Méi Demokratie Bidden

E fuerchtbart Gerücht kurséiert zanter Wochen a Mediekreesser: lo schéngt et offiziell ze sinn: De Henri, Grand Duc du Luxembourg ass zeréckgetrueden! Hei den integralen Demissiounsbréif:

Solidaritéit“Léift Vollek,

D’Zeitungen hunn d’Nouvelle bruecht, ons Verfassung wier moderniséiert ginn. D’Fro vun der Monarchie ass – ouni dat mat mir oder mat Iech ze beschwätzen – ausgeklamert ginn. Iech, dem Vollek, gouf de Choix geholl fräi iwwert Är Staatsform z’entscheeden. A mir, Ärem Grand-Duc, gouf d’Méiglechkeet geholl endlech als fräien a gläiche lëtzebuerger Staatsbierger ze liewen. Ech denoncéieren dës Barbarei virum Weltgewëssen.

Et bleift mir nëmmen een eenzege raisonnabele Schrëtt als éierbaren Demokrat iwwereg. Dowéinst ginn ech lo heimat meng Demissioun bekannt. Andeems ech ofdanken, kann endlech déi noutwenneg Diskussioun ronderëm d’Monarchie ugestouss ginn, déi bei enger Verfassungsreform eigentlech selbstverständlech si misst.

An engem symboleschen Akt géint d’Privilegie vun der Monarchie a fir meng demokratesch Iwwerzeegungen hunn ech gëschter Owend de Mores gebieden meng gëllen Bidden virun de Palais ze stellen.

Ech weess an ech spieren et: Dir stitt all wéi ee Mann a wéi eng Fra an aler Trei zur Demokratie an zur Heemecht. Eis gutt Saach läit lo an den Hänn vun deenen, déi fir d’Recht an d’Demokratie kämpfen.

Ären Heng”


Pressespiggel

“De Grand Duc huet demissionéiert: Exklusivinterview” (RadioARA, 13.04.2015)
“Un faux Grand-Duc fait une (sale?) farce” (Quotidien, 14.04.2015)
“Monarchie: le soutien s’effrite” (Woxx, 17.04.2015)


Solidaritéit