Féck de Parquet – Mir si fir Laminat

Nee, no dem #freeturnup-Fräisproch ass net alles nees an der Rei.

De Parquet probéiert kritesch Konscht azeschüchteren. Den deiersten Affekot an d’Relativéierung vun der eegener Konscht (“fécken” = “klibberen”) woren néideg, fir net veruerteelt ze ginn.

Wa mer net wёllen, dass mer eis virum Äussere vu Kritik éischt mol juristesch ofséchere mussen ass elo de Moment de Mond op ze maachen – fir d’Konschtfräiheet, géint Chauviniste wéi de Keup a géint seng Frënn am Justizapparat.

Warnung: Dёst Lidd kéint Beleidegungen enthalen. Wanns du eng Beleidegung entdecks, schneit se w.e.g. aus a pech se dem Keup op säi Stroosseschёld zu Mamer. Oder u seng Futtballstribün zu Kehlen, oder u seng Schoul zu Esch, oder op seng Wahlaffichen uechter d’Land.


Text vum Lidd (opklappen)

Fécken ass keng Konscht

Ahhww. Yo Yo Yo, hei ass de Radio 100komma7
mat de Féckkäpp featuring d’Stёmm vun der Wourecht an dem Recht.

“Ech fécke ween ech well, wou ech well, wéini ech well…
…du kéins och fécken, mee den däitsch Genauegkeet verbidd der dat.”

Ech sinn de fils de fils de fils de famille riche
Ech sinn de fils de fils de fils de famille riche
Ech sinn de fils de fils de fils de famille riche
Liked all mäin Track
géint dee bronge…
ehm, däerfe ech dat lo soen?
Muss mäi Papp mol froen
An dee säin Affekot.
Net dass herno de bronge Fleck mech nach emol verklot.
Soss ginn ech tibbi tibbi – Ahh

Ech sinn ee klenge Fascho a bei Facebook op der Sich.
All d’Guttmenschen sinn online a fir mech bedeit dat Krich
Ee Lidd an eiser Sprooch, wéi schéin
Mee wat sinn dat respektlos Téin.
Den Tonnar, de Verréider, knipst Selfie mat Migranten.
a sai Bouf. Dee Verléi’rer. G’nee sou en Arroganten.
E séngt dach net ee hätt mech gär gebiischt,
Wéi ekleg, deen Homo, dat do geet op d’Geriicht.

Féck de Parquet – mir si fir Laminat.
Knupp de Staat – Konsens virausgesat.
Mee de Keup, dee solls du net fécken.
Well mat Sex, soll ee keng Nazien beglécken.
Féck de Parquet – mir si fir Laminat
Féck ee Promi – dat kёnnt dann an d’Privat.
Géi an d’Kierch – du bass Illuminat.
Drénk eng Drёpp – dat ass ee Destilat.

Proff ass hien fir Chef ze sinn, behaapt “Eist Land ass ländlech”
Seng Bicher si vu virum Krich, säi Weltbild geozentresch.
Beim Fussballsclub d’Muslimen raus – de Präsident bléift haart
Um Comptoire déi grouss Ried gehal, an d’Enn vum Land gefaart.
“Klimakris? Eng Meenungsfro. Fir d’Opkläerung? Sinn d’Elteren do.
Flüchtlingen? Déi sinn eng Plo. Jo mir stinn Faschisten no.”
Mee no de Wahlen, Frustratioun, d’gouf awer kee Mandat
Dowéinst huet hie sech doheem nees mam Laptop agespaart.

Seng Hiermer sinn all blo. Hien stellt nees d’Wuesstumsfro
Baut Stroosseschёlder no a Fёnnt den Lex Roth chaud.

[Wann Auslänner*innen de Keup lo fir Europa wielen – Akzeptéiert hien dat? Oder seet en do och dräimol Nee?]

Ginn deem rietse Geosproff, kleng Rapper op de Wecker?
Dat nieft Frontalier, Asti an Franséich beim Bäcker?
Duerch d’Klo kriss du deng Fress an d’Press, mee et geet em Bagatellen.
Wolls Opfer sinn, häss net geduecht, d’Geriicht géif sech hannert dech stellen.
D’Geriicht kuckt net op Inhalt, erkennt net d’Situatioun.
D’Geriicht mengt net dass d’Konscht fräi ass, net bei enger öffentlecher Persoun.
Sou schloe si nach virun dir de Rechtsstaat auseneen.
Iwwer Parquet, Police a Geriicht, kann all Verfassungsfeind sech freeёn.

Féck de Parquet – mir si fir Laminat.
Knupp de Staat – Konsens virausgesat.
Mee de Keup, dee solls du net fécken.
Well mat Sex, soll ee keng Nazien beglécken.

De Keup ass kee Kallef, dat sinn sympatesch Déieren.
De Keup ass keen Idiot, Idiote kéint ee nach beléieren
De Keup ass keng Rat, well Rate si sozial
De Keup ass xenophob, vu gёscht a rietsnational

De Staat muss d’Kritik schützen an zwar all eenzelt Lidd
Well eis soss ee System nom Fascho-Modell blitt.
D’Lidd geet géint Riets, egal wéi schlecht gemeet.
A wann et iech em d’Wierder geet, da kuckt mol wat de Keup iech seet.
Massenimmigratioun, Bevölkerungsexplosioun
ADR-Chauvinismus a rassistesch Traditioun.
Keen eenzelnen gett hei beleidegt, mee alleguerten d’Leit
Héiflech gett dee brongen Dréck, op Menschen hei geheit.

Dir hudd lo réischt ageschalt? Kee Probleem, mir rappen iech d’Zesummefaassung.

Sex ass eppes Schéines, mee de Parquet mécht net mat.
Dem Tun säin Affekotsbüro huet (zu) a Panama eng Boite
Bei Wahlen land d’politesch Mett vum Keup bei 8 Prozent
A Stress kritt deen zu Letzebuerg dee sech géint Riets bekennt.

Féck de Parquet – mir si fir Laminat.
Knupp de Staat – Konsens virausgesat.
Mee de Keup, dee solls du net fécken.
Well mat Sex, soll ee keng Nazien beglécken.

Féck de Parquet – mir si fir Laminat
Lief gesond – Iess all Dag Spinat.
Wiel déi Gréng – déi maachen ee Spagat
Fro ee Flick – Pardon mir hunn eis verschwat.

Sou, voila, dat wor et vun eis,
mir hoffen et hudd iech gefall an wann net,
verklot eis einfach, schéngt jo hei normal ze sinn.


Hannergrёnn

Den Muséker Tun Tonnar hat kuerz virun de Parlamentswahlen am Oktober 2018 ee Lidd mam Titel “FCK LXB” publizéiert. D’Lidd bezitt sech op den Rietsrutsch vun der lёtzebuerger Politik. De Kontext ass ё.a. d’Wahlbündnis vum Fred Keup senger friemefeindlecher “Nee2015”-Gruppéierung mat der ADR.

2017: “Féck de Grand Duc” als Virleefer zur aktueller Diskussioun

D’Lidd wor awer och eng Referenz op d’Diskussiounen ronderёm e Statement vu Jonk Lénk, déi um Nationalfeierdag 2017 dem “Vive de Grand Duc, Vive Lёtzebuerg” een “Féck de Grand Duc, Féck Lёtzebuerg” entgéint gesat haten.

D’Paralellen sinn erstaunlech, schonns deemols wor et de Fred Keup deen sech als éischtes zu Wuert gemellt hat. Iwwert seng FB-Säit “Nee2015” huet hien d’Ausso “Féck de Grand Duc” als “extrem an diffamatoresch” bezeechent an Konsequenzen gefuerdert. Säin Zil huet en deemols och schonn ereecht – an den Diskussiounen deemols goufe Meenungsfräiheet an vulgär Ausdrocksformen vu ville Leit als Géigesäz behandelt.

Verschidde Politiker*innen a Pressorganer hu sech op d’Säit vum Fred Keup geschloen an den “respektlosen” Sproochgebrauch veruerdeelt. RTL.lu wor direkt op den Zuch opgesprongen an huet deemols de Message vum Fred Keup ongefiltert iwwerholl. An enger spéiderer Versioun vum Artikel ass dann den Message vum Fred Keup verschwonnen an den Mars di Bartolomeo gouf fir eng Reaktioun virun de Mikro gezunn. Den deemolegen Chamberspräsident huet matgespillt, huet vun enger Ennerscheedung tёscht Meenungsfräiheet a Beleidegung geschwat – wollt déi roud Kaart weisen.

Den Mars di Bartolomeo 2017 zur Ausso “Féck de Grand Duc” (Quell: RTL)

Juristesch Konsequenzen gouf et deemols keng an aner Presseorganer hunn ёnnerstrach, dass d’Aussoen vun Jonk Lénk duerch d’Meenungsfräiheet geschützt wieren (Beispill: “Liberté d’expression” am Jeudi, 29.06.2017). De Fall huet awer gewisen dass de Grondprinzip vun der Meenungsfräiheet net just vu Riets, mee och aus der sougenannter “Mёtt” vun der Gesellschaft a Fro gestallt gёtt.

2019: “Féck de Keup”

Elo also d’Widderhuelung vun der Geschicht, dёs Kéier viru Geriicht. Virun den Europawahlen huet de Fred Keup d’Chance genotzt fir mat senger Plainte eng Polemik lasszetrёppelen. Hien setzt dobäi net just op d’Onverständnis vun eeleren Generatiounen vis-a-vis vun engem Musék-Genre, mee well bewosst och den Numm “Tonnar” attackéiere an géint weider Menschen ausdeelen, déi fir ee oppent Lёtzebuerg stinn. Op der Säit vum “Nee2015” gёtt dem Mars di Bartolomeo seng Ausso vun 2017 zitéiert an net de Fred Keup, mee “De Staat” (de Parquet) als déijéinegen duergestallt, deen géint den Tun Tonnar virgeet.

An dat stёmmt och. De Parquet huet d’Police mat der Enquete beoptragt, d’Police huet den Tun Tonnar virgelueden an schlussendlech ass et skandaléiserweis zum Geriichtsprozess komm. An deem Geriichtsprozess gouf de Fred Keup vum Affekot Alex Penning vertrueden, deen och Generalsekretär vum ADR ass. Hien huet et gepackt den Prozess selwer zu enger Diskussioun iwwert Manéieren an iwwer néideg Qualifikatiounen fir sech Kёnschtler nennen ze dierfen ze maachen. D’Stёmmung an der Press an an der Politik wor dёs Kéier allerdéngs eng aner – wuel grad och well dem Fred Keup vis-a-vis hei keng “politesch Extremist*innen” stoungen, mee de Jong vun engem prominenten Muséker.

Statement vu R22 zum Prozessoptakt géint den Tun Tonnar (opklappen)
De Museker Turnup Tun steet viru Geriicht, an dat wéinst de Lyrics vu sengem Lidd “FCK LXB”.

Dass de Fred Keup an de Joe Thein Plainten deposéieren ass verständlech, si maache just hire Job. Als frustréiert vëlkesch Hobbypolitiker wënschen si sech eben dass entartet Konscht nees vun engem Volleksgeriichtshaff verbuede gëtt. Dass si dëse Wonsch public maachen hëlleft eis ze verstoe wat um Spill steet, wa mëll Rietsextremer un d’Muecht komme géifen.

Mee dass dës Plainten zougelooss ginn ass net okay. D’Justiz huet schonn ier dass et zu engem Prozess kënnt d’Méiglechkeet Konschtschafender ze schützen an sou Plainten ze klasséieren – dat ass hei net geschitt. E Prozess ass keng Formalitéit, mee een éischte Schrëtt Konscht ze kriminaliséieren.

Den 08. Mee 2019 koum dann de Fräisproch vum Geriicht. Juristesch dierft de Fall domat kloer sinn, allerdéngs stellt sech d’Fro wéi wäit d’Meenungsfräiheet als Grondrecht an der lёtzebuerger Gesellschaft verankert ass – wann ee Chamberspräsident, déi meeschtfrequentéiertsten Medien an och de Parquet se an sou Fäll a Fro stellen. Fir eis ass kloer, dass et eben net déi etabléiert Institutiounen sinn, déi eis virum vu riets gewënschten Ennergruewen vun de Grondrechter schütze wäerten.


Pressespiggel

Le procès qui crée l’inquiétude (Le Jeudi [PAYWALL], 02.05.2019)
#Freeturnup: Klibber eis Fred! (WOXX, 09.05.2019)
De Fräisproch wor logesch (100komma7, 13.05.2019)
J’irai cracher sur vos tombes (Land, 17.05.2019)