#metoo: Luxembourg too.

Statement vu Richtung22 am Kader vun der #metoo Debatt.

Sexuell Belästegung am Filmsecteur ass zanter de Révélatiounen ronderëm de Filmproduzent Harvey Weinstein en Thema a villen Zeitungen an an de sozialen Netzwierker. Et sollt kloer sinn, dass sech de Problem net just op d’USA an och net just op de Filmsecteur beschränkt, mä een allgemenge Problem ass – och zu Lëtzebuerg.

Et ass wichteg, dëse Moment ze notzen, fir Opmierksamkeet fir eng Realitéit aus dem Alldag vun all Fra* ze schafen an zousäzlech och konkret Zesummenhäng ze benennen. Sexuell Belästegung ass och zu Lëtzebuerg un all Filmset, vun de gréisseren bis erof zu den Amateursproduktiounen ze fannen. Sexismus, Belästegungen an Iwwergrëffer während den Dréier, Castinger, an de Produktiounsfirmen, mä och an den Theateren, op de Schauspill- a Filmschoulen si Realitéit. De lëtzebuerger Filmsecteur ass dominéiert vu Männer an Männerbündnisser, en toleréiert a fërdert duerch Ontätegkeet genee dat Verhalen, dat beim Fall Weinstein mediatiséiert gëtt. Männer a Muechtpositiounen notzen Drockmëttel, emotional Erpressung an Ofhängegkeeten fir hiert Spill mat den Hoffnungen a Carrièresdreem vu Fraen*.

Eng wichteg Reaktioun wier ee selbstkriteschen Emgank vun der lëtzebuerger Filmzeen mat dësem Phänomen inklusiv journalistescher Opkläerungsaarbecht. Et geet net, dass wéi d’Wort et an engem Editorial mécht, de Probleem op d'”Cowboyen zu Hollywood” begrenzt gëtt an och nach Victim-Blaming bedriwwen gëtt andeems d’Affer als “naiv” bezeechent ginn.

Mir wëllen all deene Betraffenen, ob se sech lo ënnert #metoo zu Wuert mellen oder net, eis Solidaritéit ausdrécken. Mä eis ass bewosst, dass dat net duergeet. Mir wäerten eis a Konsequenz weider intensiv dofir asetze, Alternativen an sécher, Sexismus-fräi Räim opzebauen. Richtung22 versteet sech als feministesche Projet an dofir wäerte mir eis och intern weider iwwerpréifen a mat Problemer ausernanersetzen.


Pressespiggel

Luxembourg too (100komma7, 15.11.2017)
Ich bin viele (Land, 15.12.2017)
La quatrième vague (reporter.lu, 24.03.2018)