NAGA – Konscht op Lëtzebuergesch

Iwwersiicht: Beschreiwung; Basisdaten; Theateropféierungen; Ausstellung; Gebai a Monument; Press


Affiche Nationalgallerie

Déi éischt lëtzebuerger Nationalgalerie

Zoufällegerweis kuerz virun de Wahlen: D’NAGA, d’Prestigestéck vun der progressiver Legislaturperiod 2013 – 2018, ass fäerdeg. Richtung22 huet zur feierlecher Awéiung, inklusive Präsentatioun vum zukünftegen Numm vun der NAGA a Präsenz vum Staats- a Kulturminister invitéiert.

D’NAGA hat alles, wat eng modern Nationalgalerie bidde muss:
– E prestigéist Gebai, benannt noom zweeten DP-Staatsminister an der Geschicht.
– Eng interessant Ausstellung vun 25 Konschtschafenden iwwert 3 Stackwierker.
– E Musées-Shop, den “Nagasin” an e Muséescafé, d'”NatiGal”
– An d’Theaterstéck: Aweiungszeremonie mat enger ganzer Rei kënschtlerescher Interventiounen.


Basis-Daten

Et gouf 5 Opféierungen vun der feierlecher Erëffnungszeremonie am Gebai vun der NAGA: den 24., 25., 26., 28. an 29. September 2018. D’Nationalgalerie selwer, eng Ausstellung iwwer 3 Stackwierker, wor vum 24. bis 29. September op.

Verpasst keen NAGA-Moment an suivéiert d’Nationalgalerie op Facebook an Instagram.


Theater




Theater-Team

Schauspieler*innen: Photoen
Julia Ariete als Maggy Nagal
Anne Gillen als Jo Kox
Lynn Kelders als Maxie Lacour
Jessica Lagoda als Dout
Raphael Lemaire als Xavier Bettel
Lars Schmitz als Polizist 1
Maurice Sinner als Polizist 2
Selma Weber als Helminger
Michelle Kleyr, Pierre Weber
Luucht/Bühn
Richtung22
Text
Richtung22

Script

Bettel: Mee wéi, ech duecht dee wier Chef vum Moviefong, firwat sollt ech de Panama-Guy
zum Kulturstaatssekretär maan, dovunner versteet deen dach näischt.
Maxie: Dir soot dat wier wéinst de Walfer Bicherdeeg.
Bettel: A wat mecht deen dann elo als Staatssekretär?
Maxie: Dat weess kee sou genee.
Bettel: Jo sou geet dat bei de Staatssekretären. Déi eng iwwerschaffen sech bis se an d’Gras
bäissen, an déi aner sinn an der DP. Wéi d’Francine Closener zum Beispill.
Maxie: Mee fir ze schaffen hat dir dach den Jo Kox agestallt.
Bettel: Ah jo, an wéi eng Positioun hat de Jo Kox scho méi? Staatssekretär vum
Staatssekretär?
Maxie: Nee, dat ass de Rapporteur an Initiateur vum Kulturentwecklungsplang.
Bettel: Ahhhh. Okay. Ma dann erëffnen ech mol dës Galerie.
Maxie: Applaus. […]NAGA - Konscht op Lëtzebuergesch

Komplette Script hei eroflueden (PDF) – Lizenz: CC BY-NC-SA


Photoen vun den Opféierungen


Ausstellung




Éischt Lëtzebuerger Nationalgalerie
1, Dernier Sol
L-2543 Bonnevoie / Luxembourg



Expo-Team

R22-Ausstellung
Mirka Costanzi, Ben Dratwicki, Lisa Elsen-Wagner, Anne Gillen, Claire Greter, Ada Günther, Lynn Kelders, Michelle
Kleyr, Jessica Lagoda, Sven Lagoda, Michèle Lawniczak, Jamie Munhowen, Elisabeth Pannrucker, Lars Schmitz, Maurice Sinner, Anne Speltz, Gabrielle Taillefert, Selma Weber.
Extern Konscht
Jean Bürlesk (Tour Guidée), Lea Lieser (Musék), Fabienne Margue, Reiny Rizzi-Gruhlke, Victor Tricar, Alain Welter,
Karin Weber
Orga-Team
Julia Ariete, Anne Gillen, Claire Greter, Lynn Kelders, Michelle Kleyr, Jessica Lagoda, Sven Lagoda, Raphael Lemaire, Daniel Oliveira Carneiro, Elisabeth Pannrucker, Lars Schmitz, Rick Schmitz, Elie Sinner, Maurice Sinner, Naema Sinner, Gabrielle Taillefert, Tessy Troes, Lucie Wahl, Selma Weber,





Pressespiggel

“Kennt dir d’NAGA?” (100komma7, 25.06.2018)
“Theater: Make Xavier great again” (WOXX, 27.06.2018)
“NAGA: Déi fiktiv Lëtzebuerger Nationalgalerie” (RTL Radio, 28.06.2018)
“NaGa total gaga?!” (Land, 05.10.2018)


Romanteschen Sonnenennergank mat NAGA am Bild