031 – Néier mat de Paywalls

031 – Néier mat de Paywalls

 
 
00:00 / 55:43
 
1X
 

Radiosendung #031 – Februar 2019

Tear down this Paywall!

Well de Pöbel et net hikritt fir seng Kreditkaartennummer op de Plus-Premium-First-Class Paywall-Säite vun eiser Qualitéitspress anzetippen ass de Journalismus an enger existenzieller Kris.

Lauschtert Trauerried vum Reporter Christoph, d’Paywall-Tipps vum Bëschof JC an d’Analyse vum Revolutiounskommando.

D’Sendung fänkt allerdéngs ee bëssi méi spéit un, well virdrunner nach de Serge Tonnar bei eis am Studio urifft fir sech ze rechtfäerdegen – an dat dauert.


Hannergrënn

Plakat PaywallsAn sengem Kommentar op Reporter.lu “Warum Journalismus etwas kostet” verdeedegt den Christoph Bumb op eng vereinfachten Art-a-Weis d’Noutwennegkeet vu Paywalls op de Säiten vun de Presseorganer zu Lëtzebuerg. Dobäi verbënnt hien d’Kris vun den Print-Editiounen direkt mam Fait, dass dës Zäitungen hier Artikelen fräi zougänglech online gesat hunn (Statistiken vum Tirrage vun der Press an vun den Online-Siten vum CIM). Dëse Kommentar resüméiert d’Usiichten vun enger ganzer Rei vu Journalist*innen an weist op wéi engen Iwwerleeungen d’Opriichten vu Paywalls op Tageblatt.lu, Wort.lu, Jeudi.lu, Reporter.lu etc. baséieren.

Et gëllt dës Aschätzungen ze hannerfroen an dat net just well se net mat Fakten beluecht gi kënnen (Statistiken weisen, dass d’Kris vun de Printmedien schonn éischter asetzt an de Réckgank vum Print net direkt un d’Publikatioun vun deenen eegenen Artikelen gekoppelt gi kann). Paywalls stellen den onméiglechen Versuch duer, d’Zäit zeréckzedréinen an d’Realitéit vun enger neier Zougänglechkeet vun Informatiounen am Internet z’ignoréieren. Schlussendlech entsteet eng Zwee-Klassen-Informatiounsgesellschaft, an der eng Elite Zougrëff op journalistesch Aarbecht huet an déi breet Mass just nach mat Infotainment beschäftegt gëtt (Et géif sech zB. lounen z’ënnersichen wéivill Leit duerch d’Paywalls fort vun de Säiten vun de traditionellen Printmedien an hin zu RTL.lu an Lessentiel.lu gedriwwe goufen).

Den Internet bitt eng grouss Chance fir Journalist*innen falls se bereet sinn hier Aarbecht net als kommerziellen Verkaf vun Texter ze gesinn, mee als Méiglechkeet eng breet Mass u Leit mat Informatiounen a Wëssen ze versuergen an doduerch ëffentlechen Diskussiounen ee bessert Fundament ze ginn. Zäitungen wéi den briteschen “Guardian” an déi däitsch “Taz” weisen, awéifern aaner Zukunftsmodeller méiglech sinn.