Let’s turn this Pin up Site down

Iwwersiicht: D’Campagne; Texter; Ried; Press


banner-pinupkampagne

D’RTL.lu Rubrik “Pin-up” (http://sexismus.lu/) dégradéiert Fraen zu Sex-Objeten. RTL soll senger Verantwortung nokommen an dës Rubrik desaktivéieren.

Beispiller aus anere Länner, virun allem aus Groussbritannien (“No more Page 3”), hu gewisen, datt sou Campagnen erfollegräich si kënnen. Mediekritik ass wichteg, grad wann d’Thema Sexismus séier nees am Tirang verschwënnt, soubal et net méi benotzt ka ginn, fir op Auslänner ze klappen. Sexismus ass keng Meenung, net harmlos a keng Klengegkeet – a grad d’Medien hunn och hei am Land all Interêt, sech den Diskussiounen ze stellen [1].
Mir brauchen an deene nächsten Deeg a Wochen är Ënnerstëtzung. Et ass dringend néideg eng gesellschaftlech Debatt iwwer Sexismus zu Lëtzebuerg ze lancéieren.

[1] “Les femmes constituent 50% de la population. Pourtant, elles ne représentent que 24% des personnes évoquées dans les informations des médias luxembourgeois, tout format confondu.” Aus dem Rapport “Medias et Genre” zu Lëtzebuerg (2015).


Texter vun der Campagne:

– Petitioun an Ënnerstëtzer*innen: E kloert Zeechen géint Sexismus
– Oppene Bréif un RTL: Sexismus – Huet RTL et sou néideg?
– Basistext: Firwat d’Pin-Up-Rubrik op RTL.lu ofgeschalt gi muss
– FAQ: Pin-up-Sexismus Froen an Äntwerten

Facebook-Site:
Let’s turn this Pin-up Site down


Interventioun vun R22 um Weltfraen*kampfdag.

Text vun der Ried
Et ass lo de Moment fir deene Merci ze soen, déi all Dag souvill Verantwortung op sech huelen, fir duerch hier Publikatiounen eng diskriminatiounsfräi Welt ze schafen a Stereotypen z’iwwerwannen.

Léif Press, déi dir haut hei sidd, fir ze weisen, dass et Iech net nëmmen drëm geet e puer Fotoe vun enger Veranstaltung ze maachen, ze soen wéivill Leit do waren, an dass se d’nächst Joer nees wäert stattfannen, mee iech scho laang a fir ëmmer verflicht hutt, iech intensiv mam Sexismus, der Diskriminatioun an de Muechtverhältnisser tëschent de Geschlechter ze beschäftegen. Ech soen iech villmools Merci!
Villmools Merci.

Well wat wier dat fir eng Welt, an där der Press d’Ongläichheet kee Gedanken wäert wier?

– Dat wier eng Welt, an där d’Redaktiounen souwuel bei privaten, wéi bei ëffentlech-rechtlechen Senderen wesentlech méi Männer wéi Fraen an de Studio aluede géifen.
– Dat wier eng Welt, an där just a 4% vun den Artikelen eng Fra den Haaptsujet ass.
– Eng Welt, an där d’Press et genial fënnt, wéi sech bei den Oscaren géint Diskriminatioun ausgeschwat gëtt, parallel bei den Oscarpräisträgerinnen just iwwer d’Kleeder beriicht a wann et dann zum lëtzebuerger Filmpräis kënnt, kee Wuert doriwwer verléiert, dass keng eenzeg Fra e Präis krut.
– Eng Welt, an däer eng sougenannte progressiv Regierung bemol manner Fraen hätt, wéi eng konservativ Regierung virdrunner.
– Eng Welt, an däer e Mann an de Kulturministere kënnt, dee Kultur bis elo virun allem aus dem Jughurt kannt huet, dann awer seet, et dierft een bei der Besetzung vu sou Posten net op d’Geschlecht mä nëmmen op d’Kompetenz kucken.

Dat misst eng Welt sinn, an der zwee Drëttel vun de Journalist*inne Männer wieren.
Dat wier eng Welt, an der iwwer 80% vun de Chefredakteren Männer wieren.

Stellt iech fir wat a sou enger Welt méiglech wier.

Do kéint ee Leedmedium 16 Joer laang op sexistesch Motiver setzen, bei deenen deen eenzege journalistesche Beitrag Bildbeschreiwunge wiere wéi:
“Roxane . En zockerséisst Laachen, dat verzaubert …”
“Wann d’Fouer opgeet, ass de Summer eriwwer? Net bei eis! Eis Models sinn esou hot wéi am Héichsummer! “
“Aussergewéinlech sexy. Kuckt dem Adele eng Kéier déif an d’Aen!”
(Wëllt der nach ee Sproch héieren? Hei RTL, wann der iech net dofir schummt, déi op ären Internetsite ze setzen, da bréngt der deen den Owend bestëmmt och op der Télé:)
“Sexy Chrëschtdag. Dem Oriana seng Kaddoen huet nach keen ausgepak!”
An lo stellt iech fir, dëst Leedmedium géif sech verdeedegen mat de Wierder:
Zitat Chefredakter: “Ech mengen et ass näischt Illegales dobäi” ouni sech domat Reaktiounen vun der richteger Press anzefänken.

E Gléck also, dass fir d’Press d’Veruerteelung vu Sexismus keng Meenung oder Usiicht ass,
an och kee politeschen Sujet oder e Statement vun enger komescher Organisatioun,
mä dass fir iech d’Veruerteelung vu Sexismus eng Grondviraussëtzung fir d’journalistesch Aarbecht ass, genee sou wéi d’Veruerteelung vun Diskriminatioun opgrond vun Hautfaarw.

Sou steet dat jo och am Pressekodex, deen iech glécklecherweis sou wichteg ass.

E Gléck, dass dir genee wësst, dass dir mat ärer Aarbecht net nëmmen eng Realitéit dokumentéiert, mä och eng Realitéit schaaft.

A schlussendlech soe mer iech Merci, dass dir, léif Press, natierlech är Onofhängegkeet verdeedegt. Dat heescht natierlech als éischtes är Onofhängegkeet vis-à-vis vu Kommerz a Marché. Et wier jo wierklech extrem lächerlech, wann eng sexistesch Rubrik just dowéinst bäibehale géif ginn, well se 0,63% vun de Klicks ausmécht.

Villmools Merci.

A wann Dir fäert, enges daags mussen a sou enger Welt ze liewen, dann ënnerschreift eis Petitioun géint RTL Sexismus op richtung22.org/pin-up-petitioun/ a schwätzt Sexismus och bei deene Leit un, déi vum Thema genervt sinn!


D’Campagne an der Press

“RTL.lu accusé de discrimination sexiste” (Paperjam, 01.03.2016)
“Kritische Nachlese und konstruktiver Ausblick” (CID)
“Sexismus nervt!” (ZVL, 08.03.2016)
“Images de femmes : Sorry !” (Woxx, 04.03.2016)
“Eine Stimme gegen Sexismus” (Wort, 08.03.2016)
“Erkennen, reagieren, kritisieren” (Journal, 01.03.2016)
“Kloertext: Frae-Biller: Nach ëmmer Cliché a sexistesch?” (RTL, 28.02.2016)