Heng Over

Iwwersiicht: Trailer; Premiere; Produktiounsinformatiounen; Beschreiwung



Dëse Film ass soubaal et méiglech ass am Kino ze gesinn!


Avantpremière: Stream 01.01.2021 – 21h00

Ofso vum Plang B – Here comes Plang C

Plitsch Platsch! Déi als Audiovisuell Installatioun ëmgebauten Filmpremière vum neien Richtung22-Film “Heng Over” fält an d’Waasser – fir eng zweeten Kéier.

No den Annoncen vun der Regierung dass Kinoen, an sou och eisen liiblings Ciné Sura (<3 ), zou gemaach ginn, huet eis Filmpremière fir d’éischt d’Zéiwen an d’Waasser gezappt. Eisen knackegen, hippen an artsy Plang B, eng audiovisuell Installatioun mat dezentralem Sound, verschidde Leinwänn, enger Mini-Expo asw. wier an d’Kategorie “Ausstellung” amplaz “Filmscreening” gefall an d’Rotonden hätten eis dat gären a kuerzfristeg erméiglecht. Pünktlech den Dag vun der Annonce vum Lockdown wore mer ausgebucht. Dir krut et mat, Muséeë si keng Shoppingzenteren an och Open-Air-Ausstellungen méi geféierlech wéi Kierchen: Och Ausstellungen sinn ab dem 26. Dezember verbueden.

Hei eise Plang C: Mir liwweren iech eng Livestream-Avant-Première vun eisem Film fir de kulturellen Duuscht kuerzzäiteg ze stëllen. Den 1. Januar 2021 um 21 Auer, fir dat neit Joer anzeweien an déi guer net jugendfeindlech Ausgangsspär ze feieren (lol), kënnt dir iech an de Stream vum “Heng Over” raklicken.

Soubal d’Mesurë rëm gelockert ginn komme mer op Plang B oder A zeréck: Mat enger fatzeger Première an engem Spendemarathon fir dem Ciné Sura ënnert Äerm ze gräifen – sou dass se eriwwer an d’Basilika plënnere kënnen!

WARNING: Online Kulturergänzungsmëttelen dierfen net als Ersatz fir sozial a kulturell Eventer an enger gesonder Demokratie gesi ginn. Sozial a kulturell Eventer sinn net just wichteg fir eis, déi se produzéieren, a fir d’Kulturinstitutiounen an deenen se stattfannen mee och fir de Publikum, fir d’gesellschaftlech Debatten, fir den Zesummenhalt an de Fräiraum an deem eng kreativ Ausernanersetzung mat Problemer stattfanne kann an d’Iddien fir d’Zukunft entstinn. Dëst ass besonnescht am aktuelle Kontext méi wéi néideg an iwwerliewenswichteg fir eng pluralistesch Demokratie.


Audio-visuell Installatioun den 27.12.2020 am Haff vun de Rotonden

Den neiste Richtung22-Film “Heng Over” feiert seng Première am Kader vun enger audiovisueller Installatioun

den 27ten Dezember 2020 am Haff vun de Rotonden an der Stad.

Fir Chrëschtdag zielen wéinst der Pandemie bestëmmten national Prioritéite: Shoppingzentren, Kierchen an EU-Premierministertreffen mussen zougänglech bleiwen. Et ass een Ofweien vu Risikofaktoren: D’Nationalbibliothéik bleift fir de Public op, den Nationaltheater zou — Dat ass vläit besser sou, de Risk vun engem Buch enttäuscht ze ginn ass manner grouss. Per Gesetz ass dem Public allerdéngs den Zougank zu alleguerten den Kulturzentren verbueden. De Klassesall bleift op, mee den Theater och fir Klassen zou.

Vill Konschthäiser a Kënschtler*innen hunn iwwer déi leschte Méint immens vill Kreativitéit gewisen, d’Upassung un d’Oplagen ass zur (Iwwerliewens-)Konscht ginn. Mee schlussendlech traut d’Regierung deem komeschen Kultursecteur keen responsabelen Ëmgank mat der Pandemie zou. Wann et eescht gëtt kann op Konscht verzicht ginn? Sollten sech Kënschtler*innen an Kulturhäiser an hier Schleekenhäisercher zeréckzéien?

Am Konschtsecteur weess all Mënsch: Op besser Zäiten waarden ass ni eng gutt Léisung. Also passe mir eis weider kreativ den Oplagen un a weisen Responsabilitéit. E responsabelen Ëmgank mam Virus, e responsabelen Ëmgank mam Besoin vu Mënschen op sozialen a kulturellen Austausch an e responsabelen Ëmgank mam Grondrecht op kënschtleresch Expressioun. Amplaz vun enger Filmpremière invitéieren mir dowéinst op eng Open-Air Installatioun am Haff vun de Rotonden.

Reservéiert w.e.g. iwwer Mail: ticket@richtung22.org


Produktiounsinformatiounen

Produktioun: Richtung22
Land: Lëtzebuerg 2019/2020
Dauer: ca. 92 min
Sprooch: lëtzebuergesch
Alter: Ab 12


Plakat Heng Over

Heng Over

Wéi dem Grand-Duc säi Status – a seng Bezéiung mam Tréiss – duerch e Referendum un d’Wackele geréit, fänkt eisen Heng un sech an seng Aufgab a Fro ze stellen. Wéi géif säi Liewen als normale Bierger ausgesinn?
Mee et wier vläit besser gewiescht, déi Fro ouni d’Hëllef vum Wonschbrunnen ze beäntweren: hien land am Joer 20XX, net méi als Grand-Duc Henri, mee just nach als den Heng. A säi klengt Land ass elo an zwee nach méi kleng Länner gespléckt…