De Giele Geescht

Laang gouf zu Lëtzebuerg behaapt, et géifen “hei keng Rietsextremer ginn”. Mir wieren déi tolerantesten a weltoppensten Natioun, déi ee sech virstelle kéint. Et gëtt Zäit opzehalen sech eppes virzemaachen a sech eppes virmaachen ze loossen.

Mir sinn 2020 an de Fred Keup wäert den Gaston Gibéryen deemnäechst an der Chamber ersetzen. Domat gëtt deen laangen Wandel ofgeschloss, deen aus der ADR eng rietsextrem Partei gemaach huet. Bei all Kräizung un déi d’ADR an hierer Geschicht koum ass se no riets ofgebéit. Riets Hardliner wéi den Roy Reding, Fernand Kartheiser an de Fred Keup sinn dobäi komm – an gemässegt Kräft hunn der ADR de Réck zougedréint.

Wat déi Rietsextreem onbedingt verhënnere wëllen, ass dass een si och ëffentlech rietsextreem nennt. Wann dat konsequent gemaach gëtt féiert dat dozou, dass sech déi breed Bevëlkerung bewosst gi wäert, mat weem si et hei ze dinn huet. Dëse Video ass ee Bäitrag dozou.


Klick “CC” fir d’Ënnertitel (LU, EN, FR) z’aktivéieren.


Text vum Lidd (opklappen)

De Giele Geescht

Mir si frou, dass et hei keng Rietsextremer ginn.
Nom Krich wor dee Sproch den offizielle Spin.
Jude-Géigner, Nazien huet hei kee gesinn.
D’Gielemänn… Ahjo. Bon dat hat sech sou erginn.
Mee d’Kolaborateuren hu mir all higeriicht
8 Stéck am Bësch erschoss dunn wor eist d’Häerz méi liicht.
De Recht vum Land
wor Widderstand.

E Land befreit vu Rietsen, et wor eng Sensatioun.
Well riets ass weder Kapital nach Kierch an och net d’Kroun
D’Sonn huet geschéngt och op Giesen an Albaner
Rassisten, Chauvinisten? Dat sinn dach just déi aner
Bei eis duerften Auslänner och rof an d’Minne krauchen
fir botzen, baken, bauen sinn si gutt ze gebrauchen
Kloer: well mir sinn tolerant
Brav hu mir eis zur EU bekannt.

Eng Partei gouf gegrënnt, e Trupp komesch Stëppler.
D’Iddi an den 80ger koum vum Gast Gibéryen.
“Méi héich Renten” Wéi kléngt dat léiwe Wieler?
Zum Gléck si mir keng Rietser mir si Gieler
D’Renten woren ofgehakt d’Partei nach existent
Optrëtt Fernand Kartheiser net riets, mee konsequent.
Fir seng frustréiert Männer-Band
Läit d’Chance hei am Marienland.

En Feindbild gouf fonnt: d’Fraen alleguer
D’Verweiblechung vun eiser Sprooch domat geet et lo duer!
D’Kontroll vun de Kleeder, d’Kontroll vum Uterus
Ass dat scho riets oder einfach Sexismus?
Intern gouf gestridden, de Fern hätt iwwerdriwwen
d’Boot goung séier ënner mee d’Rate si gebliwwen.
Ouni Henckes, Jaerling, Miranda, Lukas a Colombera:
Traditionalistesch an déi nei Ära.

Géint Fraen, géint Jonker, géint e schwule Känguru
Och d’Hetz géint Geflüchteter ass net méi Tabu
Am Kampf ëm Europa setze si op d’Natioun,
schaffen mat Faschisten an der EKR Fraktioun.
“Extrem si mir net mir stinn de Bierger no”
Giel Faarw gëtt ausgetosch géint rout a wäiss a blo
Um Schluss ass just de Gast nach am Wee
Da kënnt de Gielemann vum xenophoben “Nee”.

Um Netz gëtt agitéiert de Fred deelt d’Fakelen aus
Seng Säz bitte net riets verstoen “Geheit d’Fransouse raus.
Eist Land gëtt ofgeschaf eis chrëschtlesch Welt getest:
Eng Mëschung tëschent Sarazin a Breivik-Manifest
D’Geschicht déi schreift hien ëm
A gëtt dem Haass eng Stëmm
Nenns du et rietsextrem wäert dech de Keup verkloen
Well hien ass wéi de Voldemort du däerfs sain Numm net soen.

Mir si lo 2020 an hu glécklech festgestallt
D’Virwerf géint den ADR déi hu guer kee Gehalt
Am Ausland ginn et Nazien bei eis kee Potential
De Lëtzebuerger Bierger loosse Rietser einfach kal
Eis Schoul déi segregéiert eis Police ass rassistesch
Aarmut trëfft hei d’Auslänner mee dee Fazit ass net richteg.
Mat rietsen Tendenzen gëtt et kee Problem,
Wa mir sinn Här a Meeschter bei eis doheem.

Dat si falsch Fakten
déi einfach do gesot ginn
Well…
D’ass guer net wouer.


Hannergrёnn

Dëse Video hu mir um Dag vum Appellprozess géint de Muséker Tun Tonnar verëffentlecht, deen ë.a. vum Fred Keup wéinst Beleidegung ugeklot gouf. Schockéierend ass un deem Prozess virun allem, wéi sech Parquet a Police op d’Säit vu Rietsextreme stellen an d’Grondrechter mat de Féiss trëppelen.

Richtung22 hat sech um Ufank vun dësem Prozess schonn mat engem Video zu Wuert gemellt. Et geet eis besonnegt dorëms, dass dëse Prozess net zur Plattform fir de Fred Keup gëtt, fir sech ze profiléieren – héi dréit souwuel d’Press wéi d’Zivilgesellschaft eng Verantwortung. Déi ëffentlech Diskussioun muss sech op D’A-Fro-Stellen vu Grondrechter duerch de rietsextremen Politiker Fred Keup an op deem seng Machenschaften konzentréieren.

Op eisen éischte Video hin huet de Fred Keup och eng Plainte géint Richtung22 deposéiert.

Mir hunn mam folgenden Text dozou Stellung bezunn (opklappen)
Plainte vum Fred Keup géint Richtung22

An enger Woch steet den Appellsprozess géint de Museker Tun Tonnar un, deen ë.a. vum Fred Keup ugeklot ginn ass. An deem Prozess geet et ëm Meenungs- a Konschtfräiheet, en huet gewise wéi séier demokratesch Grondrechter, vu Rietsextremen a Fro gestallt ginn.

Dëse Fall steet net eleng do: De Fred Keup huet och géint Richtung22 eng Plainte wéinst engem Museksvideo deposéiert an d’Enquête vun der Police géint 11 vun eise Membere gouf grad ofgeschloss. Grond vun der Plainte: Mir stellen de Fred Keup als friemefeindlech duer a géifen hien domat beleidegen. Och Police a Parquet gesinn hei ee potentielle Crime an Deeler vun hinnen ënnerstëtzen de Fred Keup an enger Mëschung aus Onfäegkeet, Onkenntnis vu grondleeënde Mënscherechter an ideologescher Nähe.

D’Aussicht op Erfolleg vun esou Plainten ass zwar net grouss – se kënnen hiert Zil awer trotzdeem erreechen andeems se politesch Géigner*innen a frustréierend, erschëpfend an deier Prozesser verwéckelen. Et geet deene rietsextreme Politiker och drëms sech als Affer z’inzenéieren a medial Opmierksamkeet ze kréien. Si setzen op d’Onverständnis vun eelere Generatioune vis-à-vis vu (jonker (an engagéierter)) Konscht. Konstruéiert gëtt insgesamt eng Verschwörungstheorie ronderëm ee Bündnis vun “radikale Kräften” déi “eis Identitéit, Sprooch, Famill, Relioun opléise an ofschafen” wéilten (Fred Keup 27.01.2020). Sou schaffen déi nei Faschist*innen iwwerall an Europa an sou schafft och de Fred Keup, dee geschwënn an d’Chamber noréckele wäert.

Wéi kann verhënnert ginn, dass déi Rietsextrem vun dësem paradoxe Spill mat der Justiz an der Ëffentlechkeet profitéieren? Wéi kann der schläichender Normaliséierung vun deene Rietsextremen an hiren Discoursen och zu Lëtzebuerg entgéintgetruede ginn? Mir sinn der Meenung, dass Momenter wéi d’Diskussioun ronderëm dës Plaintë bewosst genotzt gi mussen, fir Politiker wéi de Fred Keup z’entlarven. Mir sollten eis grad elo drop behaapten, déi treffend Bezeechnunge benotzen ze kënnen, géint déi hie juristesch virgeet. De Fred Keup ass friemefeindlech. An d’ADR ass eng friemefeindlech, chauvinistesch, sexistesch a rietsextrem Gruppéierung, déi mat Faschist*inne kollaboréiert.


Weider Projeten vum Thema

– Eng Wantergeschicht mam Fredeneezer Skreup
“Nazie géife ADR wielen”: eng Analyse vum EU Wahlprogramm vum ADR


Making Of Giele Geescht