Eis Fraen ennerdrécken? Eise Privileg.

Reaktioun op d’Diskussiounen ronderem d’Sylvesternuecht zu Köln

Positiv iwwerrascht hu mer iwwert déi lescht Deeg festgestallt, wéi vill Leit (an haaptsächlech Männer) sech zwar schonn ëmmer fir d’Gewalt géint Fraen a Sexismus interesséiert hunn, et bis elo awer nach ni sou richteg weise konnten.

Dës vill Nei-Feminist*inne gesinn hier Missioun haaptsächlech doran, eise Besëtz ( = europäesch Fraen) géint degeneréiert an onmënschlech Ënnerrassen …. ehm, Moslemen ze verdeedegen. Datt dobäi net méi den ursprénglechen Problem (nämlech déi vill Aspekter vu Gewalt géint Fraen an eiser Gesellschaft), mä d’Hetz géint Leit mat arabeschem Ausgesinn [1] am Virdergrond steet, ass ee Kollateralschued, mat deem mer wuel liewe mussen.

Sexualiséiert Gewalt géint Fraen ass een europäesche Privileg, dee mer eis net vun anere forthuele loossen[2]. D’Subtilitéite vun der Fraenennerdréckung duerch eis eege Reliounen an d’Errongenschaft, Frae net just als Sklavinne mä och als Konsumprodukt gesinn ze däerfen, si stolz Traditiounen, fir deenen hier Erhalung a Festegung mer all Dag mat vollem Asaatz antrieden.

Mir freeën eis jiddefalls iwwert är Ënnerstëtzung, wa R22 an deene nächste Wochen a Méint Campagnen géint Fraenënnerdréckung an Alldagssexismus zu Lëtzebuerg maache wäert.


[1] Luxemburger Wort, Tageblatt, RTL Lëtzebuerg: Erënnert dir iech vläicht nach un de Saz aus dem blöden Dokument do, ehm “Pressekodex” oder wéi dat heescht. “La presse n’indique les origines raciales, religieuses nationales ou ethniques d’une personne que lorsque cette information est indispensable pour comprendre les faits ou lorsqu’il y a un lien direct avec l’information.” – Mä vläit wor jo fir iech net “Gewalt géint Fraen” d’Thema vun dëse Virfäll… mä wat dann?
[2] An eis Leeschtung ka sech weise loossen: 38 % vun de Fraen zu Lëtzebuerg sinn zanter hierem 15. Liewensjoer Affer vu kierperlecher an/ oder sexueller Gewalt ginn. (2012, FRA – Agentur fir Grondrechter vun der Europäescher Unioun)

eis_fraen_01