Zanter Mäerz 2016 huet Richtung22, zesummen mat der politescher Jugendorganisatioun Jonk Lénk, der Studéierendenorganisatioun UNEL an der Gewerkschaftsjugend OGBL-Jeunes eng Sendung mam Titel “Ënnert dem Pavé” um RadioARA. All Freiden send um 16:00 Auer een aanere Grupp.

Revolutiouns-Podcast

Iwwer 4 Joerzéngte gëtt Lëtzebuerg elo schonns vun deem däischteren Onrechts-Regime beherrscht. D’Land befënnt sech komplett an den Hänn vun der Bankomatokratie an all Organismen am Land sinn hier ënnerworf. Nieft der Marionetten-Regierung, an der Gläichschaltung vun de Mënschen am Land ass och d’Kulturpolitik eent vun de Symptomer vun der ekonomescher Gewaltherrschaft.

Richtung22 wäert all Mount mat engem neie Plang probéieren d’Schreckensherrschaft vun der Bankomatokratie zu Lëtzebuerg zerstéieren.


Den Etienne klaut de Mound (Oktober 2016)

Richtung22 liquidéiert de lëtzebuerger Militär-Stellit an den Etienne Schneider klaut de Mound!
Ons Schreckensherrschaft gëtt dës Kéier endgülteg gestierzt: Mat engem waasserdichte Plang wäerten ons d’Terrorist*innen d’Bankomatokratie am Weltraum zerstéieren. Dëst klengt vläicht verwirrend mee ass duerchaus logesch, den nächste Terrain vum Kapitalismus ass de Weltraum.

Stéchwuert Space-Mining, en Thema bei dem och ëffentlech Medien an hirem verhaassten “Postfakteschen Zäitalter” ukomm sinn.

Déi ganz Sendung lauschteren (60min.):

Download


Stuerm op RTL (September 2016)

D’Revolutioun kënnt elo definitiv, mat engem neien, waasserdichte Plang. D’Wuerzel vun allem Iwwel konnt nämlech endlech duerch intensiv Recherche an Investigatioun fonnt ginn: RTL. Erlieft mat, wéi eis Agentinnen RTL belageren an déi professionell Terrormanager*inne stierzen.

Déi ganz Sendung lauschteren (60min.):

Download


E gudde Putsch (Juli 2016)

Sidd beim éischte Militärputsch zu Lëtzebuerg dobäi, a lauschtert no, wa mir kodéiert Messagen fir iech entschlësselen. Och nees dobäi: den DJ JC Hollerich an een bekannten Investigativjournalist. An Éieren gefalen ass dëse Mount: d’Josée Hansen.

Déi ganz Sendung lauschteren (60min.):

Download


Däischter Kulturpolitik (Juni 2016)

Protzbauten als Denkmäler, Parasite-Konscht an den Institutiounen an allgemeng Jugendfeindlechkeet bestëmmen d’Kulturlandschaft. Richtung22 ass an den Ënnergrond gaangen a schafft un der Befreiung vum Land. Mir probéieren d’Herrschaft vun Kreativwirtschaft ze zerstéieren.

Déi ganz Sendung lauschteren (60min.):

Download


Et gëtt naass (Mee 2016)

Nieft der Marionetten-Regierung, an der Gläichschaltung vun de Mënschen am Land ass d’absolut Kontoll iwert d’Natur eent vun de Symptomer vun der Gewaltherrschaft. Richtung22 ass Ënnert de Pavé gaangen a schafft un der Befreiung vum Land. Mir probéieren d’Herrschaft vum Beton ze briechen.

Déi ganz Sendung lauschteren (60min.):

Download