Kulturpolitik

Iwwersiicht: Basistext; Aktioun op den Assisen; Pressekonferenz virun den Assisen; Press


r22-banner_assisen_01
An der Richtung22-Campagne zur Kulturpolitik geet et dorëms, déi bestoend Kulturpolitik opgrond vun hirer Wirtschafts- a Konsomatiounsorientatioun ze hannerfroen an Alternativen fir eng méi un der Kreatioun orientéierter Kulturpolitik opzezeechnen. Heibäi versicht Richtung22 haaptsächlech och deene jonke Konschtschafenden eng Stëmm ze ginn – si sinn am aktuelle Systeem déi gréisste Verléierer*innen.


Basistext iwwer d’Kulturpolitik zu Lëtzebuerg

Duerch de Besoin un héijen Zommen alleng fir den Ënnerhalt, hunn d’Institutiounen net nëmmen de Kulturbudget, mä och déi ganz Konschtzeen an der Hand.Parasitär, kontraproduktiv a festgebak: Lëtzebuerger Kulturpolitik am Joer 2016

Zesummefaassung:

Déi lëtzebuerger Kulturpolitik ass just op Konschtconsommatioun ausgeriicht. Kontinuéierlech gouf d’Subventionéierung vu groussen Institutiounen zanter dem Kulturjoer 1995 erhéicht – elo ginn 86% vum Kulturbudget direkt u grouss staatlech oder ëffentlech Institutioune.

Dës si finanziellen a programmateschen Zwäng ënnerworf a kënne weder déi néideg Diversitéit hierstelle, fir e breede Public z’erreechen nach sech ëm Innovatiounsfërderung këmmeren. Och Verbesserungen um Aarbechtsmarché fir Kënschtler*innen an d’Schafe vu Perspektiven fir Jonker bleiwen aus. Trotzdeem gëtt d’Kulturpolitik all Méiglechkeet fir ze gestalten un d’Institutiounen of a vernoléissecht dobäi déi kënschtleresch Kreatioun. Insgesamt ass et eng kuerzsiichteg a wirtschaftsorientéiert Politik, déi de gesellschaftleche Besoin u Konscht net decke kann a just eng prestigiéis Façade oprecht erhält.

Eng nohalteg Kulturpolitik misst elo een Investitiounsprogramm lancéieren an dobäi op déi grouss Potentialer setzen, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, déi awer net genotzt ginn. Elo misst op déi lokal Verwuerzelung an der immens diversifiéierter lëtzebuergescher Gesellschaft, déi jonk a gutt ausgebilte Generatioun, alternativ Produktiouns- an Distributiounsméiglechkeeten an op d’Nische gesat ginn. Mee dofir misst ee wierklech Kulturpolitik maachen.

Gesamten Basistext als PDF eroflueden.


Aktioun Kulturassisen

Den 1ten an 2ten Juli 2016 hat de Kulturministère déi sougenannten Kulturassisen organiséiert. Well kloer ass, dat domadder just d’Leit aus dem Secteur roueggestallt gi sollen, sech awer näischt un der Kulturpolitik hei am Land ännere wäert, huet Richtung22 géint dëst Event manifestéiert an och am Sall versicht d’Leit op de pseudopartizipative Charakter vun dëser Bettel-Show opmierksam ze maachen.

Zousäzlech zu eisem Banner hu mir Flyeren ausgedeelt:

Text vum Flyer
NATION BRANDING, BETTEL-SHOW
HEI GËTT KONSCHT MËSSBRAUCHT

Konschtschafender, loosst iech net benotzen!
Eidel Rieden, Table-ronden amplaz Partizipatioun, onverbindlech Resultater awer fancy Location an ee Barbecue? Ass et dat, wat dir wëllt? Da geheit dëse polemesche Wësch ewech.
Erënnert iech drun, wat bis elo geschitt ass:
– Dës Regierung huet, genee wéi déi lescht, de Pacte culturel ignoréiert.
– Dës Regierung wollt och an der Konscht “méi mat manner” maachen.
– Dës Regierung versicht d’Konschtzeen fir den Nation Branding ze mëssbrauchen.
– Dës Regierung hëlt ee Finanzlobbyist an de Kulturministère
– a mécht lo ee Molconcours fir Regierungspostkaarten.
Firwat sollte mir dëser Politik vertrauen? Firwat solle mer mat hier zesummeschaffen?
Dës Politik huet kloer Ziler a Visiounen:
– Kulturpolitik als Standuert- a Wirtschaftspolitik,
– Konscht als Amusement fir Supperräicher,
– Konscht als Spekulatiounswuer (Freeport, Art&Finance),
– Konschtsponsoring fir den Image vun Grousskonzerner wäisszewäschen
– a Schnittercher (wat okay ass).
Konschtschafender, Loosst iech dat net gefalen!
Mir däerfe keng Dekoratioun sinn – mä mussen e Géigegewiicht zu dëser verantwortungsloser Politik ginn!


Pressekonferenz virun den Kulturassisen

Invitatioun Pressekonferenz

Léif (Kultur-)Press,

mir si sécher, Dir kuckt – genee sou wéi mir – a freedeger Erwaardung de Kulturassisen entgéint, a wonnert iech – genee sou wéi mir – net am geréngsten iwwert de Mangel un oppener Kritik géigeniwwer eiser sympathescher lëtzebuerger Kulturpolitik.

Wat sollt och kritiséiert gi, wann de Ministère déi ganz Konschtzeen abënnt, fir zesummen e Plang auszeschaffen an dann de Kulturbudget erhéicht?

Okay, vläicht gëtt net “déi ganz” Konschtzeen agebonne, mä wier et da wierklech sënnvoll, Konschtschüler*innen, Studéierender an net-organiséiert Beruffsufänger*innen anzebezéie, wann iwwert d’Zukunft vum Konschtbetrieb geschwat gëtt? “Zesummen e Plang ausschaffen” heescht an dësem Fall vläit och just, dass déi al Bekannten zesummekomme, fir sech iwwert hier Grimmele vum Kuch ze freeën. An de Budget gëtt wuel haaptsächlech aus Image-Grënn a kuerz virun de nächste Wahlen erhéicht an net well sënnvoll Investiounspläng oder visionär kulturpolitesch Iwwerleeunge virleie géifen.

Mee och mir loossen eis léiwer vun der krampfhaft gudder Stëmmung matrappen, déi de Minister a säi Staatssekretär och iech zanter Méint verklickert.

Dowéinst schwätzen och mir lo net dovun, dass Kulturpolitik zu Lëtzebuerg ëmmer méi zur Standuertpolitik fir d’Wirtschaft gëtt, dass Lëtzebuerg e Kultur-Parasit ass, dee sech iwwert seng opgeblosen Institutiounen d’Kiischte vum Kuch vun der internationaler Konschtproduktioun pléckt, ouni je selwer richteg an d’Kreatioun z’investéieren, dass Prekaritéit, Ausbeutung a Nepotismus de Kultur-Aarbechtsmarché ausmaachen an dass et schlussendlech keng substantiell Förderung vun Innovatioun, Kreatioun a vum Nowuess gëtt.

Aus Respekt virun engem idylleschen Oflaf vun den Assisen, leeë mir dowéinst eis Pressekonferenz, op där mir eng Analyse vun der Kulturpolitik maachen an alternativ Pläng virstellen, zäitlech gutt wäit fort vun den Assisen – an zwar op den 29. Juni um 10h30 (Den Uert deele mer nach mat, soubal mer en eidelstoend Gebai fonnt hunn, wat fir e puer Milliounen Euro zu engem Creative-Art-Communication-Collaboration-Hub sanéiert gouf).

Héichuechtungsvoll an mat déifstem Respekt,
Är Richtung22

Virun de Kulturassisen wor et eis wichteg och mol ee puer luewend Wierder ze fannen. Dofir hu mir schlussendlech zwou Pressekonferenzen ofgehalen:
– Als éischt hu mer eis Kritik a Virschléi sachlech virgedroen (eng Iwwersiicht hei am seriöen Hand-out knapp zesummegefaasst [Seriöen Hand-Out] ) – dat wor net flashy genuch, d’Journalist*inne wieren eis bal ageschlof.
– Dowéinst si mer dann op de Bettel-Stil ëmgeklomme, fir deem Ganzen deen néidege Pepp ze ginn (hei dofir eng zweet, fancy Versioun vum Hand-Out [Dynameschen Hand-Out] ).


Pressespiggel

“Kloertext: Lëtzebuerg, Kulturland?” (RTL, 11.07.2016)

Assisen:
“Assises culturelles : maigres espoirs” (Woxx, 04.07.2016)
“C’est maintenant que ça commence” (Paperjam, 03.07.2016)
“Kulturelle Studientage” (Tageblatt, 01.07.2016)
“Jo Kox chargé de mettre sur pied un groupe de travail” (Wort, 02.07.2016)
“Bestandsopnam viru Kulturentwécklungsplang” (100komma7, 04.07.2016)

R22-Pressekonferenz virun den Assisen:
“Richtung 22: Wat bréngen d’Kulturassisen?” (100komma7, 30.06.2016)
“Kulturpolitik auf dem Holzweg” (Tageblatt, 29.06.2016)
“Kulturassisen ee Fake, richteg Kultur gëtt net gefërdert” (RTL, 08.07.2016)