022 – [Live] Al wäiss Männer? Brauch kee Mënsch.

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
022 - [Live] Al wäiss Männer? Brauch kee Mënsch.
/

Al wäiss Männer mat SchwerterRadiosendung #022 – Mäerz 2018

Eist revolutionärt Recherche-Team huet feststelle mussen, dass d’Land verseucht gouf: An all Eck, an all Bësch an virun allem un der Muecht goufen al wäiss Männer entdeckt. An dëser Episode, déi viru Public um Weltfraenkampfdag an der Abtei Neimënster opgeholl gouf, bekämfe mir d’Epidemie vun ale wäisse Männer.

Rubriken: D’Wourecht vum Cobra7, d’Liggepress an hiere Versuch de Weltfraendag ze boykottéieren, Dräi Experten an eng Fra, dem Gilbert vum 100komma7 säi Muséks-Tipp, PWC-Prophezéiungen an d’Priedegt vum DJ JC. Op der éischter Plaz vun der schwaarzer Lëscht steet de Robert Goebbels.

Special Guests: Déi mega Ministesch Lydia Mutsch


Optrëtt vu Richtung22 um Weltfraenkampfdag