FAQ: Pin-up-Sexismus

Dir hutt Froen zur “Let’s turn this Pin-up Site down”-Campagne? Dir hutt d’Gefill datt Iech Äert Recht ewechgeholl gëtt, Frae wéi Objeten ze behandelen? Oder Dir wëllt einfach just domm Remarquen an de Raum geheien? Kee Problem, mir hunn hei Äntwerten op Är Froen.

1) Zesummenhang tëschent dem Pin-up Site a Köln.
2) Sidd dir all prüd a konservativ?
3) Dir sidd fir d’Burkapflicht fir all Fraen?
4) Wat huet de Pin-up Site mat sexueller Gewalt ze dinn?
5) RTL ass de fräie Marché.
6) A wat ass mat Fräiheet?
7) Ass et e Probleem sou Photoe ze weisen / ze kucken?
8) D’Models maachen dat fräiwëlleg
9) Erkennt dir dann net, dat dat Konscht ass?
10) Erkennt dir dann net, dat et em Moud geet?
11) Firwat dann grad de Pin-up Site?
12) Dir wëllt dach just Opmierksamkeet!

1) Sidd dir blöd? Et gëtt keen Zesummenhang tëschent dem Pin-up Site a Köln.

Dach, well et bei der Köln-Diskussioun ebe net ëm e Kulturkampf geet, deen d’Rassist*inne vu PEGIDA, AfD a co. elo inszenéiere wëllen. Et geet ëm Sexismus a sexualiséiert Gewalt géint Fraen. Iwwregens fënnt sexuell Gewalt méi dacks doheem an op der Aarbechtsplaz statt, wéi am ëffentleche Raum (ëmfangräich Statistik zu sexualiséierter Gewalt)

2) Sidd dir all prüd a konservativ? Huet de Kartheiser ären Account gehackt?

Prüd a konservativ ass hei just déi eesäiteg Vue op d’Sexualitéit vu Fraen als “Lustobjekt” vu Männer, déi duerch dës Fotoe vermëttelt gëtt. Et ass kee Problem, wa Fraen hir Sexualitéit ausliewen oder Fotoe vu sech a “sexy” Pose maache loossen. De Problem ass d’Reproduktioun vun ëmmer där selwechter Form vu weiblecher Sexualitéit: passiv, gespillt naiv an alles an allem eng eesäiteg Reproduktioun dovun, wat an eiser Gesellschaft als “sexy” gëllt.
Souguer Barbie-Poppe verkierpere mëttlerweil méi Diversitéit, wéi d’RTL-Pin-Ups. Bei der Duerstellung vu Sexualitéit gehéiert fir eis all Kierper, all Alter, all Hautfaarf, all Geschlecht an all sexuell Ausriichtung dozou! Mee et ass kloer, datt et RTL.lu net ëm eng progressiv Foto-Serie geet, mee ëm genormten a reklammtechnesch am beschten asetzbar Kierper a Posen – wat ass also schlussendlech méi prüd, wéi déi sexistesch Mainstream-Vue vun RTL?

3) Dir sidd fir d’Burkapflicht fir all Fraen an eiser fräier westlecher, ziviliséierter, fortschrëttlecher Welt? Dir lénksextrem, konservativ, reaktionär guttmënschlech Pafen!

Et geet eis ebe grad drëm, dass de weibleche Kierper an all senge Formen als eppes Normales wouergeholl gëtt. D’Pin-up Rubrik verbënnt nämlech weiblech Kierpere mat Sexualitéit an notzt dat aus enger kapitalistescher Logik eraus zur Vermaarktung aus. A Relioune gëtt de weibleche Kierper och direkt mat Sexualitéit verknäppt: do ass d’Reaktioun dann en ze vermummen.

4) Wat huet d’Pin-up Rubrik mat sexueller Gewalt ze dinn? Ass dach nëmme Spaass! Hutt dir keen Humor oder wat?

An der Pin-up Rubrik gi Frae generell just mat Sexualitéit verbonnen an déi Duerstellung als schwaach a passiv Membere vun der Gesellschaft dréit och zur héijer Zuel vu sexuelle Gewaltdote géint Frae bäi.
D’Zesummenhäng tëscht der Reduktioun op bestëmmte (kierperlech) Eegenschaften, d’Objektivéierung an der Gewalt sinn zanter laangem wëssenschaftlech nogewisen (interessant Etuden dozou “Of Animals and Objects” an “Being a Body”). Am Moment vun der sexueller Belästegung gëtt déi betraffe Persoun nämlech op hir Sexualitéit an hiert Ausgesi reduzéiert.
An der Pin-Up Rubrik ginn d’Kierpere vu Fraen als ëffentleche Produit duergestallt, iwwer deen een, wéi ee grad Loscht huet, verfüge kann. An da gëtt sech gewonnert, wa Meedercher a Frae sexueller Belästegung ausgesat sinn.

Eng wichteg Etude an deem Zesummenhang ass déi vum briteschen Inneministère, déi d’Folgen vun der Sexualiséierung duerch Medien an d’Verbreedung vu geschlechtsspezifeschen Stereotypen op d’Gesellschaft opweist.

5) RTL ass de fräie Marché. Emmerhin hunn si e Monopoly!

“Die erste Freiheit der Presse besteht darin, kein Gewerbe zu sein”, huet mol iergendwann, iergendee gesot. Soit. RTL kritt éischtens staatlech Ënnerstëtzung, an huet sech zweetens och selwer dem Pressekodex verflicht. An dee wennt sech eendeiteg géint Diskriminatioun vu Fraen. Doriwwer eraus huet RTL, als meeschtduerchgescrolltent Medium am Land an “Ersatzteillager” fir Parteien, eng gewëss gesellschaftlech Verantwortung. Et ass kloer, dass RTL d’Pin-ups aus Kalkül online setzt, een ökonomesche Gedanken dohannert stécht an et hinnen ëm Klickzuele geet. Hinnen ass och selwer kloer, dass se op sexistesch Klischeeë setzen, fir e bestëmmte, männleche Public ze beglécken.

6) A wat ass mat onser gudder schéiner Fräiheet?

Geet et dir grad ëm d’Fräiheet vu Frae fir Fotoe vu sech ze maachen, oder ëm deng Macho-Virstellung e Recht drop ze hunn, dir déi Fotoen unzekucken?
Wéi naiv ass d’Virstellung, dass RTL ganz selbstlos alle Fraen eng Plattform zur Verfügung stellt, fir hinne Fräiheeten ze ginn, fir hir Hobbyen auszeliewen? Et geet hei ëm e Geschäft: RTL keeft eng ganz bestëmmt Zort vu Fotoe bei engem Fotograf, deen och d’Rechter un deene Fotoen huet. RTL schaaft domat konkret eng Demande no enger bestëmmter, genormter Form vu Fotoen. Et sinn RTL an eventuell nach de Fotograf, déi d’Kontroll an dësem Prozess hunn an d’Modelen, déi als Aarbechtskraaft ënnert dacks prekärer Bezuelung kucke mussen a jonkem Alter méiglechst vill Opträg ze kréien.
Bei eiser Campagne geet et net ëm d’Models, mee ëm RTL, déi op enger Linn mat der “Bild”-Zeitung an der englescher “The Sun” stinn.

7) Wat ass dann de Problem domat, Fotoe vu schéine Frae ze weisen resp. unzekucken?

De Problem ass net eng sou eng Foto, mee de gesellschaftleche Kontext, an deem se zur Verfügung gestallt gëtt.
E Kontext, an deem Fraen dozou ugehale sinn Schéinheetsidealer unzestriewen, zu egal wat fir engem Präis, a mateneen an e gnadenlose Konkurrenzkampf ëm (männlech) Opmierksamkeet ze trieden.
E Kontext, an deem d’Definitioun vun „Schéinheet“ därmoosse spezifesch ass, dass se vu bal kenger Fra erreecht ka ginn.
E Kontext, an deem Fraen, déi net an hiert Ausgesinn investéieren, net wouer- an eescht geholl ginn, a Fraen, déi vill an hiert Ausgesinn investéieren, als iwwerflächlech gëllen an net eescht geholl ginn.
E Kontext, an deem Fraen, déi den Idealer vun Ausgesinn, Gewiicht, Stil, Rass an Gender net entspriechen op der Aarbecht diskriminéiert ginn.
En historesche Kontext, an deem Fraen, wat se méi Muecht hunn, méi gesot kréien, dass hir Kierperen inakzeptabel sinn.

Déi Fotoen existéieren eben net an engem Vakuum. Se sinn net eng vu ville Varianten, wéi Weiblechkeet an/oder weiblech Sexualitéit duergestallt ginn. Et ass di dominant Representatiounsform a gëtt domat zum Ideal, dat zur Diskriminéirung vun all Fra féiert, déi deem net entsprécht. Zu dësem Ënnerdréckungsprozess dréit mat dëse Fotoen och RTL bäi.

8) D’Modele maachen dat fräiwëlleg, et ass Selbstbestëmmung iwwert de Kierper! An ech hëllefen hinne souguer dobäi dës Selbstbestëmmung ofliwweren ze kënnen!

Mir mengen net, dass eng aussestehend Persoun aschätze kann, a wéi enger Situatioun déi Modele woren, wéi se déi Fotoe gemaach hunn. Et ass dowéinst keng gutt Iddi iwwer d’Modelen ze verhandelen. Jiddereen*t huet d’Recht vu sech selwer souvill Fotoen ze maachen, wéi een*t wëllt an se ze weisen wéi een*t wëllt.

Et geet bei dëser Campagne awer ëm de Kontext, an deen RTL déi Fotoe setzt. Et geet ëm d’Entscheedung vun RTL eng ganz bestëmmt Zort vu Fotoen ze bestellen, mat absolut degradéierende Spréch an Texter ze beleeën an da geziilt anzesetzen fir d’Klickzuelen z’erhéijen. RTL kreéiert e Marché a kéint sech och fir ee ganz anert Konzept entscheeden – wierklech e Format kreéiere, wat d’Selbstbestëmmung iwwert de Kierper an den Zentrum stellt.

9) Erkennt dir dann net, dass dat Konscht ass? Hutt dir iwwerhaapt d’Primärschoul gepackt?

Mir si wierklech krass Konschtbanaus*innen, eis ass den zentrale kënschtleresche Wäert vun deene Fotoen effektiv guer net opgefall. Lo gesi mer en awer. Eis gefält virun allem déi kritesch Selbstironie mat där RTL sech duerch dëse raffinéierte Konschtgrëff an d’Sphäre vun “Sun” an “Bild” erhieft. Vläicht missten déi Biller awer an d’Kategorie “Kultur” op RTL.lu verréckelt ginn, fir dass net nach méi Leit sou naiv wéi mir mengen, RTL wéilt hei just mat sexistesche Softpornoe Klickzuele generéieren.
A mir froen eis lo natierlech schonn, firwat RTL.lu dann zanter 2001 ëmmer just op déi nämmlecht Disziplin vu Konschtfotografie setzt, eis géifen nämlech och z. B. Portraitsfotografie vu Fraen an hirem Beruffsliewen interesséieren.

10) Erkennt dir dann net, dass et ëm Moud geet? Oder firwat mengt dir, dass si Kleeder unhunn?

Dach, awer amplaz d’Marken an d’Präisser vun der Ënnerwäsch, fanne mir just d’Virnimm an d’Moosse vun de Modelen ënnert de Fotoen (déi en plus ëmmer zimlech d’nämmlecht sinn).
Mee soss wier natierlech alles okay – ween huet scho jeemools dovunner héieren, dass Moud Geschlechterklischeeën transportéiert oder Reklamme fir Kleeder sexistesch sinn?

11) Firwat da grad d’Pin-up Rubrik? Sexismus gëtt et dach och a Reklammen an iwwerall op RTL!

Iergendwou muss een ufänken, an dat da beschtefalls bei engem Symbol – fir eng Diskussioun un d’Lafen ze bréngen. RTL.lu gëtt am meeschte gekuckt an domat gehéieren och d’Pin-ups zur alldeeglecher Medienconsommatioun.
Vill genotzte Medien hunn en Afloss op déi ëffentlech Debatten a bestëmmen doriwwer, wéi mir bestëmmt Saache gesinn a beuerteelen. D’Pin-up Rubrik weist de Lieser*innen, dass et richteg an alldeeglech ass, Frae primär als Sexobjeten ze gesinn. Dat beaflosst d’Bild vu Frae géintiwwer sech selwer, an d’Bild vu Fraen an der Gesellschaft.
D’Pin-up Rubrik ze desaktivéieren ass een éischten a wichtege Schrëtt.

12) Dir wëllt dach just Opmierksamkeet, gitt et zou! Et geet Iech net ëm d’Fraen! Et geet ni iergendengem ëm d’Fraen!

Ehm… also eis geet et effektiv ëm Opmierksamkeet. A mir wëllen RTL domat weisen, dass een, fir Opmierksamkeet ze kréien, keng Brëscht knipse muss, mee och un de Verstand vun de Leit appeléiere kann. Dat ass schlussendlech och eng Wäertschätzung vun deenen, ëm deenen hir Opmierksamkeet mir kämpfen: mir wëllen op Sujeten opmierksam maachen, eng Diskussioun ureegen a schlussendlech Sexismus zeréckdrängen.