Onbemannt Missioun

Iwwersiicht: Produktiounsinformatiounen; Beschreiwung; Team; Trailer; Script; Photos; Press



Produktiounsinformatiounen

Produktioun: Richtung22
Land: Lëtzebuerg 2015
Dauer: ca. 75 min
Sprooch: lëtzebuergesch
Alter: Ab 12


Plakat Onbemannt Missioun

Onbemannt Missioun

D’Gallabu 4 ass op enger Missioun fir de Planéit2 auszebeuten an a Besëtz ze huelen. Mä kuerz nodeems d’Raumschëff d’Ëmlafbunn vu P2 erreecht huet, brécht am Kontrollraum Panik aus: Et ka kee Kontakt méi zu den Astronauten hiergestallt ginn… Wäert d’Missioun geléngen? Wien huet d’Kontroll? A wou bleiwt dem Chef säi Kaffi? Fannt et raus an deem spannensten a progressivste Sci-Fi, dee je zu Reisdorf gedréit gouf!

Kontext
Nodeems Richtung22 zulescht mat engem Theaterstéck iwwert de Nationbranding ze gesi wor, gräift de jonke Kënschtler*innekollektiv a sengem neie Film “Onbemannt Missioun” op eng Weltraummetapher zeréck, fir, mat däer typescher Portioun schwaarzen Humor, op gesellschaftlech Mëssstänn hinzeweisen.


Team

SCHAUSPILLER*INNEN (opklappen)
Schauspiller*innen:
Fabrice Bernard Astronaut
Änder Bichel SAS Mataarbechter
Cindy Bloes Botzfra u Bord
Luca Born Astronaut
Jérôme Burelbach Journalist
Anne Gillen Infirmière
Christian Gillen Astronaut
Ada Günther Journalistin
Sacha Hack Astronaut
Tracy Heindrichs Madame um Telefon
Tessie Jakobs Ad. Jerkin
Sophie Jakobs Journalistin
Anne Klein Vizecheffin
Michelle Kleyr Journalistin
Jessica Lagoda Ausstatterin
Luc Lamesch Astronaut
Raphael Lemaire Chef
Yannick Maurice Astronaut
Rick Mertens Bordcomputer
Sarah Muller Madame um Telefon
Gabriel Pinto Monteiro Astronaut
Jil Reinhardt Journalistin
Anne-Marie Reiter Madame um Telefon
Lars Schmitz Informatiker
Rick Schmitz Vizechef
Tom Schmitz Reisdorfer Bauer
Maurice Sinner PR-Mann
Naema Sinner Ad. Walentina
Gabrielle Taillefert Sekretärin
Alex Wagner SES Mataarbechter
Selma Weber Sally
PRODUKTIOUNS-TEAM (opklappen)
Team
Text / Recherche Lea Fauth, Tessie Jakobs, Anne Klein, Raphael Lemaire, Roxanne Peguet, Gabriel Pinto Monteiro, Tessy Troes, Lars Schmitz, Maurice Sinner
Kostüm / Make-up / Styling Kelly Kosel
Location Mirka Costanzi
Opnahmeleedung Tessie Jakobs, Anne Klein
Organisatioun Catering Selma Weber
Design Anne Gillen, Michelle Kleyr, Lars Schmitz, Lucie Wahl
Set Michelle Kleyr, Yannick Maurice, Lars Schmitz, Maurice Sinner
Set Consulting Christian Sinner
Kamera / Technik / Luucht Michelle Kleyr, Roxanne Peguet, Gabriel Pinto Monteiro, Maurice Sinner, Tessy Troes, Lucie Wahl
Ennerstetzung Technik Paul Becht
Toun Sacha Hack, Jessica Lagoda, Naema Sinner
Affiche Michelle Kleyr (mat Ennerstetzung vun Anne Gillen & Lucie Wahl)
Schnett Tessie Jakobs, Anne Klein, Gabrielle Taillefert, Lars Schmitz, Maurice Sinner
Musek Nik Bohnenberger, Tolek Konior, Gabriel Pinto Monteiro, Tessy Troes
Grading / Animatioun Michel Klares, Lars Schmitz, Maurice Sinner
Sounddesign Sacha Hack

Trailer


Script

Walentina: D’Buedemstatioun schéngt eng Offer ze schécken. Mir hunn et gepackt.
Jerkin: De Fax kennt un.
Walentina: Lies fir.
Jerkin: Offiziell Offfer, hmhmhm, mir bidden iech eng eemoleg Sonderleeschtung un, hmhmhm, all Member vun der Besatzung kritt no guddem Ofschloss vun der Missioun, ee Beauty-Set “Let it Go” vun Yves Hellegen Laurent an een “Take it easy” Wellness-Weekend zu…
Walentina: Wat soll dat dann lo?
Jerkin: An en Akaafsbong fir Blummen ass och dobäi…
Walentina: Si mer hei a Verhandlungen oder bei Germany’s Next Topmodel?
Jerkin: Hm, ech hunn d’Gefill, dass eis rout Verhandlungslinnen iwwerschratt goufen.[…]Onbemannt Missioun

Komplette Script hei eroflueden (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Making-Of Photoen

Photoen vum Tessy Troes.


Kritiken an der Press

“Neie Film vum Kënschtlerkollektiv Richtung22” (RTL, 21.12.2015)
“Interview mat Richtung22 zum Film Onbemannt Missioun” (RadioARA, 21.12.2015)
“Star Wars – Ösling Style” (Land, 08.01.2016)
“Unbemannte Mission” (Wir Frauen, 08.2016)
“Das Morgen schlummert im heute” (Wort, 08.07.2017)


Astronautinnen u Bord vun der Galabu 4