Ons Educatioun – de sëchere Wee

Iwwersiicht: Produktiounsinformatiounen; Beschreiwung; Biller aus dem Film; Team; Trailer; Script; Photos; Press



Produktiounsinformatiounen

Produktioun: Lëtzebuerg 2011
Längt: 54 min.
Sprooch: lëtzeguergesch


Plakat Ons Educatioun

Ons Educatioun – de sëchere Wee

Et ass d’Geschicht vum Charel, dee glécklecherweis net op den Technique bei d’Portugiese muss, mee um Classique léiere kann um sëchere Wee ze bleiwen an sou souguer, zesumme mat de Proffen, déi verdäiwelt Reformversich vun der Madame Ministesch iwwerliewt.

Mir begleede seng Leidensgeschicht vun der Picknol aus der Spillschoul bis zu dem houfregen Direkter op der Diplomiwwerreeschung, a léieren dobäi, dass et Saache gëtt, dei méi wichteg sinn wéi Geschicht an Däitsch. zB. eng gudd Note op der Zensur.

E Film iwwert de lëtzebuergeschen Schoulsystem an déi Leit, déi e produzéiert.

Dësem Uganks Abrëll 2011 geschriwwenen, an am Juli gedréiten Film kéint net méi aktuell sinn: ee jonken, satiresche Bäitrag zur hëtzeger Debatt ronderëm d’Schoulreform. “Ons Educatioun – de sëchere Wee” bitt e Bléck op den Schoulalldag a stellt déi grondsäzlech Fro wéi een Verhalen de Kanner unerzunn gëtt. Wéi eng Mënschen mécht d’Schoul aus deene Jonken?

De Film deelt no allen Säiten aus: aggressiv Proffen, konservativ Direktiounen, eng Ministesch mat mangelnder Iwwerzeegungskraaft, verzweifelt Elteren, de Goethe an och eis domm Schüler*innen, déi eis mol nees virun de Skandinavier*innen blaméiert hunn.


Biller aus dem Film


Team

SCHAUSPILLER*INNEN (opklappen)

Schauspiller*innen:
Fabrice Bernard Inspekter
Fränz
Katharina Bintz Ministësch
Frédérique Colling Däitschproff
Tessie Jakobs Psychologin
Xenia Katina Joffer
Anne Klein Bios-Proff
Luc Lamesch Direkter
Sarah Lamesch Madame Weiler
Jana Mack Jonkt Noémie
Lara Mack Noémie Weiler
Mirko Mack Christian
Yannick Maurice Monsieur Weiler
Jasmine Mohtashami Mathees-Proff
Sarah Pepin Schülerin 2
Konstantin Rommelfangen Charel Weiler
Felix Rommelfangen jonke Charel
Jacques Schiltz Pythagore
MEN-Sekretär
Ecos-Proff
Sarah Schlechter Schülerin 3
Lars Schmitz MEN-Sekretär 2
Rick Schmitz Reliouns-Proff
Tom Schmitz Kevin
Yves Schmitz Sports-Proff
Gilles Seyler Franséisch-Proff
Claire Wagener Geschichtsproff
Selma Weber Schülerin 1
Tessie Jakobs Um Technique
Mirko Mack
Tonja Mack
Karin Moelee
Jacques Schiltz
Lars Schmitz
Rick Schmitz
Tom Schmitz
Gilles Seyler
Tilly Felgen Och nach op der Diplômes-Iwwerreechung oder/an am Klassesall
Thorben Grosser
Catherine Hoffmann
Monique Hoffmann
Michelle Hollman
Anna Katina
Kelly Kosel
Carole Lamesch
Tonja Mack
Danièle Merens
Anna Murazanova
Florian Schmitz

PRODUKTIOUNS-TEAM (opklappen)
Team
Text Jacques Schiltz
Lars Schmitz
Tom Schmitz
Kamera Paul Becht
Kamera-Assistent Frederik Schlechter
Toun Alexandros Konstantaras
Luucht Paul Becht
Frederik Schlechter
Catering Michelle Hollman
Kostüm Sarah Lamesch
Sarah Schlechter
Schwamp Kevin
Schnëtt Paul Becht
Jacques Schiltz
Lars Schmitz
Effekter Paul Becht
Animatioun/Faarwkorrektur Lars Schmitz
Toun-Postproduktioun Alexandros Konstantaras
Ennertitelen DE Tessie Jakobs
Ennertitelen FR Tom Schmitz
Ennertitelen EN Fabrice Bernard
Musek Jacques Schiltz
Jean-Marc Heinen
Yves Delleré
Claude “Fuuss” Schaus
Fenny Gillen
Georges Urwald
Robert Schiltz
Gesank Max Hein
Tessie Jakobs
Kelly Kosel
Daniel Mack
Lara Mack
Mirko Mack
Tonja Mack
Jasmine Mohtashami
Jacques Schiltz
Selma Weber
Gesanksopnahm Daniel Mack


Making-Of Photoen


Trailer


Script

PSYCHOLOGIN: […] Fir op de Classique geet dat net duer, Madame Weiler. Äre Bouf benotzt säi Gehiir net op déi geplangten Art a Weis. Hien benotzt et fir iwwert alles ganz aanescht nozedenken, wéi hien et eigentlech sollt.
PAPP: Dat huet en vu senger Mamm.
MAMM: Wat heescht dat dann lo?
PSYCHOLOGIN: Äre Bouf wäert um Modulaire landen. Dat ass keen Weltënnerga…
MAMM: (kräischt) Woumatt hu mir dat verdingt, woumatt? Wat wäerten d’Leit soen.
PAPP: Onméiglech!
MAMM: Wat hu mir falsch gemeet, ech maachen mir jo sou Virwërf. (Zum Schüler) Charly, du musst lo keng Angscht hunn, mir hunn dech trotzdem nach gär.
PAPP: Meng Duechter kënnt op Classique, a mäi Bouf ass e Vollidiot?
PSYCHOLOGIN: Do muss ech Iech zwar lo verbesseren, Här Weiler, ‘Vollidiot’ ass de falschen Term. ‘Notzlos’ wier méi passend. Ons Educatioun - de sechere Wee

Komplette Script hei eroflueden (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Première 27.12.2011


Kritiken an der Press

“La vie des lycées passée au vitriol” (L’essentiel, 21.12.2011)
“L’enseignement en prend gentiment pour son garde” (Point24, 21.12.2011)
“Satire um Schulsystem” (Point24, 21.12.2011)
“Film iwwer Schoulsysteem” (RTL.lu, 27.12.2011)
“Die Schule als Satire” (Wort, 27.12.2011)
“Süßsaures Bild eines Systems” (Tageblatt, 29.12.2011)
“Kevin, ne passe pas l’éponge” (Ciné-critique, 01.2012)
“Richtung22: 3 Antworten” (Luxpost, 2012)
“Subversive Elemente” (Land, 01.2012)
“Ons Educatioun” (cinecran, 06.01.2012)
“Dem Joy Hoffmann seng Kritik op RTL” (RTL, 12.01.2012)


Szeen aus dem Film Ons Educatioun: Schüler*innen si brav