035 – De Lëtzebuerger Klimawandel

Richtung22 um Radio ARA
Richtung22 um Radio ARA
035 - De Lëtzebuerger Klimawandel
/

Richtung22 Radiosendung Juni 2019

Mir hu probéiert de Klimawandel vu Lëtzebuerg aus ze stoppen, mee d’ass leider näischt ginn. Schold sinn ëmmer déi grouss Länner an et ass jo och all Eenzelnen responsabel – wat eiser Regierung déi konfortabel Positioun gëtt näischt ze maachen ausser emouvant Rieden ze halen an sech mat der Youth for Climate Luxembourg photographéieren ze loossen.

De Sendung ass deemno eng eenzeg Luewes-Hymne op eis selwer, dat Land dat fir näischt kann, awer sech fir déi ganz Welt staark mécht. (Aus Imagegrënn net an dëser Sendung mat dran: Tanktourismus, Logistikbranche, Besteierung vu Grousskonzerner, Verkéier/Logement, Militärinvestitiounen, Spacemining, ArcelorMittal avm.)