034 – Nazie géifen ADR wielen

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
034 - Nazie géifen ADR wielen
/

Richtung22 Radiosendung Mee 2019

An engem Communiqué beschwéiert sech d’ADR doriwwer mat rietsradikale Parteien gläichgesat ze ginn. Skandal! An eiser Radiossendung probéiere mer ze hёllefen hiere Ruff ze retabléieren. Mir schwätzen iwwer:
– De Verglach tëscht ADR an aneren rietsradikale Parteien (ab 9:55)
– De Europa-Wahlprogramm vun der ADR (ab 25:20)
– Hier Wahlkampfstrategie (ab 37:10)
– An d’Geschicht vum ADR (ab 45:00)


Den ADR huet en Häerz fir DéierenD’ADR huet Recht. Dës Partei gouf an der Öffentlechkeet an enger falscher Luucht duergestallt, et gouf nämlech dax nach sou gemaach, wéi wann dës Partei am Verglach mat hiere Schwësterparteien FPÖ, AfD, RN oder d’PiS, harmlos wier.

Mir all hunn gehofft, dass et dëst Land net treffe géif an hunn eis geweigert d’Warnschëss eescht ze huelen. Mir hunn eis iwwer riets Verschwörungstheoretiker wéi den Pierre Peters an den Joe Thein lëschteg gemaach an net erkannt, dass mir dës Witzfiguren just als Oflenkung benotzen fir eis net mat deenen rietse Virdenkerinnen an Virdenker beschäftegen ze mussen, déi scho laang am Mainstream dra sinn, wéi den Lex Roth, den Robert Goebbels, d’Astrid Lulling oder och den Guy Kaiser.

Mir hunn d’Resultat vum Referendum verdrängt well mer net wouer hu wollten, dass zu Lëtzebuerg eng Spannung entstoen kann an der eng kloer auslännerfeindlech Positioun schlussendlech 80% vun de Stëmme kréie kann. Mir hunn d’ADR als net esou dramatesch ëmfonnt, well et do jo nach ëmmer de Gast gouf, an dat jo eigentlech “ee sympathesche Käerel” wor. Mir wollten eis net mat engem Sylvie Mischel, engem Fred Keup, engem Fernand Kartheiser, engem Tom Weidig oder och engem Alex Penning ausernaanersetzen. Mir hunn net gemierkt, wéi déi riets Ideologie sech festegen konnt an d’ADR elo, wou d’LSAP an d’CSV dobäi sinn ënnerzegoen méi wéi prett an de Startlächer steet.