Ass d’Press prett fir d’Space Mining Gesetz?

De Projet vum Space Mining zu Lëtzebuerg ass och ee Beispill vum komplette Versoen vun der Press. Schlussendlech huet sech de Story-Telling vun der US-amerikanescher Lobby, deen déi lëtzebuergesch Regierung iwwerholl huet, och an de Medien festsetze kënnen.

An enger Mëschung tëschent fachlecher Iwwerfuerderung, onkorrekter Aarbecht, blannem Vertrauen an offensichtlecher Parteiegkeet beriichten RTL, Tageblatt, Wort, Paperjam, Essentiel etc. iwwert de Space Mining an loossen déi vun Industrie a Regierung gewollten Euphorie an Zoustëmmung an der Gesellschaft opkommen, déi fir d’Duerchwénken vun dësem Projet néideg ass.

Richtung22 huet sech a sengem bekannt iwwerhieflech-arrogantem Tounfall un d’Press geriicht, fir duerch kontinuéierlech Belästegung een Emdenken ze provozéieren. Bis elo huet dat nach net geklappt.

Prett fir d'Space Mining Gesetz? (10.11.2016)

Prett fir d’Space Mining Gesetz? (10.11.2016)

Dear Press,

it is again so wide, Luxembourg is working on a legal framework for illegal activities to please morally corrupt investors. Our favorite minister of economic affairs, MC Schneider – who wants to make Luxembourg great again – presents a law (in english, itselfunderstandingly) that allows multinationals like Google and Amazon (a.k.a. “the internet”) to declare Asteroids their private property.

Dir hat (selbstverständlech) keng Zäit iech virzebereeden? Dir hat eigentlech just geplangt, fir mat e puer spacy Biller, dem Schneider sengem Laserschwert an den Zesummenhang “Klengt Land – Grousse Geldraum” e mëttelméissegen Artikel ze schreiwen?
Mee matt e bësse Recherche kéint vill méi draus ginn.
Dir wärt iwwerrascht, mat wéi wéineg Opwand eenzel Journalist*innen scho richtege Journalismus produzéieren. Mat dëse 4 einfachen Tips kënnt och dir selwer innerhalb kierzester Zäit d’Konkurrenzmedien al (“Print”) ausgesi loossen.

1) Just 1 Stonn Zäit, keng Ahnung vu Space-Mining a kee Bock juristesch Artikelen op englesch duerchzeknaen?
—> Kuckt dëst dämlecht Theaterstéck (elo online) iwwert de Space-Mining.
2) E Konschtkollektiv ass eng peinlech a lächerlech Quell fir ärt seriöt Presseorgan?
—> Är gesond journalistesch Skepsis ass natirlech beechtegt. Mee dir kënnt d’Quellen vun dëser peinlecher Quell kopéieren. An dësem Dokument fannt der all d’Quellen vum Stéck
3) Dat ass zevill drëschen Informatioun, dir braucht Leit, déi iech dat an de Mikro soen?
—> Kontaktéiert Jurist*innen, Leit vun der UN, Leit déi grad un den Dossieren iwwert de Resourcenofbau um Mieresbuedem, Antartiks etc. ze dinn hunn. Oder Emweltverbänn, a wann et si muss, souguer een*t vun déi Gréng (wëssen déi iwwerhaapt wat hei grad geschitt?).
Kompetent Journalist*innen opgepasst: Leit aus dem Wirtschaftministère oder aus Space-Mining-Firmen sinn KENG neutral Quell.
4) Dir hutt keng Zäit fir dee ganze Blödsinn, an u sech mol keng Loscht an Zäit, op déi Pressekonferenz ze goen?
—> Dann liest iech lo de Script vun der Pressekonferenz duerch a wësst schonn virdrunner, wéi dat Ganzt oflafe wäert:

Etienne Schneider: “Dat Gesetz ass super.”
Journalist*in 1: “Okay, dat schreiwen ech sou a meng Zeitung.”
Etienne Schneider: “Déi ganz Welt bewonnert eis. Hei kënne räich Leit richteg räich ginn.”
Journalist*in 2: “Top. Dat widderhuelen ech onkommentéiert a menger Radios-Emissioun.”
Etienne Schneider: “An ech hu lo och enger Twitterphoto mam Jeff “de Chef” Bezos.”
Journalist*in 3 (kritesch Press, also zB. aus dem Ausland): “Ärt Gesetz verstéisst géint den UN Outer Space Treaty an deem steet, dass de Weltraum der ganzer Menschheet gehéiert.”
Etienne Schneider: “Lauschter mol. Wann ee Fëscher an internationale Gewässer…”
Journalist*in 3: “Ären éiwege Fësch-Verglach trëfft net zou. Vergläicht et mol mat de Resourcen um Mieresbuedem…”
Etienne Schneider: “Mee vläit hu jo ganz vill aner Staaten och keng Loscht méi op UN-Verträg? D’EU-Kommissioun begréisst z.B…”
Journalist*in 3: “Vun Ärem Gesetz profitéiere just e puer Superräicher, firwat sollten déi aner d’accord sinn. En plus hunn Holland a Frankräich schonn den UN “Moon-Treaty” ënnerschriwwen. Dir sidd grad amgaangen de Weltraum ze privatiséieren – wat seet dann är Partei dozou?”
Etienne Schneider: “Wat sollen déi da scho soen? Haalt elo op, alles ze hannerfroen, dat ass net är Aufgaab als Press. Herno fänkt der nach un, aner Leit an ären Artikelen zu Wuert kommen ze loossen, wéi meng Beroder. Hannerfroen däerfe just irrelevant a pubertéierend Konschtkollektiver, an dat och just an engem däischtere Keller no 8 Auer. D’Pressekonferenz ass riwwer.”

Mail-Leak: Sou ass den Space-Mining-Deal zustaane komm (04.11.2016)

Mail-Leak: Sou ass den Space-Mining-Deal zustaane komm (04.11.2016)

Léif Press,

wéi dir all matkrut an an äre Medien immens kritesch begleet hutt, ass Lëtzebuerg jo elo iwwert eng Investitioun vu 25 Mio. € Aktionär bei “Planetary Resources” – an dat nach ier ee Gesetz virläit (5 Méint retard…) a gekläert ass, op d’Pläng vun der Firma iwwerhaapt mat den UN-Konventioune vereinbar sinn.

LEAK: Iwwer Ëmweeer ass Richtung22 un dës immens wichteg E-Mail komm, déi een Insider-Abléck an d’Zustaanekomme vun der rezenter Entwécklung erlaabt. Mir leaken se heimat un iech weider.

Am Numm vun der Opkläerung,
Richtung22
richtung22.org
________________________

Dear Mister Etienne Schneider,

This letter is not intended to to cause any embarrassment but just to contact your esteem self-following the knowledge of your high repute and trustworthiness.

I am Mr. Luke Skywalker, a Lawyer by profession. I am the personal attorney to Mr. Chris Lewicki, a human of your kind, who used to work in Space Exploration in the USA, herein after shall be referred to as my client.

On the 1st of April 2016, my client, his wife and their very young and only child were involved in a Space X Rocket-Launch-Experiment accident along Silicon Valley express road. Not all occupants of the vehicle unfortunately lost there lives.

Since then I have made several enquiries to your embassy to locate any of my clients extended corrupt friends. This has been proved unsuccessful. I came to know about you through an enquiry I was making in the internet, and I found out you shared the same megalomania as my client, which is why I have decided to contact you, in order to assist in repatriating the money and property that does not yet exist before they get confiscated or declared unserviceable by the United Nations.

Particularly, the United Nations, that are in charge of the space where the not-deceased had an Asteroid valued at about US$ 125.5 Trillion Dollars, have issued me a notice to provide the next of kin or have the account confiscated within the next ten official working days.

Since I have been unsuccessful in locating corruptionists for over 2 years now I seek your consent to present you as the next of kin of the not-deceased since you have the same megalomania so that the proceeds of this asteroid valued at US$125.5 Trillion Dollars can be paid to you and then you and me can share the money, on the ratio of 100,00% for me, and 0,00% for you.

I have all necessary legal documents that your parliament can sign to back up any claim we may make. All I require is your honest co-operation to enable us to see this business through. You’ll guarantee that this will be executed under a legitimate arrangement that will protect you from any breach of the law.

It rests assured that the modalities I have resolved to finalize the entire project guarantees our safety and the successful transfer of the funds. So, you will be absolutely right when you say that this project is risk free and viable. If you are capable and willing to assist, Please get in touch with me by investing 25. Mio € into Planetary Resources and send to me your telephone and fax numbers to enable us discuss further about the details of this transaction.

Best regards, and may the Force be with you.
Luke Skywalker