Oppene Bréif: Sexismus – Huet RTL et sou néideg?

Oppene Bréif vu Richtung22 un RTL.lu:

Léiwen RTL.lu,

Déi rezent Kommentarer vum Claude Zeimetz a vum Annick Goerens zur Köln-Debatt hunn eis immens gefreet. Allebéid bezéie se kloer Stellung géint Alldagssexismus a sexualiséiert Gewalt – an dat op der meeschtduerchgescrollter Medieplattform am Land. Leider schéngt Dir bei dësem Bäitrag zum Kampf géint Sexismus “an alle Fäll” (‪#‎ausnahmslos‬) Är eege Glafwierdegkeet vergiess ze hunn.

RTL-pin-up_quadrat_01Eis ass a leschter Zäit (sou zanter 2001) d’Rubrik “Pin-up” an d’Ae gesprongen, an dat obschonns mir Är Pop-ups blockéiert hunn. Hei si mir doriwwer informéiert ginn, datt d’Monique “nach ganz schei” ass, d’Alice “näischt ze verstoppen” huet, d’Sara “streng a lackeleg” ass, d’Isabelle e “spëtze Pupes” huet a mir bei den “Summergirls” “sécher an d’Schweesse” komme wäerten. Virgefouert ginn all Mount Fraen, gären am Alter vun 18 bis 20 Joer, déi alleguer dat selwecht Weiblechkeets- a Kierperbild vermëttelen, an tëschent deene seriéise Noriichten dekorativ fir Opmonterung suerge sollen. Dës Duerstellung vu Frae gehéiert Ärer Meenung an dem Numm vun der Kategorie no zum “Life&Style” vun Ärer Clientèle. An all eenzelnem vun de Pin-Up-Biller gi Frae sexualiséiert, objektivéiert an op hire Kierper reduzéiert. Begleet vu sexisteschen Iwwerschrëften, ass hir eenzeg Daseinsberechtegung dem Bléck ze gefalen an dem (männleche) Betruechter sexuell Disponibilitéit ze suggeréieren. Am Kloertext: dir propagéiert eng besonneg reckstänneg Form vu Geschlechterklischeeën an haalt de Leit doheem an op der Aarbecht zu all Moment Fraen als Masturbatiounsvirlag ënner d’Nues. Medial gestäipt, féiert dës Form vu Sexismus, bei där de Frae konsequent mënschlech Eegeschaften oferkannt ginn, dozou, dass dës Vue op Fraen normaliséiert an d’Hemmschwell fir sexualiséiert Gewalt erofgesat gëtt.

En Zeeche géint Sexismus ze setzen, heescht net just, gutt Journalistinne gutt Kommentarer publizéieren ze loossen, mee och sech selwer kritesch ze hannerfroen, vläit souguer op Basis vum Pressekodex. Dowéinst proposéiere mir, dass Dir ärer gesellschaftlecher Verantwortung nokommt an d’Pin-up-Rubrik sou séier wéi méiglech deaktivéiert. Bei dësem Virschlag, dee sécher an Ärem Interessi ass, beloosse mer et fir de Moment. Gären hätte mer dëse Bréif méi witzeg gemaach, z. B. mat Niewebemierkungen iwwert Är komplett diskriminatiounsfräi “Heescherte”-Kampagne, mee mir wollten Iech keng Méiglechkeet ginn, d’Thema Sexismus net eescht ze huelen.

A freedeger Erwaardung op Äer Äntwert,

Richtung22