Onst Gewëssen – Wat dir net packt geet an Afrika

Iwwersiicht: Produktiounsinformatiounen; Beschreiwung; Biller aus dem Film; Team; Trailer; Script; Photos; Press



Produktiounsinformatiounen

Produktioun: Lëtzebuerg 2013
Längt: 67 min.
Sprooch: lëtzeguergesch


Plakat Onst Gewëssen

Onst Gewëssen – Wat dir net packt geet an Afrika

Eng schéin Buerg, e räiche Mann an awer net wierklech glécklech? Dogéint huet d’Marianne e Rezept fonnt: Mat enger Weltrettungs-Spendegala kämpft hatt, zesummen mat senge dräi beschte Frëndinnen géint déi eegen Langweil an géint dat kollektivt schlecht Gewëssen vun der westlecher Welt.

Un Weltrettung huet de Louis, dem Marianne säi Mann an Direkter vun der LETZEBANK nach net geduecht. Sou eng Spendegala géif dem Image vu senger Bank awer gutt doen. Kuerz drop sinn déi éischt Investitoune gemeet. Dem Marianne säi léif gemengten Initiativ hellt séier erstaunlech Formen un, an hatt stellt sech d’Fro, op dat mat der Weltrettung wierklech sou eng gutt Iddi wor.

Kontext

Op der Sich no direkten Konsequenzen vun der Finanz- a Wirtschaftskris ass de Grupp Richtung22 lo och zu Lëtzebuerg op risege Misère gestouss. Dowéinst probeiert “Onst Gewëssen – Wat der net packt geet an Afrika” mat sympathesche Biller un d’Freed vum alldeeglechen Luxus hinzeweisen an sou nees Zuversiicht an dëst veronsechert Land ze bréngen.

De Film verpasst et dann awer och net, mat arrogant erhuewenem Fanger un den Honger an den Armut an éischter suboptimal-entweckelte Länner z’erënneren. An et kann een souguer eppes leieren: All Lëtzebuerger kann duerch Spenden vun Iwwerwäiss-Knippercher eppes fir sai Gewëssen, an och direkt fir säin eegent Gewiicht maachen. Een flotten Owend mat liichter Ironie an Musek erwaart Iech.


Biller aus dem Film


Team

SCHAUSPILLER*INNEN (opklappen)
Schauspiller*innen:
Fabrice Bernard Direkter
Frédérique Colling Josianne
Mirka Costanzi Journalistin
Max Hein Mataarbechter 1
Tessie Jakobs Sekretärin
Anne Klein Marianne
Kelly Kosel Journalistin
Michelle Kleyr Engelin
Luc Lamesch Gott
Lara Mack Bea Binster
Moderatrice op der Gala
Mirko Mack Pokerchampion
Yannick Maurice Kosovo-Siggi
Karin Moelee Engelin
Jasmine Mohtashami Teles-Moderatrice
Christine Muller Regisseurin
Anna Murazanova Geschäftsfra
Christoph Novak Mataarbechter 3
Géraldine Philipczyk Journalistin
Djelani Ribeiro SdJ-Kandidat
Konstantin Rommelfangen Scheich
Egotrip
Manon Roukoz Trixie
Fra vum Scheich
Jacques Schiltz Staats-Chef 1
Kuch-Client
Débillebourg
Lars Schmitz Staats-Chef 2
Rick Schmitz Jesus
Kellner
Tom Schmitz Geschäftsmann
Gilles Seyler Franséisch-Proff
Gudde Gielen
Maurice Sinner Péitrus
Mataarbechter 2
Selma Weber Vivianne
Statist*innen
Weider Journalistinnen Tessie Jakobs, Michelle Kleyr, Sarah Schlechter
Chauffeuren, Bodyguards, Sekretär*innen vun der LETZEBANK Lara Mack, Mirko Mack, Jasmine Mothashami, Konstantin Rommelfangen, Jacques Schiltz, Maurice Sinner, Rick Schmitz
Filmcrew am Film Alexandros Konstantaras, Mirko Mack, Lara Mack, Konstantin Rommelfangen, Jacques Schiltz, Frederik Schlechter, Maurice Sinner, Tessy Troes
Engel*innen Nathalie Araya, Sarah Campill, Michelle Kleyr, Lara Mack, Karin Moelee, Konstantin Rommelfangen, Manon Roukoz, Claire Schadeck, Selma Weber, Daria Yeretnova
Flüchtlinge Anne-Marie Bausch, Mirka Costanzi, Sabrina Hellinghausen, Michel Klares, Michelle Kleyr, Kelly Kosel, Noémie Liesch, Anna Murazanova, Jil Reinhardt, Jo Reinhardt, Philippe Roukoz, Frederik Schlechter, Max Schmit, Rick Schmitz, Dominique Wagener
Gala Gäscht Sarah Campill, Alessia Fratini, Olivier Gonner, Mohamed Hamdi, Anna Jakobs, Myriam Jakobs, Liliane Kleyr, Michelle Kleyr, Anastasia Konstain, Claire Majerus, Jasmine Mohtashami, Anna Murazanova, Nico Pantaleoni, Claire Parsons, Olivier Prosperi, Philippe Roukoz, Nadja Prange, Alexander Rybka, Christian Schummer, Maurice Sinner, Anne Stelmes, Dominique Wagener, Frank Wagner, Katalin Wagner, Daria Yeretnova
PRODUKTIOUNS-TEAM (opklappen)
Team
Kamera Paul Becht
2t Kamera an Technikteam Frederik Schlechter, Maurice Sinner, Tessy Troes
Luucht Paul Becht, Mirko Mack, Frederik Schlechter, Maurice Sinner, Tessy Troes
Toun Mirko Mack
Toun 2 Alexandros Konstantaras, Maurice Sinner, Tessy Troes
Koordinatioun Lars Schmitz
Sounddesign Alexandros Konstantaras, Ralf Schönwiese
Schnëtt Paul Becht, Lara Mack, Jacques Schiltz, Lars Schmitz, Maurice Sinner, Tessy Troes
VFX Supervisor Gregor Müller
Bildbearbechtung Gregor Müller
Faarwkorrektur Gregor Müller
Text Tessie Jakobs, Lara Mack, Jacques Schiltz, Lars Schmitz, Tessy Troes
Kostüm Frédérique Colling, Lara Mack, Selma Weber
Make-Up a Styling Kelly Kosel, Lara Mack
Locationscouting Lara Mack, Konstantin Rommelfangen, Selma Weber
Catering Michelle Hollman, Ann Steffgen
Kannermeedchen fir Idioten Selma Weber
Design Film Serge Ecker, Lars Schmitz
Design Print Lars Schmitz, Selma Weber
Picco-Bello-Rad Christian Sinner
Animatiounen Lars Schmitz
Musek Andrew Fyfe, Jean-Marie Kieffer, Daniel Mack, Jacques Schiltz, Neil McDowell Smith, Tessy Troes

Trailer


Script

CLIENT: Gudde Moien! Däerf ech froe wat dir hei maacht?
TRIXIE: Mir verkafe Kuch!
VIVIANE: Fir hongereg Kanner. Also: ‘t ass fir e gudden Zweck!
MARIANNE: Mä et ass am Moment leider keen do.
CLIENT: Fir e gudden Zweck? Do géif ech mech herno awer selbstverständlech gär dru bedeelegen. Fir weieng hongereg Kanner ass et dann? Moment, loosst mech roden. Dei aus de Slums vu Rio?
MARIANNE: Nee.
CLIENT: Oder dei aus Bolivien, Lima, Mexiko-City? Oder Iwwerliewender vum Äerdbiewen an Haiti?
MARIANNE: (onsécher) Nee.
CLIENT: Stroossekanner aus Bangladesh? Guatemala? Indonesien?
MARIANNE: (nach méi onsécher) Nee.
CLIENT: Ehm, Kanner aus dem Éislék? Thierry-Fondatioun?
VIVIANE: Ma nee, et ass fir d’Negerkanner an Afrika natirlech.
MARIANNE: Moment emol Monsieur, dat ass dach schrecklech. Dir wäert mir dach net soen, datt op deene Plaatzen do iwwerall Kanner Honger leiden mussen?
CLIENT: (nach ëmmer gudder Laun) Dir wäert laache, mä dach!Onst Gewëssen - Wat dir net packt geet an Afrika

Komplette Script hei eroflueden (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Making-Of Photoen

Photoen vum Tessy Troes.


Kritiken an der Press

“Making Of – Wat der net packt geet an Afrika” (MyWort, 27.03.2013)
“Den 3. satireschen Coup vun Richtung 22” (Eldo, 28.03.2013)
“Onst Gewëssen: Richtung 22” (RTL Tele, 03.04.2013)
“Un film, une discussion, un coup de pied dans la fourmilière” (Wort, 03.05.2013)


Produtkiounsphoto vum Film Onst Gewëssen