg, dass d’Zivilbevëlkerung diskutéiert, kritiséiert a reagéiert.


Hannergrënn

Den 11. Abrëll 2018 gouf zu Bouneweeg ee Mann ënner net gekläerten Emstänn vun der Police erschoss. Kloer wor fir Police, Parquet, Politik a grouss Deeler vun der Press vun Ufank un just eent: Dass de Polizist onschëlleg wier.

Den Beamten deen geschoss huet duerft kuerz drop nees zeréck an den Déngscht an ass trotz Uklo op fräiem Fouss. An deenen éischten Deeg noom déidlechen Schoss hunn déi meescht Presseorganer onkritesch d’Police-Versioun iwwerholl (Domat hu mir eis an enger Radiossendung zum Virfall ausernaaner gesat, hei fannt dir och eng komplett Lëscht mat de Medieberiichter vun deemols) an domat d’Bild vun engem Polizist deen aus Noutwier handelt an engem drogéierten, héichgeféierlechen a schwéierkriminellen Automobilist geprägt.

Richtung22 versicht sech reegelmässeg zu dësem Fall ze äusseren an huet och virun engem Joer um 11.04. eng Gedanketafel op der nämlechter Plaz opgehaangen. De Fall ass fir eis zum Symbol fir den onreflektéierten Emgank mat der Aarbecht vun der Police ginn. An enger eeschtzehuelender Demokratie muss d’Kontroll vun der Police klappen, d’Fehlverhalen vun der Police muss opgeschafft ginn grad och fir d’Vertrauen an d’Rechtsstaatlechkeet z’erhalen. Et ass eben och un der Zivilgesellschaft den ëffentlechen Drock héich ze halen fir Opkläerung z’erméiglechen.


Konscht – grad elo!

Konscht gehéiert zu den systemrelevanten an iwwerliewenswichtegen Aktivitéiten vun engem Land. Just well d’Chamber sech eng Vakanz gönnt, heescht dat net, dass politesch a gesellschaftlech Debaten ee Luxus sinn. Mir engagéieren eis also och während der Pandemie fir Grondrechter an hunn eis Aarbecht schonn ëmmer mat Masken gemaach (an bei eis hu se nach emmer gehollef).


Pressespiggel

Aktionskunst / Richtung22 errichtet in Bonneweg ein Mahnmal gegen den Polizeistaat (Tageblatt, 13.04.2020)
Who watches the watchmen: Wieso die Aktionskunst von Richtung22 gerade heute wichtig ist (Tageblatt, 14.04.2020)


Monument virum Kulturministère