#Kräidprozess

Kraidprozess
De Kräidprozess, bei deem 4 Aktivisten wéinst Sachbeschiedegung viru Geriicht stinn, well se un Nationalfeierdag mat Kräid virun d’Philharmonie gemolt hunn ass grad sou lächerlech wéi beängschtegend. Hei eng Beschreiwung vun deenen 9 Etappen, déi dëse Konscht-Prozess hat.


Merci fir är Solidaritéit, all ëffentlech Liibeserkläerung a fir all Spend, ouni déi mer eis zu Lëtzebuerg dëse faire Prozess net leeschte kéinten.


9

Zweet Urdeel / Fräisproch (6. Juli 2017)

Den 6. Juli 2017, also iwwer 2 Joer no der Nuecht virun der Philharmonie kënnt den Fräisproch am Kräidprozess.
Dat ganzt Urdeel als PDF (1,9MB)

E Gedicht zum Schluss

Fräi geschwat – Gléck gehat?

Moritat vum Kräidprozess
E puer Jonker, schrecklech naiv
Fannen eis Natioun net sou schick
Amplaz ze ruffen: 3 mol vive
Krozlen mat Kräid ob d’Place Publique

Tatütata, Geräisch vum Béischt, direkt dräi Ween
“Mir beschützen de Ruff vun eisem Lieblingsland” –
“Bonjuer messieurs, dat hei ass Konscht, geet of vum Steen” –
“Illegal! Ass keng Konscht! Respektlos! Du Sau-Kand!”

“Huelt lo déi schlecht Lompen, soss gëtt de Kniecht gewiergt
Lo schonn 3 Minutten? Botzt, ech wëll a mäi Bett
Allo, Pompjeeën do? Police hei, brauchen iech!”
Mat 3000 Liter gouf eist Land dunn gerett!

Policerapport: Jugendlecher, Graffiti-Dous.
Press: Attack ob Mauer a kriminellt Geschmiers!
Et wor Kräid, et ass Konscht. Wou ass do de Verstouss?
Patriote flippen. Firwat? Dat gëtt vergiess.

Zack, eng Iwwerraschung – de Parquet schéckt ee Bréif
D’Jugend aschüchteren, falls se nach muckse géif
Et geet lo op d’Geriicht, a sief et wéinst der Kräid
Eng Verfriemung vu Steen geet dësem Land ze wäit

Futti wiere Saachen dat seet de Paragraph
De Parquet huet e Plang, d’Geriicht dat stellt sech daf:
Eng Expertise, direkt. Wat ass dat fir e Stoff?
Kräid? Nach ni héieren. Dat geet wuel ni méi off.

En neien Dag Prozess. Mir maan dat lo prezis.
D’Police zielt eis Spiichten, d’Gehirer bauen d’Kris
Ganz schnell schalt de Parquet: Bestëmmt hunn si gedronk
Kloer sinn déi Leit am Feeler, se si jo all nach jonk

D’Uerteel kennt raus, kuckt hei: Natierlech, si hu Schold
Zu Schued komm ass zwar näischt, mee Knascht de wor gewollt
Aneren Artikel, d’Gesetzesbuch ass déck
Gewanne wëll d’Geriicht a weist all säi Geschéck.

Zweehonnert Euro Strof – fir all sou jonke Spunt
Schummt iech a sidd roueg, mir wësse wou der wunnt.
Kuckt, et ass kee méi do – D’ganz Konschtwelt hält de Bak
Wien ass kloer fir iech? Just lénksversifftent Pak.

Wéi, dir gitt an Appell? Hutt dir se dann nach all?
Kritt dee gréisste Riichter an eisem déckste Sall!
Dee wäert iech bäibrénge wat Manéiere sinn.
Sammelt weider Spenden, dat wäert iech deier ginn!

Är Affekotin traut sech? An schwätz mol net sou schlecht?
Dat ass problematesch… fir iech, well mir sinn d’Recht.
Parquet seet Beschmotzung – och wann et kee Schmotz ass.
Well Konscht a rebellesch, dat ass dach deguelasse.

Just mat Ënnerstëtzung wor dës nei Chance erkaaf.
Wat ass um Schluss anescht, wat mengt déi zweet Instanz?
Woufir all deen Opwand, Suerg, Zäit, Sträit, Schweess a Kraaft
Kräid um Buedem: Fräisproch. Recht hutt dir an zwar Ganz.

No dëser rise Farce, ee Joer duerch d’Justiz
Kënnt dann eraus, wat all Kand wousst, et war e Witz.
Dir Jonk, verstitt d’Moral vun dëser Kuerzgeschicht,
Mat der Kritik um Land hutt dir iech eng gesicht.

Dir kennt lo eis Police, Parquet an och d’Geriicht
Kräid-Terrorist*innen: Spiert dem Staat säi Gewiicht.
Um Schluss wor et Zoufall. Et ass grad gutt gelaf.
Nächste Kéier besser – an huelt déi richteg Faarf.

Egal wéi se jäizen, a wéi een Uerteel kënnt
Bleift dir fest zesummen, da wësst der wien gewënnt.


8

Den Appelprozess (21. Juni 2017)

Mëttelweil wéinst Verknaschtung an net méi wéinst Beschiedegung ugeklot geet et ronn 2 Joer no eiser Aktioun an den Appelprozess – deen ouni d’Spenden vun Ennerstëtzer*innen net méiglech gewiecht wier.

Eis Affekotin plädéiert, dass den Paragraphe zur Bestrofung vu Verknaschtung viru villen Joerzéngten agefouert gouf fir d’Ausbreedung vun der Pescht ze verhënneren an net fir Kräidmolerei ze bestrofen.


7

Mir ginn an Appel (24. Februar 2017)

Richtung22 huet sech iwwert déi lescht Wochen ëm d‘Kräid-Terrorismusfinanzéierung gekëmmert. D’Ënnerstëtzung duerch SympathisantInnen huet elo genuch Spende generéiert fir den nächste Schrëtt.

Pressecommuniqué Appel

#Kräidprozess: Do ass nach Loft no ënnen

Mir ginn an Appell géint d‘Uerteel am #Kräidprozess. Obwuel mir mat eiser Kräid-Aktioun un Nationalfeierdag 2015 eendeiteg virhaten, d‘Natioun ze beschiedegen an d’Land an eng existenziell Krise ze stierzen a vläicht souguer dat opgesatent Grinsen vum Grand-Duc ze zerstéieren, huet d‘Geriicht eis vum Virworf Sachbeschiedegung fräigesprach. Suggeréiert e lëtzebuerger Geriicht domat, dass d’Natioun keng Saach a keng Realitéit, mee identitäert Geflunkers ass?

Als Alternative gouf dunn am Uerteel den Artikel 557.4 rausgezaubert an eist Kräid-Wierk mat „dem Geheien vu Knascht“ gläichgesat. Mir si schwéier enttäuscht. Net, well d‘Geriicht d‘Rechter vun der Defense violéiert huet (an der éischter Instanz koum dësen Artikel nämlech guer net fir), mee no Police a Parquet och vum Geriicht aus de Versuch kënnt, Konscht ze verharmlosen an d‘Sprengkraaft vu Konscht ze verschleieren.
Eist Zil ass et elo eng grouss Image-Beschiedegung vun eis awer och vun der gesamter Konschtzeen ofzewenden. Mir fuerderen, dass Konscht am ëffentleche Raum mat Zerstéierung (zB. vum patriotesch Konsens um Nationalfeierdag) gläichgesat an entspriechend kredibel verfollegt gëtt. Op mannst hätt den Artikel 423 („La provaction en duel“) dra si mussen.

Wat d’Geriicht hei awer mécht, ass d’Reduktioun vu Konscht op de Strofdotbestand „mat Knascht geheien“. Doduerch soll de ver- an zerstéierenden Impakt vu Konscht am ëffentleche Raum diskreditéiert ginn. Wat am Eenzelfall zu Lëtzebuerg vläicht stemmt, däerf awer net duerch een Uerteel an d’Form vun engem Prezedenzfall gegoss ginn. Zum Beispill wor d’Projektioun vun der Grand-Ducs-Geschicht op de Palais effektiv „mat Knascht op ëffentlech Gebaier geheien ouni Beschiedegung vun der Surface“. An jo, den artiste en résidence vun der Police a sengem nipster Atelier fält och dorënner. An forcément, wann den Hoppen Téid iwwer d’Bildschiermer vum Land flimmert mécht déi ëffentlech-rechtlech Télé (RTL) näischt aneschtes wéi mat Dreck an d‘Wunnenge vun de Leit ze geheien.

Konscht muss awer grad an dësen Zäite méi wéi ästhetesch, onpolitesch, patriotesch an peinlech sinn. Dofir muss déi Konscht, déi kloer zerstéieresch Ziler verfollegt, op engem vill méi seriöen Niveau strof-verfollegt ginn.

Mir ginn dem Geriicht dofir eng zweet Chance. Eng Chance, fir un eis ee bluddegt Exempel ze statuéieren. D‘Geriicht soll sech am Numm vun der Demokratie trauen, elo richteg haart duerchzegräife fir deenen naïven Jujentlechen ze weise ween a Saache Gerechtegkeet deen Allerlängsten huet. Also Hiewel. An dëser Affär gouf nach net all Méiglechkeet genotzt, fir d‘Käschten, den Zäitopwand an de psycheschen Drock op déi Ugekloten an d‘Luucht ze dreiwen. Am juristesche Fachjargon: Fäerdeg maachen a Schäissen dinn. Just sou ass d’Kräidibilitéit vun Natiounen-Zerstéierung am ëffentleche Raum nach ze retten.

Pressespiggel 2017 (2)
“Richtung 22 fait appel” (Paperjam, 24.02.2017)
“Kreideprozess: Beschuldigte legen Berufung ein” (Wort, 24.02.2017)
“Kräidprozess: Richtung 22 geet géint d’Uerteel an Appell” (RTL.lu, 24.02.2017)
“Richtung 22 geht in Berufung” (Tageblatt, 24.02.2017)
“Künstlerkollektiv Richtung 22 will Berufung einlegen” (L’Essentiel, 24.02.2017)


6

Éischt Urdeel (23. Januar 2017)

Dir hutt gemengt, dass d’Police einfach just aus der Panz raus entscheet huet, et dem Parquet einfach just langweileg wor, mee sech e Geriicht dovunner onbeandrockt fir déi kannereg Onschold vu Kräid ausschwätze misst. Richtung22 huet dat och gemengt.
Iwwerraschung! Et schéngt wéi wa mer am #Kräidprozess veruerteelt goufen. Mat 200€ op de Kapp handelt et sech domat ëm eist deierste Konschtwierk bis elo.

Dat ganzt Urdeel zum Noliesen- an als PDF

Pressespiggel 2017 (1)
“Kreide-Künstler verurteilt” (Journal, 23.01.2017)
“200 Euro Strafe für Kreidemalerei” (Wort, 23.01.2017)
“4 Mol Geldstrof vun 200 € wéinst Kräid-Affaire” (RTL, 23.01.2017)
“«Kreide-​​Affäre» endet mit niedrigen Geldstrafen” (L’Essentiel, 23.01.2017)
“Künstlerkollektiv “Richtung 22″ verurteilt” (Tageblatt, 23.01.2017)
“Dessins devant la Philharmonie : les artistes à la craie condamnés” (Quotidien, 23.01.2017)
“4 mol 200 Euro Geldstrof” (Eldoradio, 23.01.2017)


5

Drëtten Dag Kräidprozess: Et gëtt plädéiert (5. Dezember 2016)

Episod V – DE PARQUET SCHLÉIT ZERÉCK
Et ass eng däischter Zäit fir d’Rebellioun. Obwuel d’Kräid-Expertise zeréckgezu gouf hunn déi imperial Sträitkräft d’Rebellen aus hirer Roll als Konschtkollektiv verdriwwen an op e Neits viru Geriicht geschleeft. Nodeems se dem gefürchtete Fonds du Kirchberg entkomm sinn, huet e Grupp vu Fräiheetskämpfer*innen ënnert der Féierung vu R22 een neien, geheime Stëtzpunkt an der Äiswüst am Éislek eriicht. Mee den däiwleche Parquet ass just vum Gedanke besiess, déi jonk Aktivist*inne fir hire Kräidterror ze bestrofen an huet dausende weider sënnlos Prozessdeeg geplangt.

Zesummefaassung
Et ass endlech zu den “Verhandlungen” am Kräidprozess komm, se hu bal 2 Stonne gedauert. Eenzegen Uklopunkt wor Artikel 526, Sachbeschiedegung. Et wor krass, wéi am Prozess versicht gouf, eis eng kriminell Energie z’ënnerstellen. E Polizist wor do, deen als Zeien ausgesot huet an net gezéckt huet egal wat ze soen, fir eis an ee méi schlecht Liicht ze stellen – z.B. dass mir fortgelaf wieren a bestridden hätten dat gemaach ze hunn (wat einfach net stëmmt an guer kee Sënn mécht). De Parquet huet souguer gefrot, op mer deen Owend voll gewiescht wieren. Nodeems mir selwer aussoe konnten hate mer awer d’Gefill d’Stëmmung gedréint krut ze hunn. Mir hunn ebe kloer gesot, dat mer ni virgehat hunn fir fortzelafen oder anonym ze bleiwen, mee et eng geplangten a bewossten Aktioun wor, dat mer genee woussten, wat mer maan a wat fir e Produit mer verwende géifen (an hunn souguer déi chemesch Zesummesetzung vu Kräid erkläert). D’Riichterin wor ganz opmierksam an huet gefrot op dat sou wier “wéi wann ee beim Tour de France Allez Andy op d’Strooss géif schreiwen”. De Parquet huet trotzdeem eng Veruerteelung gefuerdert an eis Aktioun um Schluss mam futti-maache vun engem Blummendëppe verglach. Eis Defence huet doranner bestaanen kloerzestellen dass et Kräid wor, se ofgaangen ass an anhand vu franséischer Jurisprudence ze weisen, dass den Artikel 526 net zoutrefft well keng Sachbeschiedegung virläit – Mir hunn ee Fräisproch gefuerdert.

Pressespiggel 2016 (4)
“Wenn Nationalstolz zu Kachkéis wird” (Wort, 05.12.2016)
“Des amendes requises contre les tagueurs du collectif Richtung 22” (Quotidien, 06.12.2016)
“Geldstrafen für Kreidemaler gefordert” (Tageblatt, 05.12.2016)
“Richtung 22 viru Geriicht” (RTL, 05.12.2016)


4

Zweeten Dag Kräidprozess: Parquet freet Kräid-Expertise (19. September 2016)

Mir hate geduecht, et géif net méi absurd gi kënnen, mee de Parquet hat tatsächlech nach eng kreativ Iddi. Deen zweeten Prozessdag wor genee sou séier riwwer wéi deen éischten. Direkt um Ufank vun der Scéance huet de Parquet gefrot fir eng Expertise unzefroen, fir ze testen op Kräid alleng duerch d’Witterung verschwënnt. D’Riichterin huet dës Ufro accordéiert an de Kräidprozess gouf bis op onbestëmmten Zäit ënnerbrach.

Hei den Invitatiounstext, mat deem mir opgeruff haten, fir sech de Prozess ukucken ze kommen:
Richtung22 invitéiert op eng Live-Installatioun – den gréissten Konscht-Happening zu Lëtzebuerg.
Avant-Première (“séance publique”) den 19.09. um 9h00 @ Friddensgeriicht (“JP”), Cité judiciaire um Hëlleg-Geescht-Plateau.

Et spille mat:
– D’Justiz / an der Roll vun der Allmächtegkeet
– D’Jugend / an der Roll vun den aarmen Onschëllegen
– D’Police / an der Roll vun den respektabelen Autoritéitspersounen
– Patrick Gillen / an der Roll vu sech selwer

De Rideau geet um 9h00 Auer op, d’Geriicht huet no laangem Hin-an-Hier hiert Gebäi fir dësen eemolegen an eenzegartegen Impro-Theater zur Verfügung gestallt. Den Entrée ass gratis.

Pressespiggel 2016 (3)
“Der Abwaschprozess” (Tageblatt, 19.09.2016)
“Straße mit Kreide bemalt -​​ Künstler landen vor Gericht” (L’essentiel, 19.09.2016)
“Dessins devant la Philharmonie: la craie était-elle lavable?” (Quotidien, 20.09.2016)
“Parquet freet Expertise … wéi ee Kräid ofkritt” (RTL, 19.09.2016)
“Kräidprozess” (100komma7, 19.09.2016)


3

Solidaritéit

Solidaritéits-Kräid-Molen

Kuerz virum zweeten Prozessdag organiséiert Richtung22 een Soli-Event: Mat vill faarweger Kräid sollt eigentlech d’Plaz ronderëm d’Philharmonie bemolt ginn, aus Solidaritéit mat den Ugekloten an fir een Zeechen dofir ze setzen, dat déi ëffentlech Plazen jiddwerengem gehéieren – an dat Konscht natirlech an d’Effentlechkeet gehéiert.

Bréif vum Fond du KirchbergFonds du Kirchberg informéiert d’Police.

Kuerzfristeg musst awer d’Location geännert ginn, well de Fonds du Kirchberg verhënnere wollt, dat dës Manifestatioun nees virun der Philharmonie stattfënnt. An enger Äntwert un de Konschtkollektiv Richtung22 schreift de Patrick Gillen, Präsident vum Fonds du Kirchberg, dass Kräid-Molen der “Propreté et intégrité” vun der Plaz entgéint stoe géif, an dat si selwer dës Aktioun net am Numm vun der Konschtfräiheet mä vun der Strofverfolgung gesinn – e Grond firwat hien sech scho mol präventiv mat der Police a Verbindung setze géif.

D’Drama ëm d’Kräid-Molen gëtt also ëm ee Kapitel erweidert. Richtung22 gesäit an dësem Verhalen en weideren, traurege Versuch, repressiv Reegelen fir den ëffentlechen Raum duerchzesetzen an engagéiert Jonker zum Doheembleiwen ze brengen. Kann et wierklech sinn, dat grouss Institutiounen an de Staat Angscht hunn, Jonker mat Kräid hier Iddien op ëffentleche Plazen zum Ausdrock bréngen ze loossen?

D’Solidaritéits-Kräid-Molen gouf natirlech net ofgesot – mä op eng alternativ Plaz verluecht. Mir si frou, dat d’Rotondes eis dofir hier Plaz iwwerloossen. Vläit ass de Kierchbierg, trotz dem verzweifelten Versuch wéi en urbanen Groussstad-Quartier ze wierken, einfach nach net räif fir dës am Ausland vill praktizéiert fräi Konscht. Et gëtt Grënn, firwat et um Kierchbierg kee Liewe gett an sech do kee wuel fillt, an daat hei ass een dovun.

Äntwert vu Richtung22 op de Bréif vum Fond de Kirchberg
Tatsächlech hu mer vun iech keng aner Äntwert erwaart. Merci, dat der eisen Androck nach eng Kéier bestätegt, dat Jonker a fräi Konscht einfach net an äert Bild vun engem soberen Kierchbierg passen.

Dichtegerweis hutt der och nach d’Police en Kopie gesat, fir dat déi bande de racailles lo endlech Rou gëtt. Domat ass ee schnell all Verantwortung lass a muss och kee Risiko agoen oder fir eng Iwwerzeegung astoen. Fir iech si mir also all schëlleg bis dass eis ugekloten Leit onschëlleg gesprach sinn. (Dir däerft dës Mail och gären un d’Police weiderginn, vläit kreie mer dann nach eng Klo wéinst Beschrëftung an Destructioun vun ärer Inbox dobäi.)

Wann der wësse wëllt, wéi ee souverän, oppen an kreativ mat sou enger Demande ëmgoe kann, an domat och dozou baidréit, dass d’Leit sech wëllen op deene Plazen ophaalen, déi ee verwalt, sidd der häerzlech invitéiert haut op d’Plaz virun de Rotonden ze kommen – wou mer elo amplaz op ärem sterilen, eidelen an Eliten-ubiedernden Mercedes-Parkplaz eist Solidaritéits-Kräid-Molen veranstalten a gär gesi ginn.

Mat déiwem Respekt fir äer “intégrité” mee och äer “propreté”,
Kussi,
Richtung22

Pressespiggel 2016 (2)
“Ein Signal der Justiz an die Jugend” (Tageblatt, 17.09.2016)


2

Bréif vum Parquet

Uklo an éischten Dag Kräidprozess: Mee 2016

Baal ee Joer no der Kräidaktioun virun der Philharmonie kréien 4 vun den Aktivist*innen Mëtt Mee 2016 Post vum Parquet: Se ginn ugeklot no §526 vum Code Pénal, also wéinst Sachbeschiedegung.

“d’avoir dégradé des objets destinés à l’utilité publique et élevés avec l’autorisation de l’autorité compétente.”

D’Jugendorganisatiounen, zu deenen déi Ugekloten gehéieren, schätzen dës Uklo als Aschüchterungsversuch. No der Police schéngt lo och de Parquet dorop aus ze sinn, engagéiert Jugendorganisatioune geziilt mat iwwerdriwwene Repressiouns-Mechanismen ofzeschrecken. Déi Ugeklot froe sech Hëllef bei enger Affekotin.

De Prozess gëtt schlussendlech op eis Ufro hin no hannen geréckelt, well d’Geriicht ganz spéit éischt d’Akten rausginn hat. Als neien Datum gëtt den 19. September 2016 fixéiert.

Pressecommuniqué zum Geriichtprozess, 15.05.2016

Konscht gett nees viru Geriicht verhandelt

Lescht Joer hat Richtung22 an der Nuecht virum Nationalfeierdag eng Aktioun virun der Philharmonie gestart. Mat Kräid sollte verschidde Spréch an Texter (dorënner eng nei Versioun vun der Nationalhymne als Reaktioun op d’Referendumsresultat) do op de Buedem gemoolt ginn, wou de Moien drop d’Zeremonie stattfanne sollt.

Richtung22 krut fir dës Konscht-Aktioun Ennerstëtzung vu Membere vun der UNEL, Jonk Lénk a weidere Leit (zesummen als: “Kommando Kreidistan”) – wéi och vun der lëtzebuerger Police. Déi war allerdéngs e bëssen ze fréi opgetaucht an huet Groussalarm geschloen. D’Suite ass bekannt: D’Kräid gouf vu Pompjeeë fortgesprutzt, mir duerfte mat op de Policebureau an d’Police huet ee Communiqué rausgi mat legendäre Sätz wéi “Alle Beteiligten gaben an, dass es sich hierbei um ein künstlerisches, politisches Statement handeln würde. Dieselben wurden belehrt, dass dies eine Straftat ist.” Peinlech fir eis wor just, dass mer weder eis Texter fäerdeg schreiwen, nach gutt Fotoen maache konnten.

Et schéngt am Moment eng beléift Ofwiesslung fir d’Autoritéiten ze sinn, Konschtfräiheet nees viru Geriicht ze verhandelen. Richtung22 läit also am internationalen Trend. Nieft den Inhalter dierft an eisem Fall haaptsächlech d’Ëmsetzung (“Kräid”) reflektéiert ginn. De Virworf, “d’avoir dégradé des objets destinés à l’utilité publique et élevés avec l’autorisation de l’autorité compétente” ass ironescherweis deem Kapitel aus dem Code penal entholl, mat deem och Beschiedegunge vu Konschtwierker ugeklot gi kënnen. Vläicht gi mir just als Zeien opgeruff, fir iwwer d’Beschiedegung vun eisem eegenen nach onfäerdege Konschtwierk auszesoen?

Den 23. Mee soll also um 9:00 am Sall JP.1.19 an enger Scéance publique d’Onverständnis fir alternativ Konscht- a Protestforme souwéi déi jugendfeindlech Grondstëmmung am Land zelebréiert ginn. Et handelt sech em een Aschüchterungsversuch, wëssend, dass Jonker weder d’Ennerstëtzung, d’Wëssen nach d’Suen hunn, fir sech richteg wieren ze kënnen. D’Intentioun schéngt doran ze bestoen, engagéiert Jugendorganisatioune geziilt mat iwwerdriwwene Repressiouns-Mechanismen ofzeschrecken – dat däerf net geléngen.

Kräid ass kee Verbriechen an e Staat huet aner Méiglechkeeten sech mat Kritik ausenanerzesetze wéi mat Police a juristesche Prozesser. Hei däerf kee Präzedenzfall géint Konscht- a Protestfräiheet geschaf ginn.

Mir invitéieren all Interesséierten deen Dag an d’Séance publique ze kommen. Mir kënnen och Zeie gebrauchen, déi eppes Interessantes iwwer d’Eegenschafte vu Kräid oder Ausdrocksforme vu Konscht ze zielen hunn.

Pressespiggel 2016 (1)
“Aktiviste viru Geriicht wéinst “Kräidaktioun”” (100komma7, 16.05.2016)
“Anklage wegen Protestaktion” (Tageblatt, 19.05.2016)
“Straße mit Kreide bemalt -​​ Künstler landen vor Gericht” (L’essentiel, 19.05.2016)
“Richtung 22 : la craie du crime” (Woxx, 23.05.2016)
“Prozess gegen Richtung 22 verzögert sich” (Wort, 23.05.2016)


1

D’Aktioun – 23. Juni 2015

“Alle Beteiligten gaben an, dass es sich hierbei um ein künstlerisches, politisches Statement handeln würde. Dieselben wurden belehrt, dass dies eine Straftat ist.”Bulletin vun der Police Grand-Ducale 23.06.2015
Pompjees-Asaz géint Kräid

An der Nuecht viru Nationalfeierdag 2015 treffen sech Jonker vu verschiddene Gruppen fir mat Kräid a Kräid-Spray d’Plaz virun der Philharmonie ze bemolen. De Grond ass déi fehlend gesellschaftlech Debatt ronderëm de Resultat vum Referendum.

D’Aktioun gëtt fréizäiteg vun der Police gestoppt. D’Beamten sinn a Suerg “ëm de Ruff vun der Natioun”, well deen Dag drop op der Plaz déi offiziell Zeremonie zum Nationalfeierdag stattfanne soll – a bestellen d’Pompjeen an, fir d’Kräid fortzesprutzen. Well d’Press den Police-Bulletin onkommentéiert iwwerhëllt (oder souguer nach mat Hëllef vu vill Fantasie erweidert) mëllt sech R22 zu Wuert.

E vun den Texter, eng nei Versioun vun “Ons Heemecht”, deen virun d’Philharmonie gemolt gi sollt huet de Forum verëffentlecht.

Statement vu Richtung22, 24. Juni 2015

“Mat der Police géint d’Diskussiounskultur.”

Als engagéiert Jonker hunn mir wollten eng Konscht-Aktioun zum Thema “Wat ass eng/eis Natioun” fir Nationalfeierdag maachen, well mer fannen dat déi Fro sech wéinst dem Referendum lo op eng aner Aart a Weis stellt. Mir hu mat Kräid a Kräidspray op d’Plaz virun der Philharmonie gemoolt, ënnert anerem hate mir d’Nationalhymne emgedicht a wollten déi dohinner schreiwen. Et ass awer total eskaléiert ier mir iwwerhaapt richteg ugefaangen haten. D’Police ass mat 5 (!) Autoen opgekräizt, konnt eis zwar net genee soen, woufir se eis do stoppen, mä huet mol alles konfiszéiert an d’Pompjeen geruff fir d’Kräid fortzesprutzen, fir, wéi si soten “de Ruff vum Land” ze schützen. D’Police als Nationbranding-Agent?Pompjees-Asaz géint Kräid

Mir woren dann gëschter um Police-Büro fir en PV ofzeginn. Parallel hate si awer schonn eng onzoutreffend Versioun un d’Press ginn, fir déi si sech bei eis entschëllegt hunn, hier Pressestell hätt do Fehler gemeet. Am Bulletin vun der Police steet, dass mer Graffiti a net Kräid benotzt hätten, an dass mer op eng Mauer vun der Philharmonie gesprayt hätten (d’Philharmonie huet keng Mauer…) an dass d”Faarw” net fortgaangen wier, wat net stëmmt an dat wësse si och. D’Press huet dann déi ganz Story nach eng Kéier weiderentwéckelt, den L’essentiel Online de zB. schreiwt, Jugendlecher hätte Faarwbommen an den Tunnel bei der Philharmonie geheit. Firwat kënnt eigentlech kee Journalist / keng Journalistin op de Gedanken, dass d’Pomjeeen wuel kaum Graffiti fortsprutzte kënnen? Firwat freet kee Journalist / keng Journalistin no, wat fir Texter dann do konfizéiert goufen? Firwat kopéiert d’Press Trash-Geschichten aus den Police-Bulletin, a wonnert sech dann iwwert d’Jugendfeindlechkeet an de Rassismus an der Gesellschaft?

Mir wësse lo net wierklech, wat mer dozou nach soen sollen.

Eise Probleem ass, dass mer kee Wee méi gesinn lo nach eisen ursprünglechen Message zu Nationalfeierdag riwwerzebréngen (och well mer eis Aktioun net richteg duerchféiere konnten). Et geet lo mëttlerweil ëm eng Iwwerreaktioun vun der Police an ëm breet Fehlinformatioun. Et geet em déi zimmlech abstrakt Fro no Konschtfräiheet a Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg. Et geet em de “politeschen Debat” an em d'”Diskussiounskultur”, déi hei jo lo gefërdert gi soll. Mir wëlle kreativ fir Inhalter sensibiliséieren a mengen, dass den Zuch fir dës Aktioun ofgefuer ass, vue dat lo eng komplett aner Versioun a komplett aner Thematik (Pubertéierender a Graffiti) an der Öffentlechkeet steet, wat u sech näischt mat “eiser” Geschicht ze dinn huet. Wéivill Aarbecht misste mir lo dran stiechen fir dat richtegzestellen? Géif een dat héiere wëllen?

Mir befürchten, dass d’Press, déi lo schonn sou lassgeluecht huet, net op eemol drun denkt bei der Police unzeruffen an ze froen, firwat se Grafiti schreiwen, wa just Kräid benotzt gouf. Et wäert kee froen, wat fir eng Prinzipien eng Police leed. Mir mengen och net, dass hei am Land d’Press de Courage opbréngt, Police-kritesch Berichterstattung ze bréngen.Pompjees-Asaz géint Kräid

Falls mir wierklech schlussendlech och nach ugeklot gi géifen (d’Police huet den Dossier mat Verdacht op Verstouss géint “bonne moeurs” an Zerstéierung vun “biens mobiliers”!), dann gi mer selbstverständlech an d’Offensiv. Mä lo direkt ze versichen d’Rudder emzerappen, wäert eis just Zäit a Nerve kaschten: e puer Jonken géint Police, Medien an d’virgefäerdegt Meenung vun der Öffentlechkeet – an dat zu engem Moment, wou sech op Bauchgefill-Basis 80% vun de Lëtzebuerger*innen zu engem friem- a jugendfeindlechen Vote hirappe gelooss hunn. Do plange mer léiwer aner Aktiounen, laangfristeg Saachen, bei deene mir d’Thema selwer setzen. A ginn d’Hoffnung net op, dat sech d’Debattekultur an d’Vue op politesch Kreativitéit och zu Lëtzebuerg ännere léist.

Pressespiggel 2015

Virun eisem Statment
“Philharmonie vor der Feier mit Graffiti besprüht” (L’essentiel, 23.06.2015)
“Keine Kunst, es kann weg” (Tageblatt, 23.06.2015)
“Polizeibericht am Nationalfeiertag” (Wort, 23.06.2015)
“Sprayer auf frischer Tat erwischt” (Wort, 24.06.2015)
“Surpris en train de taguer la Philharmonie avant la Fête nationale, ils ont dû nettoyer” (Quotidien, 24.06.2015)

No eisem Statement
“Künstlerkollektiv: Es war nur Kreide” (Wort, 24.06.2015)
“Group behind Philharmonie National Day ‘graffiti’ speaks out” (Wort, 24.06.2015)
“Kräid, kee Spray bei Aktioun virun der Philharmonie” (RTL, 25.06.2015)
“Künstlergruppe kritisiert Vorgehen der Polizei” (L’essentiel, 25.06.2015)
“Un collectif d’artistes critique la police” (L’essentiel, 25.06.2015)
“Tags à la Philharmonie : la craie ça craint aussi” (Quotidien, 26.06.2015)
“Angscht a Schrecken mat e bëssi Kräid” (RadioARA, 29.06.2015)
“Richtung22: D’Richtung stëmmt!” (RTL Carte Blanche, 06.07.2015)